Sie sind hier

Villercher als natierlecht Mëttel am Kampf géint den Eichenprozessionsspinner?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Den Eichenprozessionsspinner verbreet sech ëmmer méi zu Lëtzebuerg, ma wat d'Eliminatioun vun dësen Insekte betrëfft, gëtt an der Reegel op mechanesch Verfaren, wéi Verbrennen an Ofsuckelen, gesat fir se futti ze maachen. Allerdéngs ginn et villverspriechend Experimenter am Ausland mat Schiel- a Blomeesen, natierlech Feinde vum Eichenprozessionsspinner. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat net och eng Piste wier, déi zu Lëtzebuerg agesat kéint ginn.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg weiderzeleeden:

« Den Eichenprozessionsspinner verbreet sech ëmmer méi vun engem lokal begrenzten Opkommen zu enger landeswäiter Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet.

An der Reegel gi bei der Bekämpfung vun dëse Raupe spezialiséiert Firmen agesat, déi dës op verschidde mechanesch Manéieren, wéi Verbrennen an Ofsuckelen, wechmaachen.

An Däitschland an an Holland ginn et allerdéngs villverspriechend Versich, bei deene Brutkäste fir Schiel- a Blomeesen an der onmëttelbarer Géigend vu befalene Beem opgehaange ginn. Vu dass dës Villercher déi natierlech Feinde vum Eichenprozessionsspinner sinn, ginn dës sou op natierlech Manéier eliminéiert.

Well dës Method méi Zäit brauch wéi eng mechanesch Eliminatioun, wier u sech dësen Hierscht de richtege Moment sou Brutkästen opzehänken, wa fir dat nächst Joer Resultater sollen erziilt ginn.

Virum Hannergrond, dass aktuell en nationalen Aktiounsplang zum Eichenprozessionsspinner an der Maach ass, wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Sinn der Madamm Ministesch dës Versich bekannt ?
  • Ginn et eventuell änlech Versich hei zu Lëtzebuerg ?
  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass déi beschriwwen Approche zu Lëtzebuerg flächendeckend agesat kéint ginn ?
  • Ass virgesinn dës Method als Recommandatioun fir d’Gemengen an den Aktiounsplang opzehuelen ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN

Député

 

Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung op d‘parlamentaresch Fro n°2763 vum 3. September 2020 vum éirewäerten Deputéierten Här Max Hahn iwwert den Eichenprozessionsspinner

Den Eichenprozessionsspinner verbreet sech ëmmer méi vun engem lokal begrenzten Opkommen zu enger landeswäiter Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet.

An der Reegel gi bei der Bekämpfung vun dëse Raupe spezialiséiert Firmen agesat, déi dës op verschidde mechanesch Manéieren, wéi Verbrennen an Ofsuckelen, wechmaachen.

An Däitschland an an Holland ginn et allerdéngs villverspriechend Versich, bei deene Brutkäste fir Schiel- a Blomeesen an der onmëttelbarer Géigend vu befalene Beem opgehaange ginn. Vu dass dës Villercher déi natierlech Feinde vum Eichenprozessionsspinner sinn, ginn dës sou op natierlech Manéier eliminéiert.

Well dës Method méi Zäit brauch wéi eng mechanesch Eliminatioun, wier u sech dësen Hierscht de richtege Moment sou Brutkästen opzehänken, wa fir dat nächst Joer Resultater sollen erziilt ginn.

Virum Hannergrond, dass aktuell en nationalen Aktiounsplang zum Eichenprozessionsspinner an der Maach ass, wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

1. Sinn der Madamm Ministesch dës Versich bekannt?

Jo, et ass bekannt datt Sangvullen, wéi z.B. d’Schielmees, natierlech Géigner vum Eichenprozessionsspinner sinn. Sangvullen droen dozou bäi den natierlechen Equiliber an engem Bësch ze erhalen. Si bréngen et awer net fäerdeg eng ganz Eichenprozessionsspinner-Populatioun ze eliminéieren. Nistkästercher ophänken ass ëmmer nëmmen als Zousaz zu aner Bekämpfungsmoossnamen ze gesinn.

2. Ginn et eventuell änlech Versich hei zu Lëtzebuerg?

Nee, et gëtt keng Versich bei deenen Sangvullen-Brutkästercher opgehaang ginn fir den Eichenprozessionsspinner anzedämmen. Am Kader vun der normaler Gestioun vun de Bëscher vun der „forêt soumise“ ginn awer op ville Plaze souwisou Brutkästercher opgehaangen.

3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass déi beschriwwen Approche zu Lëtzebuerg flächendeckend agesat kéint ginn?

Wéi schonns gesot, dës Mesure kann ëmmer nëmmen zousätzlech zou anere Mesuren agesat ginn. Et bréngt näischt dës Mesure flächendeckend iwwert dat ganzt Land ze implementéieren.

4. Ass virgesinn dës Method als Recommandatioun fir d’Gemengen an den Aktiounsplang opzehuelen?

Jo, dëst als Zousazmesure zu anere Mesuren.

 


Max Hahn