Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wéi steet et ëm de Respekt vun der Maskeflicht am ëffentlechen Transport?

Zënter dem Abrëll besteet d'Maskeflicht am ëffentlechen Transport. Den DP-Deputéierte Max Hahn wollt vum zoustännege Minister wëssen, ob de Respekt vun där Reegel kontrolléiert gëtt a wat d'Resultat vun dëse Kontrollen ass.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Wéi steet et ëm d‘Präisstransparenz um Immobiliëmarché ?

Den Ament ass et Usus datt déi meescht Immobilie-Constructeure Präisser affichéieren, déi op Basis vum reduzéierten TVA-Taux vun 3% berechent sinn. Dëst stellt allerdéngs eng Gefor fir de Konsument duer. 2019 haten d’Ministesch fir de Konsumenteschutz an de Minister vum Logement annoncéiert iwwert eng Standardiséierung vun den annoncéierte Wunnengspräisser nozedenken.

D‘DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn an deem Kader nogefrot, wéi eng Konklusiounen bis ewell zréck behal goufen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Ee neie séieren PCR-Test fir Lëtzebuerg?

Ee Start-up aus dem Beräich vun der medezinescher Technologie huet ee neie séieren PCR-Test entwéckelt. Dësen Test kann a Klinicken an a Praxissen agesat ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dësen Test och zu Lëtzebuerg disponibel wäert sinn? 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Déi beonrouegend Situatioun am Passage vum el Guergarat

Marokko huet eng Operatioun am Passage vum el Guergarat lancéiert fir eng fräi Zirkulatioun vu Persounen a Gidder nees ze garantéieren. De "Polisario" a seng Milizen hunn de Grenziwwergang blockéiert an de Waffestëllstand bedreet, deem an der Zone zanter ongeféier 30 Joer besteet. Am deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas dem Bausseminister e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wäert eis Landwirtschaft méi Waasser brauchen?

Waasser ass eng liewenswichteg Ressource, och fir eis Landwirtschaft. No deene ville waarme Summeren hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill d'Landwirtschaft, de Gaardebau an och de Wäibau momentan brauchen an Zukunft brauche wäerten.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Eng Navette tëscht dem Grenzparking Sterpenech an der Klengbettener Gare?

Fir de Beruffstrafic tëscht der Belsch a Lëtzebuerg ze verbesseren hu rezent zwee wallounesch Deputéiert proposéiert eng Busnavette tëscht dem Grenzparking zu Sterpenech an der Klengbettener Gare z'organiséieren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat dësen dovunner hält.

Parlamentarische Fragen Arbeit Carole Hartmann

Besteet aktuell eng juristesch Onsécherheet bei verschidden Entloossungen?

D'Gesetz vum 20. Juni 2020 huet d'Period vu 26 Wochen Kënnegungsschutz bei Aarbechtsonfähegkeet wärend der Zäit vum État de crise ausgesat an den Dispositif modifizéiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Aarbechtsminister elo nogefrot, ob eng juristesch Onsécherheet fir d'Patronen bei Entloossungen, no Oflaf vun de 26 Wochen, entstan ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Wéieng Erausfuerderungen stelle sech beim Covid-19-Impfstoff?

D'Méiglechkeet vun engem wierksame Vaccin géint de Covid-19 gëtt ëmmer méi grouss. Ma et stelle sech nach Froen, ënnert Anerem zu der Lagerung an dem Transport vum Impfstoff. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Carole Hartmann

Wéi steet et ëm den Iechternacher Bypass?

Schonn zënter op mannst 2013 ass e Bypass zu Iechternach virgesinn, fir den Duerchgangsverkéier ëmzeleeden. Laut Koalitiounsaccord hätten d'Aarbechten virun Enn 2020 sollten ufänken. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi de Stand der Dinge an deem Dossier ass a wéini d'Aarbechte sollen ulafen. Donieft wollt hatt och wëssen, wéi wäit en anere Projet fir d'Verkéierssituatioun ëm Iechternach ze berouegen ass: déi nei Busspuer op der N11.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Max Hahn

Gratis Schoulbicher: Wéi vill spuert een Haushalt pro Kand?

Zënter 2 Joer schonn iwwerhëlt de Staat d'Käschten fir d'Schoulbicher vun de Lycéesschüler. Den DP-Deputéierten Claude Lamberty huet beim Bildungsminister nogefrot wéi héich déi finanziell Entlaaschtung fir eis Menagen ass.

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

En neie Standuert fir d'Nationalgalerie?

D'Nationalgalerie soll net wéi geplangt an d'Gebai vun der aler Nationalbibliothéik kommen, ma op Diddeleng an den neie Quartier Neischmelz. An dësem Kader huet den Deputéierten André Bauler der Madamm Kulturministesch e puer Froe gestallt.

Parlamentarische Fragen Arbeit Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Wéieng finanziell Hëllefen fir de Sportsecteur?

Trotz de neie sanitäre Mesuren, déi Enn Oktober agefouert goufen, kann am Sportsecteur kee Chômage partiel ugefrot ginn. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn an dësem Kontext beim Aarbechts- a beim Sportminister nogefrot, ob aner finanziell Hëllefen fir de Sportsecteur virgesi sinn. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Tourismus André Bauler

Weider Informatiounen zur neier Nordstad-Jugendherberg

Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare soll och eng nei Jugendherberg gebaut ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministere nogefrot, fir weider Informatiounen dozou ze kréien.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

SNHBM: Firwat konnte bestëmmt Terrainen a Gebaier bis elo nach net valoriséiert ginn?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ënnert wat fir enge Critèren SNHBM Immobilie keeft, a wisou verschidden Terrainen a Gebaier bis elo nach net valoriséiert goufen.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Mobilität und Verkehr André Bauler

Mobil Radaren am Norde vum Land

Iwwer déi lescht Méint stoungen op zwou Strecken am Norde mobil Radaren, dëst tëscht Méchela an Ierpeldeng-Sauer, souwéi tëscht Ettelbréck a Feelen an tëscht Bidscht a Schumannseck. Eisen Deputéierten André Bauler huet dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet e puer Froen zu deene Radare gestallt.