16/01/2018
Parlamentarische Fragen
Gesundheit und Pflege
Edy Mertens
Gusty Graas
Alexander Krieps
E PET-Scan („Positron Emission Tomography“) ass e Scanner, deen haaptsächlech gebraucht gëtt fir Metastasen ze detektéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et een esou en Apparat.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas, Alexander Krieps an Edy Mertens ënnersträichen an enger parlamentarescher Fro un de Gesondheetsministère an un de Ministère vun der Sécurité Sociale, datt ëmmer méi Leit musse fir esou medezinesch Examen an d’Ausland goen.
Dofir froen d’Deputéiert elo, ob et net opportun wier, fir en zweete PET-Scan hei am Land unzeschafen. Dat wier net vu Muttwëll, well d’Populatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi alt gëtt an doduercher och Kriibskrankheeten zouhuelen, wat al nees dozou féiert, datt esou Examen ëmmer méi dacks néideg sinn.
Mat engem zweete PET-Scan kéint een och laang Waardezäiten aus de Féiss goen, wéi se den Ament bei den IRM-Exame bestinn.