Sie sind hier

Fonds du Logement: Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus der concernéierter Gemeng?

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Claude Lamberty Max Hahn

Den ëffentleche Wunnengsbau konzentréiert sech déi lescht Jore méi staark op d'Locatioun amplaz op d‘Vente. D'Locatioun vu dëse subventionéierte Wunnenge riicht sech u Stéit mat niddregem Akommes. D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ob e Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus der concernéierter Gemeng oder de concernéierten Offices sociauxen eng intressant Piste wier, déi een an Zukunft kéint aschloen.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister vum Logement weiderzeleeden:

„Den ëffentleche Wunnengsbau konzentréiert sech déi lescht Jore méi staark op d'Locatioun amplaz op d‘Vente. D'Locatioun vu dëse subventionéierte Wunnenge riicht sech u Stéit mat niddregem Akommes. De Fonds du Logement huet am Beräich vun der Lokatioun déi lescht Joren – an an Zesummenaarbecht mat de Gemengen –  eng Réi Efforte gemaach, fir méi abordabel Lokatiounswunnengen op de Marché ze bréngen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister vum Logement folgend Froe stellen:

  • Deelt den Här Minister eis Aschätzung, datt zousätzlech Efforte néideg sinn, fir d'Akzeptanz vu subventionéierte Lokatiounswunnenge bei de Gemengepolitiker a bei de Bierger ze verbesseren?
  • Ass den Här Minister der Meenung, datt e Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus der concernéierter Gemeng eng Piste ass, déi d'Akzeptanz bei de Bierger ka verbesseren?
  • Wann net, fënnt den Här Minister, datt e Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus de concernéierten Offices sociauxen eng Piste ass, déi d'Akzeptanz bei de Bierger ka verbesseren?
  • Ass den Här Minister eiser Meenung, datt e Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir jonk Bierger aus der concernéierter Gemeng dem Duerf- oder Stadliewen an dëser Gemeng zegutt wäert kommen?

Mat déiwem Respekt.

Max Hahn a Claude Lamberty
Deputéiert

Äntwert vum Här Wunnengsbauminister Henri Kox, op d’parlamentaresch Fro n°3282 vum 10. Dezember 2020 vun den Hären Deputéierten Max HAHN a Claude LAMBERTY zum Thema « activité de location subventionnée du Fonds du logement ».

Déi éierwäerten Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn bemierke ganz richteg, datt d’Prioritéit am ëffentleche Wunnengsbau scho vun der viregter Regierung ob d’Schafe vun abordabele Lokatiounswunnengen orientéiert gouf.

Dëst gouf iwwregens an der rezenter Debatt zum Finanzéierungsgesetz fir de Wunnengsbauprojet Elmen nach eng Kéier vun enger Rei Vertrieder an der Chamber als e wichtege Schratt begréisst. Och dowéinst wäert dës Regierung un där Prioritéit festhalen. Et entsprécht ganz einfach dem Bedarf vun deene Leit, déi Schwieregkeeten hun sech eng bezuelbar Wunneng ze leeschten, an deenen de profitorientéierte private Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg keng Optioune bitt.

Bei menge ville Kontakter um Terrain erliewen ech och reegelméisseg dat grousst Engagement vun responsabele Politiker a Beamten um kommunale Plang, déi sech fir d’Schafe vun abordabelem Wunnraum asetzen. An de leschte Joren huet sech op ville Plazen eng exzellent Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an dem Fonds du Logement oder der SNHBM opgebaut, wouduerch eng Rei nei Projete konnte lancéiert ginn.

Dës Initiative gi vun der Regierung och finanziell ënnerstëtzt mat Subventiounen, déi bis zu 75% vun den Investitiounskäschten ausmaachen. De Projet de Budget pluriannuell, deen nach dëser Deeg an der Chamber zum Vott gestallt an ugeholl gouf, weist och kloer datt d’Regierung an d’Parlament d’Zeeche vun der Zäit erkannt hunn, an déi néideg finanziell Ënnerstëtzung wäerten oprecht erhalen.

Dësen nationalen Effort ass grad an Zäite vun enken ëffentleche Keesen en Zeeche vu Solidaritéit a Wäitsiicht a kann net genuch wärtgeschätzt ginn. Ech kann dofir och kee Feelen vun Akzeptanz fir dës Wunnengsbaupolitik erkennen, weder um kommunalen, nach um nationale Plang.

Wat déi sougenannten « Attributiounskrittären » ugeet, sou schéngt et mir selbstverständlech, datt Wunnengen, déi zu 75% vun nationale Steiergelder finanzéiert ginn, och alle Bierger am Land sollen opstoen, wann si de soziale Krittären entspriechen. Nëmmen esou kënne mer de Bierger am Land glafwierdeg maachen, datt d’Stäerkung vun der sozialer Kohesioun keen eidelt Verspriechen ass, mee eng Realitéit soll si fir all Mënsch deen hei wunnt oder schafft.

Am Moment si meng Servicer am gaang d’Attributiounskrittären ze iwwerschaffen, wéi se haut am sougenannten 98er Reglement virgesi sinn. Et ass geplangt do och eng Rei regionalspezifesch Krittären anzeféieren, esouwäit se sozial- a familljiepolitesch oder landesplaneresch sënnvoll sinn a rechtlech net géint Antidiskriminéierungsreegele verstoussen. Beispillsweis, solle Famille mat Kanner d’Méiglechkeet kréie prioritär fir eng Wunneng ze kandidéieren, déi et de Kanner erlaabt an hirem gewinnte Liewensëmfeld ze bleiwen. Grad esou ass et wichteg, datt mer dem Krittär vun der Aarbechtsplaz eng gewësse Wichtegkeet zougestinn, fir datt d’Leit méiglechst no bei hirer Aarbechtsplaz kenne wunnen an doduerch u Liewensqualitéit gewannen a manner Zäit am Trafic verléieren.

Esoubal dës Krittäre bis iwwerschafft sinn, wäert ech déi der Chamber an de Gemengevertrieder presentéieren.

 


Max Hahn

Claude Lamberty