Sie sind hier

News Pim Knaff Gilles Baum

Gilles Baum & Pim Knaff: Changementer an der DP-Fraktioun

Nom Dout vum Eugène Berger ass et zu wichtegen Ännerungen an der DP-Fraktioun komm.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Carole Hartmann

Wéi d'Verkéierssécherheet vun de Camionen verbesseren?

Nom schroen Accident op der A6, bei deem zwee Mënsche gestuerwe sinn, well e Camion an d'Enn vun engem Stau gerannt ass, froen d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn beim zoustännege Minister no, wat ënnerholl ka gi fir d'Verkéierssécherheet vun de Camionen ze verbesseren.

News Gesellschaft Corinne Cahen Max Hahn

D'Lutte géint den Aarmutsrisiko ass eis Prioritéit

Um Krautmaart gouf den Dënschden iwwer den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg debattéiert.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Wéi geet et weider mat der Landwirtschaftskammer?

Am Koalitiounsaccord steet, datt d'Missioune vun der Landwirtschaftskammer solle besser un d'Besoinen vum Secteur ugepasst ginn, besonnesch vun deene vun de jonke Baueren. Doniewent ass scho länger geplangt, datt d'Kammer an de Raum Dikrech/Ettelbréck soll plënneren. Den DP-Deputéierten André Bauler freet bei den zoustännege Ministeren no, wou dës Projeten dru sinn.

News Gilles Baum

Gilles Baum neie Fraktiounspresident

D'DP-Fraktioun huet haut de Moien de Gilles Baum eestëmmeg als hire neie President gewielt.

News Kultur Landesplanung und Wohnen Pim Knaff

32 Milliounen € fir Infrastrukture fir Esch2022

D’Chamber huet en Dënschdeg Reamenagementer un enger Partie Gebaier guttgeheescht, déi an zwee Joer fir d’europäesch Kulturhaaptstad gebraucht ginn.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Precision Farming: Wéi ass et mat den Daten?

Mam sougenannten "precision farming" kënnen d'Bauere méi käschtegënschteg a méi ökologesch produzéieren. Mä wiem gehéieren déi generéiert Daten? Maachen sech d'Baueren ofhängeg vu Firmen? Wat gëtt zu Lëtzebuerg gemaach fir datt d'Baueren de Kontroll an d'Proprietéit vun hiren Date garantéiere kënnen? D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Froen zur Carsharing-Offer Flex vun der CFL

Zanter 2017 gëtt et d'Carsharing-Offer Flex vun der CFL. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst e puer Froe un den zoustännege Minister gestallt, ë.a. wéi d'Flott punkto Motortyp zesummegestallt ass, ob virgesinn ass an Zukunft komplett op emissiounslos Gefierer ëmzeklammen oder nach ob et net sënnvoll wier, d'Carsharing-Offeren och an der Mobilitéits-App unzeweisen.

News Außenpolitik Gusty Graas

Gusty Graas als neie Vizepresident gewielt

Den DP-Deputéierte Gusty Graas ass haut als ee vun de Vizepresidente vun der parlamentarescher Assemblée vum Europarot gewielt ginn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum

Firwat gëtt d'Medikament FLUODONTYL vun der Krankekees net rembourséiert?

Bei Kriibspatienten, déi mat enger Radiotherapie behandelt ginn, kënnen uerg Problemer mat den Zänn optrieden, déi am schlëmmste Fall ee chirurgeschen Agrëff néideg man. Medikamenter, ewéi z.B. de FLUODONTYL, kënne präventiv verschriwwe ginn, fir d'Zänn ze schützen. Dëss Medikamenter ginn awer net vun der Krankekees rembourséiert. Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet dem zoustännege Minister dozou e puer Froë gestallt. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum Max Hahn

Mobilitéit: Führerschäin a Steiertimberen geschwënn digital?

Well Steiertimberen net mat der Post verschéckt dierfe ginn, wann een z.B. Conduite accompagnée wëll maachen, mussen d'Leit extra bei e Büro vum Enregistrement oder vun der SNCA fueren, nëmme fir esou en Timber sichen ze goen. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Max Hahn hunn dowéinst nogefrot, ob et net méiglech wier, eng digital Léisung anzeféieren, fir sou iwwerflësseg Deplacementer z'evitéieren. Donieft wollten se och wëssen, ob et net generell eng Iddi wier, Dokumenter wéi de Führerschäin och digital auszestellen, wéi dat z.B. an Éisträich scho geplangt ass.

News Eugène Berger

Eugène Berger

1960-2020

Den Eugène huet eis verlooss. D’Demokratesch Partei an d‘DP-Fraktioun mat den Deputéierten an de Mataarbechter sinn déif traureg iwwert de Verloscht vun hirem Kolleeg... vun hirem „Chef“.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Nei Spuere fir de Covoiturage?

Op ville Plazen am Ausland ginn extra Spuere fir de Covoiturage geschaf, wéi z.B. tëscht Arel a Sterpenich. Zu Lëtzebuerg ass dat bis lo nëmmen am Kader vum Ausbau vun der A3 virgesinn, dofir wollt den DP-Deputéierte Max Hahn vum zoustännege Minister wëssen, op wéi engen anere Plazen sou Spueren zu Lëtzebuerg méiglech wieren a bis wéini déi kéinten opgoen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Präzisiounen zur "Phantom"-Deponie zu Suessem

Nieft enger grousser illegaler Deponie zu Déifferdeng, an där ë.a. och gëftege Knascht entsuergt soll ginn, géif et net wäit dovunner ewech eng aner Deponie ginn, déi allerdéngs net méi benotzt gëtt. Dat geet aus engem Artikel op Reporter.lu ervir. Aus dëser "Phantom"-Deponie géif awer eng mat Schwéiermetaller belaascht Flëssegkeet an d'Kuer sickeren, wéi Analyse beweise géifen. Aus deem Grond hätten och scho Gemengeresponsabel gefuerdert, dass déi Deponie prioritär misst sanéiert ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob déi Behaaptunge stëmmen, a wa jo, wat si gedenkt z'ënnerhuelen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Illegal Deponie zu Déifferdeng: Wat seet d'Ministesch dozou?

Rezent ass an engem Artikel op Reporter.lu d'Problematik vun enger illegaler Deponie zu Déifferdeng opgeworf ginn, déi éischtens net autoriséiert soll sinn, op där zweetens och héich gëftege Knascht entsuergt soll ginn an aus där drëttens knaschtegt Waasser an d'Kuer soll lafen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, ob dës Behaaptunge stëmme géifen, a wa jo, wat der Ministesch hir Reaktioun dorop wier.