Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler Gusty Graas

Gëtt de Congé politique adaptéiert?

Déi lescht Jore mussen d’Schäffen- a Gemengeréit net nëmme méi, mä och méi komplex Dossieren traitéieren. Am Koalitiounsaccord gouf festgehalen, datt déi aktuell Dispositioune vum Congé politique géifen analyséiert an eventuell adaptéiert ginn. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dëst scho geschitt wier an ob eng Adaptatioun zréckbehale gouf.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn

Telemedezin am Rettungsdéngscht

Och bei de Rettungsdéngschter bidden déi nei Technologië villverspriechend Méiglechkeeten, nach méi effikass ze schaffen an d’Prise en charge vum Patient weider ze verbesseren.

News Europawahlen

Merci!

+1 Sëtz a stäerkste Partei zu Lëtzebuerg!

Parlamentarische Fragen Gemeinden Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Wien entscheet wou nei Pompjeeskasären hikommen ?

Zanter laangem ass geplangt e gemeinsame Centre d’intervention fir d’Gemenge Beetebuerg an Diddeleng ze schafen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wien decidéiert wou nei Kasären hikommen an ob d’Meenung vun de betraffene Gemenge bei deenen Decisiounen net sollte berécksiichtegt ginn.

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Méi eng nohalteg Offallgestioun

Wéi kënne mer de Knascht reduzéieren? A wéi kënne mer déi begrenzt Ressourcen, déi eis zur Verfügung stinn, besser notzen? Ënnert anerem dëse Froe sinn d’Deputéiert den Donneschden an engem Orientéierungs-Débat zum Offall nogaang.

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

Ambitiéis Ziler an der Klimapolitik

Dës Regierung brauch kee vun der Urgence a punkto Klima z’iwwerzeegen. D’Mesuren, déi schonn ëmgesat gi sinn an déi ambitiéis Ziler am Regierungsprogramm schwätzen eng kloer Sprooch, esou den DP-Deputéierte Max Hahn am Kader vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber.

News Außenpolitik Gusty Graas

Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ass gutt a kann nach besser ginn

Eisen Deputéierte Gust Graas ass haut an der Debatt iwwert d’Lëtzebuerger Kooperatioun um Krautmaart intervenéiert. D’DP steet hannert der Entwécklungspolitik vun der Regierung. Et wier awer un der Zäit, fir sech Gedanken iwwert eng Reform vum Kooperatiounsgesetz ze maachen.

Parlamentarische Fragen Bildung

En Internat nieft dem Cliärrwer Lycée: Wou ass den Dossier drun?

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro zu engem méiglechen Internat nieft dem Cliärrwer Lycée huet den zoustännege Minister erkläert, et misst fir d'éischt eng Analyse vun der Unzuel vu Schüler an den nächste Jore gemaach ginn, fir ze kucken, ob och tatsächlech e Besoin fir sou eng Infrastruktur do wier. Aktuell sinn eng 180 Schüler am Cliärrwer Lycée ageschriwwen, an et ass dovun auszegoen, dass dës Zuel an den nächsten zwee Joer op méi wéi 500 klëmmt. Dowéinst hunn ech nach eng Kéier beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit d'Aarbechten am Ministère sinn a bis wéini et virgesinn ass, zu enger Decisioun an deem Dossier ze kommen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum

Ginn d'Wënzer fir de Schued an de Wéngerten entschiedegt?

De Frascht an der Nuecht vum 4. op de 5. Mee huet grousse Schued an de Lëtzebuerger Wéngerten ugeriicht. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet beim zoustännege Minister no, wéi grouss de Schued ass, wéi vill Wënzer géint esou e Schued wéinst Frascht verséchert sinn an ob et eventuell nach eng aner Hëllef vum Staat gëtt fir den Ausfall ze kompenséieren.

News Gesellschaft Eugène Berger

Barrierefräiheet fir Leit mat Behënnerung– och am Internet

D’Inlcusioun och am virtuelle Raum stäerken: D’Chamber huet en Dënschdeg en neit Gesetz zur Accessibilitéit vun den Internetsiten an Appe vun den ëffentlechen Organismen ugeholl.

News Gesundheit und Pflege Justiz und Sicherheit Max Hahn

Méi haart Strofe fir Léit, déi d’Rettungsdéngschter aggresséieren

„Dat ass awer keng Ursaach fir vu Freed an d'Luucht ze sprangen, well et ass traureg, dass mir esou e Gesetz brauchen!“, huet eisen Deputéierte Max Hahn bei den Debatten iwwert dat neit Gesetz um Krautmaart gemengt.

News Europawahlen Außenpolitik Corinne Cahen Charles Goerens

D’DP stellt hiren Europa-Programm vir.

D’Parteipresidentin Corinne Cahen an d’Spëtzekandidate Charles Goerens a Monica Semedo hunn haut de Walprogramm fir de 26. Mee presentéiert.

#dp2019eu #SozialLiberalEuropäesch #Lëscht1

News

50 Joer Femmes Libérales - Gläich politesch Matbestëmmung!

Et war e grousst Fest op der Schéiss, esou wéi et sech gehéiert, fir de 50. Gebuertsdag vun enger Associatioun wéi de Femmes Libérales.

News Europawahlen Zu Gast im Land Bildung Hochschule Verfassung, Institutionen und Demokratie

Eis Europakandidatin Monica Semedo war „Zu Gast“ am „Lëtzebuerger Land"

„Ein dynamisches und innovatives Europa entsteht nur durch den gegenseitigen Austausch von Menschen, die sich zutrauen, ihre Ideen umzusetzen. Dies muss auch als starke und klare Antwort auf die extremen, nationalistischen und populistischen Schwanengesänge verstanden werden, die alles infrage stellen, was Europa ausmacht.“

News Finanzen Pierre Gramegna

Eng responsabel Budgetspolitik fir d’Zukunft vun eisem Land

Am Kader vun de Budgetsdiskussiounen an der Chamber huet de Finanzminister Pierre Gramegna déi gutt Situatioun vun de Staatsfinanzen ënnerstrach. Mam Budget 2019 géif déi viirsichteg Finanzpolitik vun de leschte Jore virugefouert ginn – ouni awer op héich Investissementer an d’Zukunft vum Land ze verzichten.