Sie sind hier

News Medien und ICT Eugène Berger

#digitalChance: d'Digitalisatioun an den Déngscht vum Mënsch stellen

D'Digitaliséierung war e Mëttwoch de Mëtten dat grousst Thema um Krautmaart. An enger Konsultatiounsdebatt hunn d'Deputéiert iwwer d'Chancen an d'Erausfuerderungen diskutéiert, déi mat den digitalen Technologië verbonne sinn. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger huet an deem Kader ënnerstrach, dass déi nei Technologien an éischter Linn am Déngscht vum Mënsch stoe missten – net ëmgedréint.

News Gemeinden Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Max Hahn: „Et ass net normal, dass verschidde Gemengen hir eege Bauterrainen un den Héchstbiddende versteeën!“

Eisen Deputéierte Max Hahn huet dëse Mëttwoch an der Chamber ënnerstrach, dass d'Gemengen an Zukunft sollten eng méi wichteg Roll beim Schafe vu bezuelbarem Wunnraum spillen.

Dofir sollten si wa méiglech hir eege Bauterraine viabiliséieren a se net un den Héchstbiddende verkafen, fir d'Präisser esou net mat an d'Luucht ze dreiwen.

News Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Méi Biolandwirtschaft ass gutt fir d’Ëmwelt

Am Kader vun enger Orientatiounsdebatt an der Chamber huet den DP-Deputéierte Gusty Graas gefuerdert, datt d’Biolandwirtschaft muss nach méi ënnerstëtzt ginn, well hir Produktioun besonnesch schounend mat eisen natierleche Ressourcen ëmgeet. Hien huet awer och betount, datt et zu Lëtzebuerg net em „de gudde Bauer“ oder „de béise Bauer“ géing, ma em de Bauer u sech!

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere André Bauler Gusty Graas

Wat soen d'EU-Memberstaaten zum Fräihandelsaccord tëscht der EU an deene 4 Länner vum "Mercosur"?

No 20 Joer Verhandlunge si sech d’EU an déi 4 Länner vum „Mercosur“ (Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay) den 28. Juni iwwer d’Base vun engem Handelsaccord eens ginn. Wärend déi europäesch Wirtschaft, wéi z.B. Däitschland, sech doriwwer freet, mécht sech déi europäesch Landwirtschaft Suerge wéinst engem evtl. Massenimport aus Länner, an deenen net déi selwecht Reegele gëlle wéi an Europa. Dat betëfft z.B. d’Beräicher vum Sozialen, vum Ëmweltschutz oder vum Déiereschutz. Deemno stellt sech d’Fro, ob deen Handelsaccord vun der europäescher Kommissioun soll ugeholl ginn oder net. An dem Kontext hunn eis Deputéiert Gilles Baum an André Bauler dem Landwirtschaftsminister e puer Froe gestallt.

News Tribune libre Gemeinden Eric Thill

D'Nordstad muss vun de Mënsche matgedroe ginn!

A enger Tribune Libre um Radio befaasst den Eric Thill sech dës Woch mat der Entwécklung an den Erausfuerderunge vun der Nordstad.

De President vun der DP-Norden a Schäffe vu Schieren schwätzt sech a sengem Bäitrag dofir aus, datt d'Mënschen aus de concernéierte Gemenge musse mat an de Entwécklungsprozess vun der Nordstad agebonne ginn an de Projet och matdroen. D'DP steet hannert de Fusiounsgespréicher vun de 5 Gemengen, déi elo ufänken.

News Arbeit Gesellschaft Max Hahn Carole Hartmann

REVIS/Mindestloun: Sozialpolitik, do wou se gebraucht gëtt

An der Chamber sinn dës Woch zwou wichteg Upassunge gemaach ginn, déi de REVIS an de Mindestloun betreffen. D’DP ënnerstëtzt déi Erhéijungen, well se wichteg fir déi sozial Gerechtegkeet sinn a well se och bei deene Mënschen ukommen, déi se am meeschten néideg hunn.

News Gesellschaft Medien und ICT Staat und Öffentlicher Dienst Marc Hansen

Digital Verwaltung: éischt konkret Projete virgestallt

D’Digitaliséierung notzen, fir de Leit d’Liewe méi einfach ze maachen. Ënnert deem Zeechen huet den delegéierten Digitalisatiounsminister Marc Hansen en Dënschdeg déi éischt konkret Projete virgestallt.

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler

En Nopeschfest fir all d'Bierger aus den Nordstadgemengen?

Den Entwécklungspol vun der Nordstad besteet ë.a. aus der Kooperatioun tëscht de 6 Gemengen, déi ëmmer méi verdéift gëtt. Ma et muss och Wäert op déi sozial Kohäsioun tëschent den Awunner geluecht ginn. An deem Kader huet den Deputéierten André Bauler dem zoustännege Minister e puer Froen iwwert d’Organisatioun vu gemeinsamen Eventer an der Nordstad gestallt.

News Gesellschaft André Bauler

André Bauler : D’Nationalarchive brauchen onbedéngt en neit Gebai a méi Personal

„Nieft méi Personal brauchen d’Archiven onbedéngt en zäitgeméisst Gebai an dat néidegt Personal“, dat war de Constat vun eisem Deputéierten André Bauler en Donneschdeg an der Chamber, wou an enger Question élargie iwwer d’Nationalarchive Riets war.

News Medien und ICT Mittelstand Wirtschaft Guy Arendt

Geoblocking: DP-Deputéierte Guy Arendt: „do ass méi dran!“

Haut gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, dat géint de sougenannte Geoblocking gemënzt ass. Den DP-Deputéierte Guy war awer net extra begeeschtert vum Text: „Mäin Enthusiasmus hält sech a Grenzen! Dëst Reglement ass e Bréisseler Kompromëss, deen net wäit genuch geet.”

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Jean-Paul Lickes

D’Roll vun de Gemenge bei der Waasserversuergung

D’Federatioun vun de Gemengeconseillere vun der DP hat gëscht de Jean-Paul Lickes op eng Konferenz iwwert déi kommunal Responsabilitéit beim Waasserschutz a bei der Waassergestioun invitéiert.

News Bildung Gilles Baum Carole Hartmann

Eng attraktiv Beruffsausbildung fir ee staarke Mëttelstand

Qualitéit an Attraktivitéit, dat sinn déi zwee Begrëffer, déi bei den Upassunge vun der Beruffsausbildung am Mëttelpunkt vun de Chamberdebatte stoungen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet dem Plenum de Gesetztext virgestallt.

News Medien und ICT Eugène Berger

Ultra-séieren Internet à la 5G: Eng zukunftsweisend Technologie fir Lëtzebuerg

An enger Debatt an der Chamber huet den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger d’Wichtegkeet vum 5G fir Lëtzebuerg ënnerstrach: Déi nei Technologie wieren dat neit Minettäerz fir eist Land. Si wieren de Grondsteen, fir eise Wuelstand z’erhalen an de Standuert Lëtzebuerg weider z’entwéckelen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus mat Insekten als Déierefudder ?

A Frankräich an Holland ginn Insekte geziicht fir als Fuddermiel un Déiere verfiddert ze ginn. Dëst wier eng reell Alternativ zum Fëschmiel oder Sojamiel. D’DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas hu beim Agrarminister nogefrot ob och zu Lëtzebuerg esou Fuddermiel produzéiert oder verfiddert gëtt a wéi eng Risiken a Limitten dës Fudderaart opweist.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Besser Verkéierssécherheet duerch Timer bei de roude Luuchten?


Rout Luuchte mat Timer hëllefen d'Sécherheet op eise Stroossen ze verbesseren, doduerch dass d'Chauffeure manner gestresst sinn, wann se op gréng waarden. Och fir d'Foussgänger kënnen sou Timere bei den Zebrasträife vu Virdeel sinn an d'Sécherheet verbesseren. Aus deem Grond huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot, ob et och zu Lëtzebuerg geplangt wier, sou Timeren op de Kräizungen z'installéieren.