Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tiere Gusty Graas

E mobile Schluechthaff och zu Lëtzebuerg?

A ville Länner ginn et schonns mobil Schluechthaiser. Den Avantage vun esou Strukturen ass, datt den Transportwee ewech fält an d'Déiere manner ënner Stress leiden. D'Wallonie wëll elo esou eng Unitéit uschafen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Landwirtschaftsminister no wat hie vun esou mobile Schluechthaiser hält an ob et fir Lëtzebuerg sënnvoll wier sech um belsche Projet ze bedeelegen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tiere Gusty Graas

Wéi héich ass de Risiko, datt d'Vullegripp op Lëtzebuerg kënnt?

Kierzlech goufen a Frankräich d'Sécherheetsmesurë géint d'Vullegripp verschäerft. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Landwirtschaftsminister no, wéi héich de Risiko ass, datt d'Vullegripp op Lëtzebuerg kënnt an ob scho Mesurë prett si fir géint de Virus virzegoen?

Parlamentarische Fragen Tiere Gusty Graas

Déieren, déi net géint d'Tollwut geimpft sinn?

Kierzlech huet de Landwirtschaftsministère gewarnt, datt ee keng Déieren, déi net géint d'Tollwut geimpft sinn, adoptéiere soll. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot ëm wat fir Déieren et sech hei géif handelen a wéi vill esou Fäll den Autoritéite bekannt wieren.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Méi en effikasse Recycling vu Plastik?

An engem rezente Reportage huet d'Ëmweltministesch sech retizent gewisen, méi Zorte Plastik an déi blo Tut vu Valorlux z'acceptéieren an éischter op den Ausbau vun de Recyclingszentre verwisen. Allerdéngs si sech d'Experten eens, dass en Ofhuelsystem méi effikass a käschtegënschteg ass wéi e Bréngsystem. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Eng Primm och fir Occasiounsvëloen?

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob et virgesi wier, dass d'Leit an Zukunft och beim Kaf vun engem gebrauchte Vëlo ënner gewësse Konditioune vun enger Primm profitéiere kënnen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Zement an der Péitruss?

Den DP-Deputéierte Gusty Graas wëll a senger Fro un d'Ëmweltministesch weider Informatioune zu enger rezenter Verknaschtung vun der Péitruss an der Stad wëssen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic an der Nordstad: Wat ass den Impakt vum Chantier op der Ettelbrécker Gare?

Wéinst den Aarbechten un der Ettelbrécker Gare schéngt et, dass am Moment vill Autoen a Camionen duerch Wunnvéierel an iwwer Schläichweeër an den Nordstad-Gemenge fueren, fir de Chantier z'ëmgoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob schonn eng Analys gemaach goufe wat den Impakt vum Chantier op den Trafic am Detail ass, a wéi eng Mesurë virgesi si fir d'Situatioun ze berouegen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et mam Contournement vun Housen virun?

Aktuell gëtt am Ministère un engem Gesetzesprojet fir de Contournement vun Housen geschafft. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot wou den Dossier drun ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Wéi oft gëtt d'Medikament TILIDIN hei am Land verschriwwen?

D'Medikament TILIDIN, ee synthetescht Analgetikum, gëtt an Däitschland bei jonke Leit ëmmer méi beléift. Säi Mëssbrauch kann awer süchteg maachen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet sech bei den zoustännege Ministeren ënnert Anerem doriwwer renséignéiert, wéi oft den TILIDIN hei am Land u Jonker verschriwwe gëtt. 

Parlamentarische Fragen Bildung Medien und ICT Gusty Graas

Ee Logiciel fir autonomt Schreiwen: Wat sinn d’Konsequenzen fir eis Schoulen?

Iwwer déi leschte Joren hunn d’Wëssenschaftler grouss Fortschrëtter am Beräich vun der kénschtlecher Intelligenz an dem maschinelle Léieren gemaach. Speziell Computerprogrammer kënnen hautdesdaags eegestänneg Texter schreiwen, déi quasi net méi vun deenen ze ënnerscheeden sinn, déi vu mënschlecher Hand geschriwwe ginn. 

Wat bedeit dëst fir eis Schoulen? Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet beim Educatiounsminister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Gesellschaft Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Max Hahn

Zivil Hochzäiten an Zukunft och ausserhalb vun de Gemengenhaiser?

Net nëmmen an der Pandemie soll et de Mënsche méiglech sinn hiert zivilt Bestietnis ausserhalb vun de Gemengenhaiser ze feieren. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi wäit d'Reform vun dëse Gesetzestexter ausgeschafft ass, a wat fir Changementer ageplangt sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wéi steet et ëm d'Ausweisung vun neie Bauschuttdeponien?

De Mangel u Bauschuttdeponien an alle Regioune vum Land gëtt scho méi laang vum Secteur kritiséiert. Effektiv musse vill Camionen dacks e wäite Wee duerch d'Land fir bei eng Deponie fueren, wat onnéidege Verkéier an Emissioune verursaacht. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi et bei der Ausweisung vun neie Bauschuttdeponië viru geet.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Fonds du Logement: Firwat konnte bestëmmt Terrainen a Gebaier bis elo nach net valoriséiert ginn?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ënnert wat fir enge Critèren de Fonds du Logement Immobilie keeft, a wisou verschidden Terrainen a Gebaier déi viru Joren opkaaft goufen, bis elo nach net valoriséiert goufen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Cattenom a Killwaasser aus der Musel: Wat ass den Impakt vum Klimawandel?

De Lac de Pierre-Percée kompenséiert dat Waasser, dat aus der Musel geholl gëtt fir d'Nuklearzentral vu Cattenom ze killen. Wéinst der Dréchent vun de leschten zwee Joer ass den Niveau vun dësem Séi awer ongewéinlech déif gewiescht, soudass sech d'Fro stellt, wéi sech d'Situatioun am Kader vum Klimawandel an Zukunft wäert entwéckelen a wat den Impakt op d'Musel wäert sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere Max Hahn

Manner doudeg Villercher duerch e speziellen Ustrach vun de Wandrieder?

Fuerscher aus Norwegen hunn an engem Experiment rausfonnt, dass bis zu 70% manner Vullen duerch Wandrieder stierwen, wann een ee Rotorblat anescht usträicht wéi déi aner. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net eng Iddi wier, dëst am Sënn vum Vulleschutz zu Lëtzebuerg flächendeckend anzeféieren.