Sie sind hier

Drone bei der Lëtzebuerger Arméi

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler Gusty Graas

D'Lëtzebuerger Arméi huet schonn am Mali Drone fir Observatiounen agesat. Elo sollen nach weider Drone kaaft ginn. D'Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dozou e puer Froen un de Verdeedegungsminister gestallt. 

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d‘Verdeedegung weiderzeleeden:

„D’Lëtzebuerger Arméi huet eng Rei Dronen, fir Observatiounen an Iwwerwaachungen a Krichsgebidder ze maachen. Dës Drone si schonn agesat ginn, besonnesch am Mali.

A Kollaboratioun mat der Lëtzebuerger Arméi soll d’nächst Joer e Formatiounszenter fir d’Fléie vun esou Dronen am Mali installéiert ginn. Dësen Zenter gëtt och vu Lëtzebuerg finanzéiert.   

An de Medie war weider ze liesen, dass nach zousätzlech Drone sollen kaaft ginn.

Dofir wëlle mir folgend Froen un den Här Minister fir d’Verdeedegung stellen:

  • Wéi vill Dronen huet d’Lëtzebuerger Arméi?
  • Kann de Minister confirméieren, dass nach weider Drone fir d’Arméi solle kaaft ginn ?
  • Wa jo, wéi vill a wéi eng Zort vun Drone solle kaf ginn?
  • Gi mat deenen Drone reegelméisseg Formatiounen an Übunge gemaach?
  • Wa jo, op wéi engem Territoire?
  • Wat sinn d’Krisegebidder, wou d‘Lëtzebuerger Arméi mat deenen Dronen aktiv ass?
  • Wéi eng ethesch Prinzippien a Recommandatiounen zitt eis Arméi a Betruecht iert et zum Asaz a Krisegebidder kënnt?
  • Wou sollen dës Dronen an noer Zukunft nach agesat ginn?“

Här President, ech bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Gusty GRAAS an André BAULER
Deputéiert

Réponse de Monsieur le Ministre de la Défense à la question parlementaire n° 3344 du 18 décembre 2020 des honorables Députés André Bauler et Gusty Graas au sujet de « Drones de l'armée luxembourgeoise »

Zanter dem 13. November 2020 setzt d‘Lëtzebuerger Arméi Mikro- a Mini-Observatiounsdronen am Mali an, fir d’Europäesch Trainingsmissioun (EUTM Mali) z’ënnerstëtzen. Dësen Asaz ass bis den 19. Juni 2022 geplangt.

Allerdéngs ass am Géigesaz zu den Aussoen an der Ufro vun den honorablen Deputéierte weder ee Finanzement vu Lëtzebuerg nach eng Kollaboratioun mat der Lëtzebuerger Arméi virgesi fir e Formatiounszenter fir d’Fléie vun Dronen am Mali ze installéieren.

D’Asätz vun der Lëtzebuerger Arméi a Krisegebidder fannen exklusiv am Kader vun enger Missioun ënnert internationalem UNO-, EU- oder NATO-Mandat statt. An de jeeweilege Missiounen definéieren UNO, EU oder NATO “Rules of Engagement” déi sech un d’internationaalt humanitäert Recht a Vëlkerrecht halen an déi d’Lëtzebuerger Arméi beim Asaz vun hiren Observatiounsdronen applizéiert.

D’Lëtzebuerger Arméi huet am Moment 4 verschidden Zorte vu rengen Observatiounsdronen déi weder arméiert nach arméierbar sinn. Et handelt sech em Dronen aus de Klassen Mikrodron mat 1,5 kg, Minidron mat 2 kg respektiv 7 kg esou wéi Medium Taktesch Dron mat 75 kg Gesamtgewiicht.

Am Detail huet d’Arméi

  • an der Klass Mikrodron :
    • 12 Dronen,
  • an der Klass Minidron :
    • 6 Systemer à 3 Drone vun 2 kg an
    • 8 Systemer à 3 Drone vu 7 kg,
  • an der Klass Medium Taktesch Dron:
    • 2 Systemer à 2 Dronen.

Am Kader vun der Erneierung an der Moderniséierung vun hire Kapazitéiten am ISR-Beräich (Intelligence, Surveillance, Reconnaissance) wäert d’Arméi hiren Dronepark weider ausbauen ouni dass scho präzis Pläng bestinn.

D‘Formatiounen an d’Übunge fannen an dofir predefinéierte Loftraim zu Lëtzebuerg, an der Belsch, Holland a Spuenien statt.

 


Gusty Graas

André Bauler