Sie sind hier

Gëtt d'Primm fir en neie Vëlo oder Pedelec verlängert?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wéinst der Corona-Kris hu vill Leit de Vëlo nei entdeckt, soudass et wéinst der héijer Demande zu Enkpäss an de Butteker komm ass an och nach ëmmer kënnt. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob d'Vëlosprimm verlängert gëtt, fir dass déi Leit déi kee Vëlo kafe konnten, well d'Butteker eidel waren, och vun der Primm profitéiere kënnen.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden:

« D’Coronakris huet dozou gefouert, dass dëst Joer vill Leit de Vëlo nei entdecken, mat der Konsequenz dass et a ville Vëlosbutteker zu Enkpäss komm ass an och nach ëmmer kënnt. Wéinst der héijer Demande kann dofir net jiddereen, dee wëll, en neie Vëlo kafen an vun der Regierung hirer Primm « Clever fueren » profitéieren, déi just bis den 31. Mäerz 2021 geet.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Fro stellen:

  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass et ubruecht wier, d’Primm fir en neie Vëlo oder Pedelec iwwer den 31. Mäerz 2021 eraus weiderzeféieren fir dass jiddereen, dee wëll, vun där Primm profitéiere kann ? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten

 

Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung op d’parlamentaresch Fro n°2798 vum 11. September 2020 vum éirewäerten Deputéierten Här Max Hahn iwwert d’Velosubventiounen

D’Primm fir ee neie Vëlo oder Pedelec huet rezent ee groussen Zousproch kannt. Sou goufen zanter Ufank 2019 méi wéi 23 000 Ufroen fir e Subside gestallt. Zwee Drëttel dovu goufen an de leschte 5 Méint eragereecht.

Encouragéiert duerch dësen Erfolleg, ass d’Regierung gewëllt déi finanziell Bäihëllefen iwwer den 31. Mäerz 2021 eraus weiderzeféieren. Déi aktuell Héicht vum Subside, déi am Kader vum Programm “Neistart Lëtzebuerg” festgeluecht gouf, gëllt fir Vëloen a Pedelecen déi tëschent dem 11. Mee 2020 an dem 31. Mäerz 2021 kaaft ginn (Datum vun der Rechnung gëllt). D’Modalitéite vun der Primm déi sech ab dem 1. Abrëll 2021 applizéieren ginn an de nächsten Méint ausgeschafft.

 


Max Hahn