Sie sind hier

Eng Primm och fir Occasiounsvëloen?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob et virgesi wier, dass d'Leit an Zukunft och beim Kaf vun engem gebrauchte Vëlo ënner gewësse Konditioune vun enger Primm profitéiere kënnen.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden:

« D’Primm « Clever Fueren » ass de Moment op de Kaf vun engem neie Vëlo oder Pedelec beschränkt. Gläichzäiteg wëll d’Regierung am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft an der Ressourceschounung d’Approche Gebrauchsgéigestänn méi dacks ze notze fërderen.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wat ass de Grond, firwat gebrauchte Vëloe bis elo vun der Primm ausgeholl waren ?
  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass et sënnvoll wier, gebrauchte Vëloen ënner verschidde Bedéngungen, wéi zum Beispill dass de Vëlo an engem Buttek kaf gëtt, fir d’Primm zouzeloossen ? »

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn