Sie sind hier

E Sécherheetskonzept fir de ganze Stauséi?

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty André Bauler Max Hahn

D'Corona-Kris huet gewisen, dass d'Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren ëm de Stauséi net ëmmer optimal funktionéiert, besonnesch wat d'Kommunikatioun an d'Koordinatioun vun de verschiddene Mesurë betrëfft. D'DP-Deputéiert André Bauler, Max Hahn a Claude Lamberty hu bei deene betraffe Ministeren nogefrot, inwéifern dës Zesummenaarbecht verbessert soll ginn, ë.a. iwwer d'Schafung vun engem neie Gremium, dat och e Gesamtkonzept fir de Stauséi kéint ausschaffen a punkto Sécherheet, Naturschutz, Offallproblemer etc.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, un de Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Minister fir Landesplanung weiderzeleeden:

« An der Coronakris hu vill Familljen hir Vakanz doheem verbruecht, soudass de Stauséi vun Esch-Sauer de Summer iwwer gutt besicht war. Fir der Sécherheet an de sanitäre Mesuren op de Plage Rechnung kënnen ze droen, hunn déi betraffe Gemenge missen zäitweileg hir Plagen zoumaachen, an d’Leit just per Reservatioun op d’Plage gelooss.

Fir an Zukunft eng besser Gestioun vun de Visiten um Stauséi ze garantéieren, grad ewéi eng Rei weider Problemer, déi zënter Jore bekannt sinn, wéi z.B. net genuch Parkplazen, Littering, wëllt Grillen, wëllt Campéieren asw., an de Grëff ze kréien, brauch et eng koordinéiert a kohärent Approche bei där all déi betraffen Acteuren agebonne ginn.

Sou soll laut eisen Informatiounen z.B. d’Tatsaach, dass net just ee Policekommissariat zoustänneg fir de ganze Stauséi ass, mee zwee, zu Kommunikatiouns- a Koordinatiounsschwieregkeete mat de Gemenge féieren. Effektiv wieren an de läschte Wochen net ëmmer all d’Gemengen iwwer déi verschidden Aktioune vun der Police informéiert gewiescht, an et hätt och keng richteg Ofsprooch ginn iwwer d’Gestioun vun der Situatioun.

Des Weideren ass scho méi laang e sou genannte « Ranger » am Gespréich, eng oder e puer Persounen, déi wärend der Héichsaison op de Plagen ëm de Stauséi d’Leit soll sensibiliséieren, z.B. a punkto Offallproblemer, Brandgefor, Sécherheet asw.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklungn, dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an dem Här Minister fir Landesplanung folgend Froe stellen :

  • Wier et denkbar e Poste wéi den uewegenannte « Ranger » ze schafen, deen d’Visiteure sensibiliséiert an de Respekt vum Naturschutz garantéiert ?
  • Well de Moment onkloer ass, wien alles responsabel ass, wann et ëm de Schutz vum Stauséi geet, wier et net pertinent fir e Gremium ze schafen, deen ë.a. Vertrieder vun de Gemengen, der Police, dem Waasserwirtschaftsamt an der Natur- a Forstverwaltung ëmfaasst, fir dësen Aufgabeberäich besser ze koordinéieren?
  • Wier et net méi wéi sënnvoll fir de Summer iwwer, tëscht Mee a September, ee Stauséi-Polizeikommissariat op d’Been ze setzen, dat an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen fir d’Sécherheet ronderëm de Séi suergt an och e koherent Sécherheetskonzept entwéckelt a reegelméisseg iwwerschafft?
  • Ass geplangt, e Management-Plang vun de Visitten um ganze Stauséi a senge verschiddenen Dimensiounen (Parking, Offall, Sécherheet, sanitär Mesuren, asw.) fir dat nächst Joer op d’Been ze stellen? »

 

Mat déiwem Respekt,

                      

                André BAULER                          Max HAHN                Claude LAMBERTY

                   Deputéierten                            Deputéierten                 Deputéierten

Äntwert vun der Ministesch fir Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, vum Minister fir bannenzeg Sécherheet a vum Minister fir Landesplanung op d’parlamentaresch Fro n°2751 vum 2. September 2020 vun den éirewäerten Deputéierten d’Häre Max Hahn, André Bauler a Claude Lamberty iwwer d’Gestioun vum Tourismus um Stau

1.         Wier et denkbar e Poste wéi den uewegenannte “Ranger” ze schafen, deen d’Visiteure sensibiliséiert an de Respekt vum Naturschutz garantéiert?

Laut dem geännerte Gesetz vum 10. August 1993 iwwert d’Naturparken an dem geännerte groussherzogleche Reglement vum 6. Abrëll 1999 iwwert d’Grënnung vum Naturpark Öewersauer, huet de Naturpark Öewersauer ënner anerem als Missioun d’Promotioun vum Tourismus an de Schutz vum natierleche Liewensraum, vun der Flora a vun der Fauna.

Fir dës Missiounen ëmzesetzen, a fir d’Bierger zum Thema Waasserschutz ze sensibiliséieren, ass den 2. Mäerz 2012 d’Flosspartnerschaft Öewersauer (Partenariat de cours d’eau Haute-Sûre) gegrënnt ginn. D’Flosspartnerschaft, esou wéi et am Artikel 55 vum Waassergesetz vum 19. Dezember 2008 definéiert ass, ass een Instrument fir d’Leit, déi am Waassersecteur schaffen, d‘Gemengen an d’Ëffentlechkeet z’informéieren an zur Waassergestioun ze sensibiliséieren. Fir d’Sensibiliséierung zum Thema Naturschutz, ass op Basis vum Gesetz vum 3. August 2005, d’Biologesch Statioun Öewersauer gegrënnt ginn. Zil vun der Biologescher Statioun ass et fir um lokale Niveau déi biologesch Diversitéit, souwéi d’Erhalen an d’Restauratioun vum natierleche Liewensraum ze promouvéieren. D’Biologesch Statioun dréit dozou bäi dat d’Ëffentlechkeet sensibiliséiert gëtt fir de Naturschutz. D’Flosspartnerschaft an d’Biologesch Statioun ginn zu engem groussen Deel vum Ëmwelt, Klima a Nohaltegkeetsministère ko-finanzéiert.

Zousätzlech zur Biologescher Statioun ass beim Naturpark Öewersauer en “Animateur Natura2000” agestallt, deen fir d’Ëmsetzung vum Gestiounsplang an de veschiddene Natura2000 Gebitter ronderëm de Stauséi zoustänneg ass. D’Käschten vum “Animateur Natura2000” ginn integral vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung finanzéiert. Fir Koordinatioun vum Moossnameprogramm am zukünftegen Drénkwaasserschutzgebitt ass den Drénkwaassersyndikat SEBES zoustänneg, wou een “Animateur eau potable” agestallt ginn ass. D’Käschten vum “Animateur eau potable” ginn zu 75% vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung an zu 25% vum SEBES iwwerholl.

Déi vun den éirewäerten Deputéierten beschriwwe Missiounen vum „Ranger“ deen d’Visiteure soll op de Naturschutz sensibiliséieren, entspriechen also den aktuelle Missiounen vum Naturpark Uewersauer. Ee “Stauséi-Ranger” kann awer trotzdem sënnvoll sinn. Wëll d’Gestioun vun den Touristen virun allem an der Héischsaison néideg ass, also op maximal 8 bis 10 Weekender am Joer, bleiwt nach ze definéieren wat Missiounen vum „Ranger“ ausserhalb vun der Saison wieren.

2.         Well de Moment onkloer ass, wien alles responsabel ass, wann et ëm de Schutz vum Stauséi geet, wier et net pertinent fir e Gremium ze schafen, deen ë.a. Vertrieder vun de Gemengen, der Police, dem Waasserwirtschaftsamt an der Natur- a Forstverwaltung ëmfaasst, fir dësen Aufgabeberäich besser ze koordinéieren?

Mam Bau vum Barrage zu Esch-Sauer an de 50er Joren, ass de Stauséi entstane fir d'Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg ze sécheren. Nieft der Drénkwaasserversuergung sollt d’Staumauer dräi weider Funktiounen garantéieren: d'Produktioun vun Energie, d‘Héischwaassergestioun duerch d'Regulatioun vun der Sauer erméiglechen a Fräizäitaktivitéiten um a ronderëm den Stauséi schafen.

An Sënn vun deene 4 Funktiounen vum Stauséi sinn och déi verschidde Responsabilitéiten verdeelt.

D’Gestioun vun den Infrastrukturen läit an der Responsabilitéit vun der Stroossebauverwaltung (PCH), déi sech nieft der Staumauer och nach ëm véier kleng Barragen hannert dem Haaptbarrage an zwee Virbarrage (Béiwen a Misärsbréck) këmmert. Laut Artikel 36, Paragraph (5) vum Waassergesetz ass d’PCH als Propriétaire vun dësen Ouvragen och fir den Entretien vun der opgestauter Waasserfläch zoustänneg.

Fir d’Produktioun vun Energie ass d’SOLER zoustänneg. An der Konventioun vum 3. Abrëll 2003 tëschent dem Lëtzebuerger Staat an dem Exploitant vum Waasserkraaftwierk ass ausserdeem festgehalen wéi d’Regulatioun vum Waasserniveau am Stauséi muss sinn. Während de Summerméint (1. Abrëll bis 31. Oktober) dierf de Niveau vun 320m iwwert dem Mieresspigel net iwwerschratt ginn, woubäi de Maximalniveau wärend de Wanterméint (1. November bis 31. Mäerz) bei 317m iwwert dem Mieresspigel läit.

De SEBES ass säit senger Grënnung duerch d’Gesetz vum 31. Juli 1962 Responsabel fir d’Drénkwaasseropbereedung aus dem Stauséi. Als Drénkwaasserversuerger ass de SEBES, konform zum Artikel 44 aus dem Waassergesetz, déi Responsabel Entitéit fir d’Erstellen vun engem „Dossier de délimitation“ am Kader vun der Ausweisung vun Drénkwaasserschutzzonen.

Des weideren ass de SEBES responsabel fir d’Erstellen an d’Ëmsetze vun engem Moossnameprogramm fir de Schutz vun der Drénkwaasserschutzzone, also fir de Stauséi a säin Anzuchsgebitt. Wëll sech vill verschidden Acteuren am Anzuchsgebitt vum Stauséi befannen, soll an dësem Kader, wéi an all aner Drénkwaasserschutzzone uechtert Land, ee Comité d’accompagnement gegrënnt ginn. Hei sollen nieft dem Drénkwaasserversuerger, all concernéiert Acteur aus dem ëffentlechen a private Secteur vertrueden sinn. Déi Acteuren an dësem Gremium soll iwwert déi verschidde Drénkwaasserschutzmoossnamen ronderëm de Stauséi diskutéiert ginn, an ee Moossnameprogramm fir all Beräicher (Landwirtschaft, Tourismus, Urbanismus, Stroossebau, Forstwirtschaft,…) soll ausgeschafft ginn. Laut dem projet de Règlement Grand-Ducal fir d’Ausweisung vu Schutzzonen ëm de Stauséi, deen aktuell beim Staatsrot läit fir vun der héijer Kierperschaft aviséiert ze ginn, muss de Moossnameprogramm bannent zwee Joer no der Akraafttrieden vum Règlement grand-ducal finaliséiert sinn.

Ausserdeem gëtt et och en Comité de pilotage am Kader vun der Emsetzung vum Plan de gestion vum Natura 2000 Gebidd “Vallée Supérieur de la Sûre/ Lac du barrage”.

De Ministère vun der Landesplanung organiséiert demnächst eng Reunioun mat alle betraffene Ministèren an Verwaltungen op der staatlecher Sait an de Stauséigemengen op der anerer Sait fir ee Bilan vun den Aktiounen vun dësem Summer ze maachen an ze kucke wéi mer eis zesumme gutt fir d’Zukunft organiséiren.

3.         Wier et net méi wéi sënnvoll fir de Summer iwwer, tëscht Mee a September, ee Stauséi-Polizeikommissariat op d’Been ze setzen, dat an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen fir d’Sécherheet ronderëm de Séi suergt an och e koherent Sécherheetskonzept entwéckelt a reegelméisseg iwwerschafft?

Ee kohärent Sécherheetskonzept zum Stauséi am Summer wou all déi eenzel Gemengen mat agebonnen ginn, gëtt erstallt a reegelméisseg iwwerschafft vun der Regionaldirektioun Nord. Ufanks nächst Joer wäert och eng Reunioun zu dem Sujet stattfannen wou all déi concernéiert Gemengen invitéiert ginn. An deem Konzept sinn natierlech déi lokal zoustänneg Policeunitéiten mat integréiert, déi zesummen an engem kollektiven Effort eng reegelméisseg a geséchert Presenz um a ronderëm den Stauséi assuréieren. Dat entsprécht der effikasser a ressourcëschounender Methode vun engem “commissariat temporaire”, sou wéi dat an der Police schonns länger existéiert, fir eng garantéiert Präventioun a Proximitéit zu de Bierger ze assuréieren, wann en lokal gréissert mee zäitlech begrenzt Evenement dëst objektiv a sënnvoll verlaangt.

4.         Ass geplangt, e Management-Plang vun de Visitten um ganze Stauséi a senge verschiddenen Dimensiounen (Parking, Offall, Sécherheet, sanitär Mesuren, asw.) fir dat nächst Joer op d’Been ze stellen?

Och dorunner gëtt zesumme geschafft.

 


André Bauler

Max Hahn

Claude Lamberty