Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gemeinden Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wéi ënnerstëtzt d'Regierung Initiative géint Schottergäert?

Well d'Schottergäert en negativen Impakt op d'Ëmwelt an d'Biodiversitéit hunn, hunn de Mouvement écologique an den Oekozenter Pafendall eng Campagne lancéiert fir d'Leit nach méi zu dësem Thema ze sensibiliséieren. D'Gemeng Beetebuerg huet souguer an hirem Bautereglement reng Schottergäert verbueden a sech och selwer verflicht, an där Hisiicht mam gudde Beispill virzegoen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Innen- an Ëmweltministesch nogefrot, op wéi eng Manéier si sou Initiativen ënnerstëtze wéilten.

News Claude Lamberty Corinne Cahen

Digitalkongress: bass du dobäi?

Et ass eis eng grouss Freed, fir Dech op den éischten digitale Kongress vun der Demokratescher Partei z‘invitéieren.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Carole Hartmann Gusty Graas

Verknaschtung vun der Millebaach

Alt nees eng Kéier ass knaschtegt Waasser vun engem Chantier an eng Baach gelaf, an dësem Fall an d'Millebaach beim Potaschbierg. Dass dat eventuell net fir d'éischt ass, kéinten déi doudeg Beem laanscht d'Waasser suggeréieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob si vun dësem Virfall Bescheed weess, ob schonn eng Enquête géint de Schëllegen an d'Weeër geleet ginn ass, an a wéi ville Fäll an deene leschte Joren de Schëllegen a sou Situatiounen och tatsächlech rausfonnt konnt ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Wéi vill aner Plaze gëtt et, wou knaschtegt Waasser einfach an eng Baach oder e Floss leeft?

Zu Ettelbréck leeft zënter Jore knaschtegt Waasser aus engem Rouer ongekläert an d'Sauer. Elo soll en neit Reewaasserréckhaltebecke geschwë fäerdeg sinn, dat sou Situatiounen an Zukunft verhënnere soll. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn nogefrot, wéini dëse Projet fäerdeg ass an ob et nach aner Plazen am Land ginn, wou einfach sou knaschtegt Waasser an eng Baach oder e Floss lafe gelooss gëtt.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Kaméidi duerch ze haart Motorrieder: Wat gëtt dogéint ënnerholl?

Ëmmer nees si Motosfuerer an eise ländleche Géigende mat friséierte Maschinnen an engem Fuerstil ënnerwee, dass een se kilometerwäit héiert. Dëse Kaméidi stellt eng uerg Belaaschtung fir d'Leit, déi an dëse Géigende wunnen an deem de ganzen Dag, besonnesch Weekends, ausgesat sinn, duer. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei de Ministere fir Ëmwelt, Mobilitéit a Police nogefrot, wat d'Regierung gedenkt an dëser Hisiicht z'ënnerhuelen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Wéivill Capacitéiten hunn d'Spideeler fir den Traitement vu Net-Covid-19-Patienten?

Déi lescht Wochen hunn déi lëtzebuergesch Spideeler Capacitéiten, wéi Better a Personal, fir den Traitement vu Covid-19 Patienten reservéiert. Doduercher hunn Ënnersichungen an Operatiounen vun anere Patienten op ee spéideren Zäitpunkt misse verluet ginn.

Mam Réckgang vun den Infektiounen, stellt sech elo d'Fro no der Prise en Charge vun de Patienten, déi net mam Coronavirus infizéiert goufen. 

An dësem Kontext, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas e puer Froen un d'Gesondheetsministesch gestallt. 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Coronavirus an de Schluechthaiser?

An Däitschland an an den USA heefen sech d'Infektiounen um Coronavirus an de Schluechthaiser. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et och scho Fäll a Lëtzebuerger Schluechthaiser gouf an ob virgesi wier, d'Mataarbechter vun de Schluechthaiser elo prioritär ze testen? 

News Tribune libre Außenpolitik Ausnahmezustand Gesundheit und Pflege

Monica Semedo: Fir en Europa mat engem neie Gesiicht.

Eis Europadeputéiert Monica Semedo mécht an hirer Tribune Libre um Radio en Appell, fir eng europäesch Zukunft mat engem neie Gesiicht ze schafen. Eng Zukunft, déi fir Gesondheet a fir eng Relance vun der Ekonomie suergt. Eng Zukunft, déi muss iwwert de Wee vu méi Nohaltegkeet a vu méi Digitalisatioun goen, fir datt d'Jugend op d'Jobs vu muer preparéiert gëtt.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Kommen nach nei Hëllefen fir d'Landwirtschaft?

D'Landwirtschaft, ënner anerem de Secteur vun de Schwéngsziichter, leit ënner den Auswierkunge vum Coronavirus. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi hinne ka gehollef ginn an ob nach nei Hëllefe wäerte kommen, wéi dëst d'Europäesch Kommissioun kierzlech virgeschloen huet.

News Arbeit Ausnahmezustand Finanzen Gesellschaft Wirtschaft Claude Lamberty Xavier Bettel

Esou packe mir de Wee zeréck an d'Normalitéit!

De Premierminister Xavier Bettel ass mat gudden Nouvelle virun d’Presse getrueden. Déi rezent Entwécklung vun den Infektiounszuelen erlaben der Regierung ee weidere Schrëtt Richtung Normalitéit ze goen. Ab dem nächste Méinden, dem 11. Mee, kënnen d’Independanten an d’Butteker nees hir Dieren opmaachen.

News Außenpolitik Gusty Graas

CETA-Accord: Wann et der europäescher Ekonomie gutt geet, da geet et och eisem Land gutt!

A senger Ried iwwert de CETA-Accord an der Chamber huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nach eemol kloer an däitlech d’Argumenter op den Dësch geluecht, firwat d’DP dat Ofkommes ënnerstëtzt a firwat esou e Vott och wärend der aktueller Kris sollt verabschied ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Nom dréchene Fréijoer: Wéi steet ëm d'Drénkwaasserreserven?

Och dëst Joer war et rëm e ganz dréchent Fréijoer mat wéineg Reen. Vu dass d'Dréchent scho wärend deenen zwee leschte Joren d'Grondwaasserreserven ënner Drock gesat hunn, wollten d'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas vun der Ëmwelt- an Inneministesch wëssen, wéi déi aktuell Reserven ausgesinn, an ob et eventuell néideg wier, d'Bierger lo schonn ze sensibiliséieren, fir méi spuersam mam Waasser ëmzegoen.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Claude Lamberty André Bauler

Misst d'Andeelung a "lieux-dits", Dierfer a Stied eng Kéier aktualiséiert ginn?

Wéi vill "lieux-dits" ginn et zu Lëtzebuerg a wat genee mécht sou ee "lieu-dit" aus? Misst donieft, mat der Entwécklung vu villen Uertschaften iwwer déi lescht Joren, d'Andeelung an Dierfer a Stied net eng Kéier ugepasst ginn? D'DP-Deputéiert André Bauler a Claude Lamberty hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Kriteschen Zoustand vun der N33

Et ass den DP-Deputéierte Gusty Graas a Max Hahn zu Ouere komm, dass d'N33 op der Héicht vum Käler Potto an engem kriteschen Zoustand wier, an dass och net ausgeschloss kéint ginn, dass de Buedem op där Plaz eng Kéier rutscht. Ugesiichts vun de seriöe Konsequenzen, déi sou en Äerdrutsch fir d'Mobilitéit am ganze Käldall mat sech brénge géif, hunn de Gusty Graas an de Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot, ob de Minister sech däers bewosst ass an, wa jo, wat geplangt wier, fir dës Strooss ze stabiliséieren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Carole Hartmann

Perséinlech Schutzausrüstungen fir Dokteren an Zänndokteren

Ab dem 4. Mee, kënnen d'Dokteren an Zänndokteren erëm hir Aktivitéiten ophuelen, mat der Konditioun fir déi néideg perséinlech Schutzausrüstung ze suergen. Bei de Commanden vun dëser Ausrüstung schéngt et awer Schwieregkeeten ze ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an de Claude Lamberty hunn der Gesondheetsministesch dozou eng Fro gestallt.