Sie sind hier

News Finanzen André Bauler Eugène Berger Carole Hartmann Pierre Gramegna Gusty Graas

E Budget mat Rekordinvestissementer

Zum Ofschloss vum Joer ass um Krautmaart traditionell iwwert de Staatsbudget vum anere Joer diskutéiert ginn. E Budget, an deem de Ressortminister Pierre Gramegna dräi Haaptziler gesäit: de Klimaschutz, d’Liewensqualitéit vun de Bierger an di héich Investissementer an d’Zukunft vum Land.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Firwat keng Ausnam fir Autoe mat Allrad ?

Et ass bekannt, datt Autoe mat Allrad och bei Schnéi d’Strooss gutt halen an och Koppen eropkommen. Duerch e groussherzoglecht Reglement ass et elo verbueden op 29 Stroossen bei Schnéi an Äis ze fueren! Den DP-Deputéierte Max Hahn freet den zoustännege Minister ob een net kéint eng Ausnam fir Autoe mat Allrad maachen, well dës jo grad equipéiert si fir och bei Schnéi an Äis d’Strooss ze halen. Am Ausland ginn et iwwregens schonn esou Ausnamen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Wéi ass et mat der afrikanescher Schwéngspescht?

D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas froen déi zoustänneg Ministeren no der Evaluatioun vun der afrikanescher Schwéngspescht. Ënner anerem wëllen si wësse wéi vill Wëllschwäin an der Zone blanche getest goufen, wéi vill der geschoss a wéi vill der duerch Fale gefaange goufen. Doniewent froen si sech ob et duerch d'Opriichte vum Zong méi Wëldschued gëtt an op déi concernéiert Juegdpächter kéinten indemniséiert ginn.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Wéi steet et mat der Weiderbildung an der Landwirtschaft?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Landwirtschaftsminister no Detailer iwwert d'Weiderbildung an der Landwirtschaft gefrot.

 

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Gusty Graas

Eng europawäit Registréierung vu rietsextreme Gruppen?

De Conseil vun den europäeschen Inneminister huet am Oktober iwwer d’Menace vum Rietsextremismus an Europa geschwat. Des weideren huet Europol an engem geheime Bericht gewarnt, dass rietsextrem Gruppéierungen Leit vum Militär oder vu Sécherheetsfirmen rekrutéiert. An dësem Kontext huet déi finnesch Presidentschaft vum europäesche Conseil eng europawäit Registréierung vu rietsextreme Gruppe gefuerdert. Dëst stéisst awer net bei all Memberstaat op Zoustëmmung.

An dësem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.

 

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Doktesch-Penurie: E Problem, deen eis alleguerte betrëfft

Eis Deputéiert an Iechternacher Conseillère Carole Hartmann huet sech an hirer Tribune Libre um Radio Gedanken doriwwer gemaach, wéi een de Problem vun der Penurie vun den Dokteren a vu soss Personal am Santessecteur kéint upaken.

News Mobilität und Verkehr Max Hahn

Neit Gesetz: De Reseau vun den Vëlospiste besser un d'Besoinen adaptéieren

Wa méi Leit solle mam Vëlo fueren, da brauche mer e Reseau dee sécher ass, mat Pisten, déi no sinn, an deen d'Leit dohinner bréngt, wou se wëllen. Dat ass d'Ausso vum DP-Deputéierte Max Hahn e Mëttwoch an der Chamber.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Verkéierssécherheet bei de Schoulen

Ëmmer nees héiert ee vun zum Deel chaoteschen a geféierleche Situatioune moies, wann Elteren hir Kanner mam Auto bei d’Schoul oder de Lycée féieren, dat virun allem wärend de Wanterméint. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Minister gedenkt z'ënnerhuele fir d'Verkéierssécherheet virun de Schoulen ze verbesseren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Carole Hartmann

Ee Bachelordiplom an der Infirmerie zu Lëtzebuerg?

Am Géigesaz zu eise Nopeschlänner, bidd Lëtzebuerg kee Bachelordiplom an der Infirmerie un. D'Carole Hartmann an de Gilles Baum hunn zu dësem Sujet Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Carole Hartmann

Sensibiliséierungscampagnen fir Gesondheetsberuffer och a Lëtzebuerg?

Bei all de medizinesche Sevicer besteet de Risiko vun engem Personalmangel an de nächste Joren, esouwuel bei den Dokteren ewéi och bei den Infirmieren. Verschidde Länner hunn Sensibiliséierungscampagnen organiséiert fir Gesondheetspersonal ze rekrutéieren. An dësem Kontext, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann an de Gilles Baum Froen un de Gesondheetsminister gestallt. 

News Finanzen Gemeinden Landesplanung und Wohnen Steuern Max Hahn

En neie Pakt fir méi bezuelbare Wunnraum

En Dënschdeg war um Krautmaart eng Consultatiounsdebatt iwwert de Pacte Logement 2.0, den ab Januar 2021 den éischte Pakt tëscht dem Staat an de Gemenge wäert ofléisen.

News Medien und ICT Xavier Bettel

Xavier Bettel: „Ech stinn zum Filmfong“

An enger Aktualitéitsstonn vun der CSV iwwert de Lëtzebuerger Filmfong hu sech de Premier- a Ressortminister Xavier Bettel an den DP-Fraktiounschef Eugène Berger kloer an däitlech virun den Etablissement public gestallt. Et géif der Oppositioun an der Chamber drëms goen, fir de Filmfong an e schlecht Liicht ze réckelen.

News Tribune libre Landwirtschaft und Weinbau Claude Loutsch

Fir eng Landwirtschaft mat Zukunftsperspektiven

An enger Tribune Libre fir d'DP schwätzt de Claude Loutsch – 1. Schäffe vun der Gemeng Biekerech – dës Woch iwwer eng modern an zukunftsorientéiert Landwirtschaft fir Lëtzebuerg.

Parlamentarische Fragen Finanzen Gilles Baum Gusty Graas

Ginn et tatsächlech Iwwerleeungen d'Boergeld ofzeschafen?

Ëmmer nees komme Spekulatiounen op, dass d'Boergeld iergendwann eng Kéier ofgeschaaft soll ginn. Anscheinend hätt z.B. och déi Europäesch Kommissioun dat an engem Strategie-Pabeier proposéiert. Fir op dës Suerg vu ville Leit ze reagéieren, hunn d'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas beim Finanzminister nogefrot, fir gewuer ze ginn, wat déi europäesch a lëtzebuergesch Positiounen zu dem Sujet sinn.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Staat und Öffentlicher Dienst André Bauler

Wat geschitt mat dem alen Verwaltungsgebai zu Dikrech?

A senger rezenter parlamentarescher Ufro freet den DP-Deputéierten André Bauler, wat mat dem ale Verwaltungsgebai zu Dikrech an der Alex Heck Strooss geschitt. Muss et wierklech ofgerappt ginn oder kéint et net nach fir aner administrativ Zwecker genotzt ginn?