Sie sind hier

Recrutement interne fir de Kader vun der Police Grand-Ducale

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Max Hahn

Iwwer déi nächst 3 Joer sollen iwwer 800 Polizisten rekrutéiert ginn. De Rekrutement, ma och d'Formatiounsprozeduren hu geännert. Och den interne Rekrutement vu Staatsbeamten an d'Police gouf als Méiglechkeet an d'Aen gefaast. Gëtt en interne Wiessel an Zukunft méiglech, a fir wien? D'Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim zoustännege Minister nogefrot.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d'Fonction publique an un den Här Minister fir bannezeg Sécherheet weiderzeleeden:

„Den 28. August 2020, war den Här Francis Lutgen, Personaldirekter bei der Police Grand-Ducale, Gaascht bei RTL Radio Lëtzebuerg.

Am Interview ass hien dorop agaangen, dass iwwer déi nächst 3 Joer sollen iwwer 800 nei Poliziste rekrutéiert ginn. Och iwwer déi nei Formatiounsprozeduren an d’Changementer beim Rekrutement ass geschwat ginn. Esou géif d'Police säit enger Zäit och iwwer de Site Govjobs.lu rekrutéieren.

Op d’Fro hin, ob beim momentane Besoin u Personal net och kéint op Fonctionnairen zeréckgegraff ginn, sot den Här Lutgen dëst wier bis ewell net méiglech gewiescht. Mat den Ännerunge beim Rekrutement, wier dëst allerdéngs eng Optioun, déi ee géing an d’Aen faassen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir d'Fonction publique an dem Här Minister fir bannezeg Sécherheet folgend Froe stellen:

− Gëtt beim Rekrutement vu Polizisten an Zukunft de „recrutement en interne“ aus dem ëffentlechen Déngscht envisagéiert?

− Falls jo, ab wéini a wien aus der Fonction Publique ass dofir eligibel ?

− Falls nee, wisou net? “

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN a Claude LAMBERTY
Deputéiert

Äntwert vum Minister fir d’Fonction publique, Marc Hansen, a vum Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, op d’parlamentaresch Fro n°3271 vun den honorabelen Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty iwwert de Recrutement interne bei der Police Grand-Ducale

Ad 1. :

Prinzipiell applizéiert sech dat Gesetz iwwer den interne Rekrutement (changement d’administration) och op d’Police.

Verschidde Poste vum Zivilkader bei der Police sinn och scho säit längerer Zäit iwwer dee Wee  ausgeschriwwe ginn an et sinn och Leit aus dem Zivilkader an eng aner Verwaltung gewiesselt.

Et ass och scho virkomm, dass Leit aus dem Policekader an eng aner Verwaltung gewiesselt sinn, mee bis elo ass dat nach net fir de Rekrutement vu Poliziste selwer gemaach ginn.

Ad 2. :

No der Rekrutementskampagne vun dësem Joer, wou sech jo ganz vill Kandidate gemellt hunn, wäert d'Police eng Evaluatioun maachen an awer och analyséieren ënnert wéi enge Konditiounen esou ee Changement d'administration beim Rekrutement vun de Poliziste kéint ëmgesat ginn.

Eng vun den Haapterausfuerderungen an deem Kontext betrëfft d'Ausbildung vun deene Beamten. Et muss och iwwerpréift gi wéi dës Beamten an d'Anciennetéitslëscht vun der Police, un där dann och d'Qualitéit vum “agent de Police judiciaire / administrative” (APJ/APA), respektiv “officier de Police judiciaire / administrative”  (OPJ/OPA) drunhänkt, kënnen agegliddert ginn.

 


Max Hahn

Claude Lamberty