Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Claude Lamberty Max Hahn

Fonds du Logement: Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus der concernéierter Gemeng?

Den ëffentleche Wunnengsbau konzentréiert sech déi lescht Jore méi staark op d'Locatioun amplaz op d‘Vente. D'Locatioun vu dëse subventionéierte Wunnenge riicht sech u Stéit mat niddregem Akommes. D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ob e Virrecht op subventionéiert Lokatiounswunnenge fir eligibel Bierger aus der concernéierter Gemeng oder de concernéierten Offices sociauxen eng intressant Piste wier, déi een an Zukunft kéint aschloen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic a Verkéierssécherheet zu Bettenduerf

Nieft dem Trafic zu Bettenduerf, deen ëmmer méi zouhëlt, heefe sech och Virfäll vu riskéierten Iwwerhuelmanöveren, besonnesch op der Streck, wann ee vun Iechternach kënnt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat dogéint ënnerholl gëtt.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Max Hahn

Recrutement interne fir de Kader vun der Police Grand-Ducale

Iwwer déi nächst 3 Joer sollen iwwer 800 Polizisten rekrutéiert ginn. De Rekrutement, ma och d'Formatiounsprozeduren hu geännert. Och den interne Rekrutement vu Staatsbeamten an d'Police gouf als Méiglechkeet an d'Aen gefaast. Gëtt en interne Wiessel an Zukunft méiglech, a fir wien? D'Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Saturatioun vum Marché: Präisexplosioun bei de Kläranlagen

Wéi vill Projeten si betraff? Wéi vill méi deier wäerten se ginn? A wat kann ënnerholl gi fir z'evitéieren dass Gemengen a Syndikater vill méi deier fir déi nei Kläranlage musse bezuelen? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Wéi geet et virun bei der Reduktioun vun der Liichtverschmotzung?

Nodeems den Ëmweltministère virun zwee Joer e Guide rausginn huet fir d'Liichtverschmotzung uechter d'Land ze reduzéieren, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas nogefrot, wéi de Bilan bis elo an deem Beräich ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesundheit und Pflege Gilles Baum Gusty Graas

Sollten an de Schoulen transparent Masken genotzt ginn?

Fir de Sars-CoV-2 anzedämmen, ass et wichteg eng Mask unzedroen. An der Schoul maachen et Masken de Kanner awer méi schwéier eng nei Sprooch ze léieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob transparent Masken an der Schoul eng Léisung wieren. 

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Renovatioun vun Wunnengen déi fréier fir den ëffentlechen Déngscht bestëmmt waren

Säit puer Joer si Wunnengen déi fréier fir den ëffentlechen Déngscht bestëmmt waren, fräi gemaach gi fir néie Logement ze schafen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, wéi vill Logementer de Moment renovéiert ginn an a wéi wäit de Fond de Logement an d'SNHBM bei der Renovatioun vun dëse Gebailechkeete mat abegraff gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En Tram fir d'Nordstad?

Wier den Tram eng passend Léisung fir d'Mobilitéit an der Nordstad besser ze geréieren? Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gesellschaft Gusty Graas

Spendegelder an Indien

An Indien ass d’Reglement fir Spenden aus dem Ausland am November geännert ginn. Dëst huet Auswierkungen op d’Aarbecht vu Lëtzebuerger ONGen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Aktuell Informatiounen zum Fonds de compensation (FDC)

Enn September 2017, hat d'Regierung e Pilotprojet virgeluecht, an deem de Fonds de compensation (FDC) encouragéiert gouf, sech d'Avantagë fir d'Schafe vun abordabele Locatiounswunnengen ze engagéieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn an dem Sënn bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi den Avancement vum Projet zu Gréiwemaacher ausgesäit a wat fir eng Montanten zënter Hierscht 2017 vum FDC engagéiert goufen, fir bezuelbar Locatiounswunnengen ze schafen.

 

 

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Max Hahn

100% erneierbar Energien: Wéi gesäit déi national Strategie zur Energiespäicherung aus?

Opgrond vun der Volatilitéit vu Solar- a Wandenergie ass d'Energiespäicherung en zentraalt Element vun der energetescher Transitioun hin zu 100% erneierbarer Energie. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wéi déi lëtzebuergesch Strategie an deem Beräich ausgesäit fir och an Zukunft d'Versuergungssécherheet ze garantéieren.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere Guy Arendt

Firwat ginn d'Klappjuegten elo verbueden?

Den Ëmweltministère consideréiert d'Juegd als "activité récrérative" an verbitt dowéinst d'Klappjuegte bis de 15. Dezember. Den DP-Deputéierte Guy Arendt freet bei der Ministesch no ob wat fir e legislativen Text si sech baséiert fir d'Juegd esou anzestufen. Dem DP-Deputéierten no, wier d'Juegd net explizitt iwwert dat neit Covid-Gesetz ofgedeckt an et misst ee weiderhi kënne Klappjuegten, mat der néideger Distanz an dem Droe vun engem Mask, ofhale kënnen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Kéinten CBD-Produiten an der EU verbuede ginn?

D'Europäesch Kommissioun huet dëse November annoncéiert, datt de Cannabidiol (CBD) als Betäubungsmëttel agestuft kéint ginn. Als Konsequenz wiere Produiten mat natierlechem CBD an der EU domadder verbueden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Wéi vill PAP'en ginn de Moment realiséiert?

D'Plans d’aménagement particulier (PAP) spillen eng wichteg Roll wann et ëm d'Schafe vu Wunnraum geet. Deementspriechend hunn d’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn nogefrot wéi vill PAP'en de Moment realiséiert ginn a mat wéi vill néi gebauten (abordabelen) Wunnengen ze rechnen ass. 

 

Parlamentarische Fragen Bildung Mobilität und Verkehr André Bauler

Ännerungen um Busplang: Problemer beim Schoultransport

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass et am Kader vum neie Busplang zu Schwieregkeete beim Schülertransport wäert kommen, speziell wat d'Linn 545 Heischent-Ettelbréck betrëfft. Tatsächlech kéimen nom neie Plang d'Schüler entweder vill ze fréi oder ze spéit an d'Schoul. Den André Bauler huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot.