Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi vill Betriber baue Geméis un?

D'DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi vill Betriber zu Lëtzebuerg Geméis ubauen a wéi vill dovunner biologesch sinn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler Gusty Graas

Drone bei der Lëtzebuerger Arméi

D'Lëtzebuerger Arméi huet schonn am Mali Drone fir Observatiounen agesat. Elo sollen nach weider Drone kaaft ginn. D'Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dozou e puer Froen un de Verdeedegungsminister gestallt. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Manner Accidenter a Protokoller op Strecke wou fix Radaren stinn?

Knapp fënnef Joer zënter der Installatioun vum éischte fixe Radar, froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty bei den zoustännege Ministeren no, wéi d'Unzuel an d'Gravitéit vun de Vitesse-Iwwerschreidungen op de jeeweilege Plazen evoluéiert huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Carole Hartmann Max Hahn

Wéi eng zousätzlech Busspuere si geplangt?

Wat nëtzen déi nei Expressbuslinne wann de Bus am Stau steet? Fir dës nei Linnen an de Bus generell méi séier a méi attraktiv ze maachen, sinn nei Busspueren néideg. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Pläng vum Ministère an deem Beräich ausgesinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Eng nei Vëlospist op der N5?

Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, dass rezent op der N5 tëscht Dippech a Bartreng Ausmoossaarbechte gemaach gi si fir op där Plaz méiglecherweis eng nei Vëlospist ze schafen. Hien huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, ob dësen dat confirméieren an eventuell weider Detailer ka ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Goufe wéinst der Pandemie méi Fëschschäiner ausgestallt?

An der Wallonie goufen dëst Joer däitlech méi Fëschschäiner ausgestallt wéi aner Joren. Wéinst der Pandemie si vill Leit éischter Aktivitéiten dobaussen nogaangen, wéi z.B. dem Fëschen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi d'Zuelen zu Lëtzebuerg evoluéiert hunn.

News Tribune libre Finanzen Gesellschaft Wirtschaft Eric Thill

Lokal akafen - e grousse Plus fir jiddereen

A senger Tribune Libre um Radio schwätzt den Eric Thill iwwert lokaalt Akafen - besonnesch a Corona-Zäiten. 

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Claude Lamberty Max Hahn

Fonds du Logement: Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus der concernéierter Gemeng?

Den ëffentleche Wunnengsbau konzentréiert sech déi lescht Jore méi staark op d'Locatioun amplaz op d‘Vente. D'Locatioun vu dëse subventionéierte Wunnenge riicht sech u Stéit mat niddregem Akommes. D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ob e Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus der concernéierter Gemeng oder de concernéierten Offices sociauxen eng intressant Piste wier, déi een an Zukunft kéint aschloen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic a Verkéierssécherheet zu Bettenduerf

Nieft dem Trafic zu Bettenduerf, deen ëmmer méi zouhëlt, heefe sech och Virfäll vu riskéierten Iwwerhuelmanöveren, besonnesch op der Streck, wann ee vun Iechternach kënnt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat dogéint ënnerholl gëtt.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Max Hahn

Recrutement interne fir de Kader vun der Police Grand-Ducale

Iwwer déi nächst 3 Joer sollen iwwer 800 Polizisten rekrutéiert ginn. De Rekrutement, ma och d'Formatiounsprozeduren hu geännert. Och den interne Rekrutement vu Staatsbeamten an d'Police gouf als Méiglechkeet an d'Aen gefaast. Gëtt en interne Wiessel an Zukunft méiglech, a fir wien? D'Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Saturatioun vum Marché: Präisexplosioun bei de Kläranlagen

Wéi vill Projeten si betraff? Wéi vill méi deier wäerten se ginn? A wat kann ënnerholl gi fir z'evitéieren dass Gemengen a Syndikater vill méi deier fir déi nei Kläranlage musse bezuelen? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Wéi geet et virun bei der Reduktioun vun der Liichtverschmotzung?

Nodeems den Ëmweltministère virun zwee Joer e Guide rausginn huet fir d'Liichtverschmotzung uechter d'Land ze reduzéieren, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas nogefrot, wéi de Bilan bis elo an deem Beräich ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesundheit und Pflege Gilles Baum Gusty Graas

Sollten an de Schoulen transparent Masken genotzt ginn?

Fir de Sars-CoV-2 anzedämmen, ass et wichteg eng Mask unzedroen. An der Schoul maachen et Masken de Kanner awer méi schwéier eng nei Sprooch ze léieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob transparent Masken an der Schoul eng Léisung wieren. 

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Renovatioun vun Wunnengen déi fréier fir den ëffentlechen Déngscht bestëmmt waren

Säit puer Joer si Wunnengen déi fréier fir den ëffentlechen Déngscht bestëmmt waren, fräi gemaach gi fir néie Logement ze schafen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, wéi vill Logementer de Moment renovéiert ginn an a wéi wäit de Fond de Logement an d'SNHBM bei der Renovatioun vun dëse Gebailechkeete mat abegraff gëtt.

News Arbeit Finanzen Gesellschaft Mittelstand Wirtschaft Carole Hartmann

De Commerce brauch elo méi an net manner Flexibilitéit

„NOS COMMERCES, NOS EMPLOIS – NOTRE AVENIR !“ – dat ass den Titel vun enger rezenter Campagne vun enger Lëtzebuerger Gewerkschaft.

Mam Zil vun der Campagne si mir absolut averstanen! Den Handel ass e wichtegen Deel vun eiser Ekonomie. An déi sëllege kléng, mëttel a grouss Betriber garantéieren zéngdausende Leit hir Aarbecht.