Sie sind hier

Eng attraktiv Beruffsausbildung fir ee staarke Mëttelstand

News Bildung Gilles Baum Carole Hartmann

D’Formation professionnelle zu Lëtzebuerg, dat sinn iwwer 120 verschidde Formatiounen, an deenen de Moment eng 7 500 Schüler ageschriwwe sinn. D’Beruffsausbildung ass domadder ouni Zweiwel ee wichtege Pilier vun eisem Schoul- a Bildungssystem, mä net nëmmen dat. Och eis Wirtschaft an eis Gesellschaft profitéiere vun enger héichwäerteger berufflecher Formatioun.

"Nëmmen eng fachlech gutt Beruffsausbildung gëtt de Jonken eng reell Chance, sech spéider um Aarbechtsmaart ze behaapten, hir Plaz do ze fannen, hir Passioun zum Beruff ze maachen an sech domat perséinlech z'entfalen an ze verwierklechen. Gläichzäiteg kënne mer de Fortbestand vun eise klengen a mëttleren Entreprise garantéieren", esou de Gesetzrapporter Gilles Baum.

Wichtegst Upassunge vum Gesetz

  • Nieft de Kompetenzen, kënnt och eng chiffréiert Evaluatioun dobäi.
  • D'Schüler an der Beruffsausbildung kréien automatesch d'Recht op een zousätzlecht Joer, fir hir Formatioun fäerdeg ze maachen. Eng zweet Verlängerung ass un den Accord vum Patron a vum Organisme de formation gebonnen.
  • D'Dispositiounen, déi de Contrat d'apprentissage oder d'Stage-Konventioun betreffen, ginn an de Code du Travail iwwerschriwwen.
  • De Gesetzprojet féiert och d'Notioun vum „Projet d'innovation pédagogique“ an der Beruffsausbildung an.

"Et muss zu engem Mentalitéitswiessel kommen!"

Fir d'DP-Deputéiert Carole Hartmann muss et zu engem Mentalitéitswiessel an der Gesellschaft kommen. D'Beruffsausbildung dierft net méi als zweeten oder esouguer als drëtte Formatiounswee duergestallt ginn.

"Mir brauchen hei zu Lëtzebuerg net nëmmen Akademiker an et muss och net all Jonken op d'Uni goen. Fir esou Stigmaten aus de Käpp vun de Leit ze kréien, muss d'Beruffsausbildung als eppes Positives duergestallt ginn, als eng grouss Chance, fir sech op sengem beruffleche Wee kënnen z'entfalen. Do si mir alleguerte gefuerdert!"

Qualitéit an Attraktivitéit sti weider am Virdergrond.

Iwwerdeems huet de Bildungsminister Claude Meisch kloer ze verstoe ginn, datt d'Beruffsausbildung déi nächst Jore weider ugepasst gëtt. Dobäi sollen d'Qualitéit an d'Attraktivitéit vun der Offer am Virdergrond stoen.

Esou wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, wäert zum Beispill en duebelen Diplom agefouert ginn. Domadder kann een dann eng Première an een DAP am nämmlechten Ofschlossjoer maachen. E Jonken, dee sech fir ee Beruff begeeschtert, kann also eng Léier an engem Betrib maachen, ouni sech doduerch de Wee op d‘Uni ze verbauen. Dat bedeit e Plus u Sécherheet an u Flexibilitéit.

D‘Contenue vun de Formatioune wäerten och all op de Leescht geholl ginn, fir ze kucken, ob si nach de Besoinen an de Realitéite vum Terrain entspriechen.

 


Gilles Baum

Carole Hartmann

Claude Meisch