Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum Gusty Graas

Hunn d'Wéngerten ënnert der Hëtzt gelidden?

Hunn d'Drauwen dëst Joer ënnert der Dréchent an den héijen Temperature gelidden? D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot ob et dëst Joer vill Schied duerch Sonnebrand an de Wéngerte gouf?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Wéi steet et ëm d'Bluttreserven zu Lëtzebuerg?

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieen Afloss d'Covid-19-Pandemie op d'Bluttspenden am Land hat a wéi een d'Bluttreserven besser am Bléck behale kéint.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Gilles Baum

Onkloerheete wat Proprietäre vu Paschtoueschhaiser ugeet?

Dem DP-Deputéierte Gilles Baum ass zu Ouere komm dass rezent Gemenge Kontakt mam Kierchefong opgeholl hunn fir Proprietéitsverhältnesser vun de Paschtoueschhaiser ze klären. Wuelwëssend dass Paschtoueschhaiser keng Personne juridique duerstellen huet den Ost-Deputéierte beim zoustännege Minister nogefrot wien Proprietär oder Notztungsberechtegten vun dëse Gebaier ass.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty André Bauler Max Hahn

E Sécherheetskonzept fir de ganze Stauséi?

D'Corona-Kris huet gewisen, dass d'Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren ëm de Stauséi net ëmmer optimal funktionéiert, besonnesch wat d'Kommunikatioun an d'Koordinatioun vun de verschiddene Mesurë betrëfft. D'DP-Deputéiert André Bauler, Max Hahn a Claude Lamberty hu bei deene betraffe Ministeren nogefrot, inwéifern dës Zesummenaarbecht verbessert soll ginn, ë.a. iwwer d'Schafung vun engem neie Gremium, dat och e Gesamtkonzept fir de Stauséi kéint ausschaffen a punkto Sécherheet, Naturschutz, Offallproblemer etc.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Wou ass d'Waasserschutzzonekonzept fir de Stauséi drun?

D'Waasserschutzzonekonzept fir de Stauséi sollt u sech scho fir Enn 2018 a Kraaft trieden. Gläichzäiteg solle véier Baueren aus dem Comité vun der « Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer » (LAKU) ausgetruede sinn, well d'Zesummenaarbecht mat de jeeweilegen Verwaltungen net gutt gewiescht soll sinn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Haarde Brexit: Wéi eng Konsequenzen fir d'Lëtzebuerger Industrie?

De Fall vun engem haarde Brexit suergt europawäit fir vill Kappzerbrieches. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister nogefrot, inwéifern d'lëtzebuerger Industrie op dësen Zenario virbereed ass.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Wandmillen am Süden: Problemer mat der Geneemegungsprozedur?

Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, dass et bei verschiddene vun den 9 Wandmillen déi am Süde vum Land sollen installéiert gi Problemer mat Ëmweltgeneemegunge gouf. An dem Kontext, huet den DP-Deputéiert bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi den aktuelle Stand vun der Geneemegungsprozedur fir all eenzel Wandmillen ass.

 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum Gusty Graas

Wäerten d'Dronen d'Helikopteren iwwert de Wéngerten ersetzen?

Dronen kënnen d'Wéngerte méi zilgenau mat Fungiziden besprëtze wéi en Helikopter, wat dem Mënsch awer och der Natur zegutt kënnt. Dofir hunn d'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas beim Wäibauminister nogefrot, ob d'Sprëtze mat Dronen an Zukunft vum Ministère gefërdert an och finanziell ënnerstëtzt wäert ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Plastik an Diesel verwandelen! Ass dat d'Zukunft?

Eng franséisch Associatioun, déi sech dem Kampf géint de Plastiksoffall verschriwwen huet, soll eng Maschinn erfonnt hunn, déi duerch d'Erhëtze vum Plastik Diesel hierstelle kann. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei der Ëmweltministesch no, ob si dësen neie System kennt an ob si mengt, datt dësen eng viabel Revalorisatioun vum Plastiksoffall duerstelle kéint?

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi ass et aktuell ëm d'Fudderreserve an der Landwirtschaft bestallt?

Déi aktuell Dréchent wierkt sech negativ op eis Landwirtschaft aus. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et aktuell ëm d'Fudderreserve bestallt ass, ob d'Bauere scho mussen un hire Wanterstock goen oder ob se souguer Fudder zoukafe mussen? Well eis Nopeschlänner och vun der Dréchent geplot sinn, stellt sech och d'Fro ob genuch Fudder um Marché ze fanne wäert sinn.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesundheit und Pflege Tourismus Gilles Baum

Firwat ass Lëtzebuerg nach op der Schwäizer Lëscht vun de Risikolänner?

Däitschland huet Lëtzebuerg haut vu senger Lëscht vun de Risikolänner erofgeholl. D’Schwäiz huet seng Lëscht och haut aktualiséiert, mä Lëtzebuerg steet nach ëmmer drop. Dat heescht, datt e Lëtzebuerger, deen an d’Schwäiz wëll, muss an d’Quarantän, esouguer wann en en negativen Test dobäi huet. 

Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet dofir eng drénglech Fro un den Ausseminister gestallt fir gewuer ze ginn, ob dee bei de Schwäizer Autoritéiten intervenéiert ass, fir Lëtzebuerg och do vun der Lëscht vun de Risikogebitter erofzehuelen. De Gilles Baum freet weider, ob nach aner europäesch Länner Areesrestriktioune fir Lëtzebuerger bäibehalen, obwuel d’Zuele vun den Neiinfektiounen hei am Land zanter 2 Wochen erofginn?

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Wirtschaft Gusty Graas

Firwat gouf d'ëffentlech Consultatioun vum Dossier FAGE an d'Summervakanz geluecht?

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet déi zoustänneg Ministere gefrot firwat d'ëffentlech Consultatioun vum Dossier FAGE an d'Summervakanz geluecht gouf? De Gusty Graas freet weider ob et net besser wier wann allgemeng esou Consultatiounen net an der Summerkanz géife stattfanne fir datt méi Bierger den Dossier kënne consultéieren a fir datt d'Gemenge sécher sinn, datt déi betraffe Gemengebeamten och disponibel si fir den Dossier beschtméiglechst ze präparéieren?

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler

Projet Nordstad-Lycée: Wéi verleeft d’Acquisitioun vun de néidegen Terrainen ?

Obwuel d’Regierung schonn Enn 2014 decidéiert hat ee neie Standuert fir de Nordstad-Lycée zu Ierpeldeng op der Sauer unzeleeën, ass de Projet bis haut nach net vill avancéiert. Well den Ukaf vun den néidegen Terrainen sech als extrem schwéier erwisen huet, sinn d’Schüler och am Joer 2020 nach ëmmer op 3 provisoresche Sitten verdeelt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wei eng Terrainen sech de Staat bis ewell ugëeegent huet a wéini d’Konstruktioun vum neie Lycée soll fäerdeg ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Gefor vun engem Accident bei Réckstau um Enn vun der A7: Wéi soll d'Situatioun entschäerft ginn?

Well een um Enn vun der A7 zu Colmer-Bierg net gutt gesäit, wann do e Stau hannert der Kéier ass, besteet de Risiko, dass et zu engem Accident kënnt, besonnesch wann een déi Streck net gutt kennt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, inwéifern virgesinn ass, d'Situatioun ze verbesseren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Porteur vu geféierleche Krankheeten: Ginn et Sandmécken och zu Lëtzebuerg?

Duerch de Klimawandel verbreede sech exotesch Déieren ëmmer méi an nërdlech Géigenden, wéi z.B. d'Sandméck. Allerdéngs kann dëst Insekt, dat ursprénglech aus den Trope kënnt, fir de Mënsch ganz geféierlech Krankheeten iwwerdroen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeschen nogefrot, ob et zu Lëtzebuerg scho Fäll gouf, bei deene Leit duerch sou en Insekt mat enger Tropekrankheet infizéiert goufen.