Sie sind hier

News Tribune libre Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Wann aus Geräisch Kaméidi gëtt: en Aktiounsplang fir méi Liewensqualitéit

A senger Tribune Libre geet den DP-Deputéierte Max Hahn op d'Thematik vum Kaméidi an der Loftverschmotzung an

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

Manner Iwwernuechtungen am Norden

2016 war erëm e Rekordjoer fir de Lëtzebuerger Tourismussecteur. Leider sinn awer d’Iwwernuechtungen an den Ardenne ëm 3,7% erof gaangen. Den Nord-Deputéierten André Bauler freet beim zoustännege Minister no Detailer iwwer déi rezent Statistiken an ob een d’Grënn kennt firwat et am Norde vum Land manner Iwwernuechtunge goufen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Erneierung vun der N10 tëscht Dosbuerg a Marnech

D'N10 tëscht Dosbuerg a Marnech ass a kengem gudden Zoustand a sollt 2016 nei gemaach ginn. Bis elo ass awer nach näischt geschitt. Dofir freet den DP-Deputéierten André Bauler beim Transportminister no, wou hei d’Pläng dru sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Verkéiersberouegung fir Jonglënster?

Nodeems de Contournement vu Jonglënster am September 2015 opgaangen ass, kann een sech elo konkret Gedanken em eng Verkéiersberouegung op der N11 maachen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet beim Transportminister no op hei Pläng bestinn.

News Bildung Claude Meisch

Eng modern a méi kandgerecht Grondschoul

Et gouf ee groussen Interessi um Educatiounsministère sengen 8 Informatiounsversammlungen uechter d'Land. Dir hutt se verpasst? Hei kënnt Dir se nach eng Kéier am Replay kucken!

Parlamentarische Fragen Bildung Sport und Freizeit Claude Lamberty Lex Delles

Däerfen d'Maisons relais de Kanner verbidden un de Sportsaktivitéite vun der LASEP deelzehuelen?

D'LASEP organiséiert reegelméisseg Aktivitéiten fir de Sport an d'Beweegung vun de Kanner ze fërderen. D'DP Deputéiert Lex Delles a Claude Lamberty hunn allerdéngs héieren, datt Kanner aus verschiddenen Maisons relais net kéinten un deenen Aktivitéiten deelhuelen. An hirer parlamentarescher Ufro ginn si der Saach op de Fong.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Europäesch Ofgastester?

Dat Europäescht Parlament mécht sech am Moment Gedanken iwwert eng europäesch Reglementatioun vun den Ofgastester. D'Kontroll vun dësen Tester kéint dann net méi op nationalem Niveau gemaach ginn, mä d'EU kéint sech dësen unhuelen, dat fir méiglech Abusen ze vermeiden. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet no Erklärunge beim Transportminister.

News Verfassung, Institutionen und Demokratie Eugène Berger

Neit Nationalitéitegesetz

D’Chamber huet en Donneschden mat enger grousser Majoritéit dat neit Nationalitéitegesetz ugeholl. Den Eugène Berger, Fraktiounspresident vun der DP, huet a senger Ried ervirgestrach, datt den Zougang zur Lëtzebuerger Nationalitéit och an Zukunft net am Ufank vun engem Prozess, mä éischter den Ofschloss vun enger gelongener Integratioun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Nei Radaren an den Tunnellen?

Am Moment ginn et jo 20 fix Radaren uechtert d'Land. Den Transportminister hat 2014 ugedeit och esou Radaren an den Tunnellen installéieren ze wëllen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet elo no, op dës Iddi nach ëmmer aktuell ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Beliichtung vun Zebrasträifen

Besonnesch beim aktuelle groe Wieder an owes kënnt et ëmmer erëm vir, dass Foussgänger um Zebrasträif ugestouss ginn, dat well d'Autofuerer se net fréi genuch gesinn. Dofir froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim zoustännege Minister no, op een et de Gemengen net nach méi einfach maache sollt andeems een hinne kloer Richtlinnen a Saache Beliichtung mat op de Wee gëtt.

News Außenpolitik Gusty Graas

Immigratiounsgesetz – Upassung vum legislative Kader

Lëtzebuerg wier ouni seng Awanderungsgeschicht net dat modernt Land wat et haut ass. Dofir ass et wichteg, datt sech eis Gesetzer un déi nei Entwécklungen upassen, an dat net nëmmen am Interêt vun eiser Wirtschaft, mee och fir de Leit déi nämmlecht Rechter ze garantéieren.

News Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Vill Vereinfachungen duerch Omnibus-Gesetz

Haut gouf dat laang erwaarten Omnibus-Gesetz gestëmmt. Doduercher goufe Vereinfachungen an 11 Gesetzer ëmgesat an zwee Arrêtéen goufen ofgeschaaft. "De Bierger huet d’Recht op eng Äntwert an engem raisonnabelen Delai", esou den DP-Spriecher Gusty Graas an der Chamber.

News Bildung Lex Delles

De SCRIPT stellt sech nei op

D’Aufgabe vum SCRIPT sinn duerch nei pedagogesch an didaktesch Offere gewuess a méi villfälteg ginn. Den DP Deputéierte Lex Delles huet déi nei Struktur vum SCRIPT an der Chamber virgestallt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Lex Delles

Eng nei Buslinn vu Munneref op de Kierchbierg?

Ab dem 1. Juni 2017 wäert déi aktuell franséisch Buslinn aus der Grenzregioun iwwert Munneref op der Kierchbierg net méi fueren. Dofir freet den DP-Deputéierte Lex Delles beim Transportminister no, ob hei eng nei direkt Buslinn agesat kéint ginn.

News Arbeit André Bauler

Nei Regele géint de sozialen Dumping

D’Chamber huet en Dënschden e Projet de loi gutt geheescht, deen déi sougenannte „Directive Détachement“ ëmsetzt. Den André Bauler luewt déi nei Instrumenter, déi der ITM zur Verfügung gestallt ginn, fir géint de sozialen Dumping virzegoen.