Sie sind hier

Eng Primm fir d'Batterie vum Elektrovëlo z'ersetzen?

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Mobilität und Verkehr Max Hahn

Amplaz en neie Pedelec ze kafen, wann d'Batterie net méi geet, wier et méi nohalteg, just d'Batterie z'ersetzen. Allerdéngs ass et mam aktuelle Primme-System zum Deel méi intressant, ebe genee direkt en neie Vëlo ze kafen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net sënnvoll wier, och d'Ersetze vun der Batterie z'ënnerstëtzen.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Energie weiderzeleeden:

« Mat der Primm fir de Kaf vun engem neie Vëlo oder Pedelec, déi am Kader vun der nohalteger Relance vun eiser Wirtschaft rezent och nach verduebelt gouf, wëll d’Regierung ëmweltfrëndlech Alternativen an der Mobilitéit fërderen.

Allerdéngs kann duerch dës Primm och e falschen Ureiz entstoen, en neien elektresche Vëlo ze kafen, wa bei deem alen just d’Batterie misst gewiesselt ginn. Effektiv ass et a verschidde Situatioune finanziell méi intressant, direkt e komplett neie Pedelec ze kafen, amplaz nëmmen eng nei Batterie, wann dës net méi funktionnéiert, wat natierlech net am Sënn vun der Ressourceschounung an der Kreeslafwirtschaft ass.

Dowéinst wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Ass et virgesinn, eng zousätzlech Primm ze schafen, wa Leit hir al Vëlosbatterie, déi net méi funktionnéiert, wëllen ersetzen ?
  • Wa jo, wéi géif dës nei Primm ausgesinn ? Fir wéini kéint se agefouert ginn ?
  • Wier et denkbar, eng änlech Primm fir déi futtis Batterie vun engem elektreschen Auto ze wiesselen anzeféieren ?
  • Wat wieren d’Grënn, déi géint sou Primme géife schwätzen ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN

Deputéierten

 

Gemeinsam Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a vum Energieminister op d‘parlamentaresch Fro n°2752 vum 2. September 2020 vum éirewäerten Deputéierten Här Max Hahn iwwert „Prime pour le remplacement d'une batterie d'un pedelec”

D’Primm déi ugangs 2019 agefouert, a rezent am Kader vum Programm “Neistart Lëtzebuerg” fir eng bestëmmten Zäit verduebelt gouf, zielt un éischter Stell dorop hin de Bierger ze encouragéieren fir e neie Vëlo oder Pedelec ze kafen an sech esou méi ëmweltfrëndlech fortzebeweegen. Déi lafend Käschten vum Entretien vum Vëlo oder Pedelec, zu deenen och een eventuellt Ersetzen vun der Batterie gehéiert, si net vun der staatlecher Primm viséiert. Dat selwecht gëllt bei der Primm fir elektresch Autoen.

Et ass kloer datt am Sënn vun der Ressourcëschounung de Vëlo oder Pedelec esou laang wéi méiglech genotzt a bei Bedarf reparéiert soll gin, a Platz e Neien ze kafen. Et sief och nach bemierkt, datt vill Batterien, besonnesch wann se fachgerecht benotzt ginn, eng laang Liewensdauer hunn. Déi meeschten Hiersteller garantéieren och eng Mindestliewensdauer respektiv eng Mindestzuel vun Luedzyklen vun der Batterie.

 


Max Hahn