Sie sind hier

Wou ass d'Waasserschutzzonekonzept fir de Stauséi drun?

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

D'Waasserschutzzonekonzept fir de Stauséi sollt u sech scho fir Enn 2018 a Kraaft trieden. Gläichzäiteg solle véier Baueren aus dem Comité vun der « Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer » (LAKU) ausgetruede sinn, well d'Zesummenaarbecht mat de jeeweilegen Verwaltungen net gutt gewiescht soll sinn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung weiderzeleeden:

« D’Waasserschutzzonekonzept ëm de Stauséi vun Esch-Sauer sollt den 22. Dezember 2018 a Kraaft trieden. D’Baueren aus der Regioun hunn 2015 mat hire Partner, der SEBES an dem Naturpark, eng « Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer » (LAKU) gegrënnt mam gemeinsamen Zil, eng gewässerverträglech Landwirtschaft ze bedreiwen, ouni dobäi wirtschaftlech Nodeeler ze kréien.

An deem Zesummenhang wollte mir folgend Froen un d'Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stellen:

  • Wou ass de Projet vum Règlement Grand-Ducal vum Schutzzonekonzept ëm de Stauséi vun Esch-Sauer de Moment drun?
  • Kënnen d’Madamm Ministesch an den Här Minister bestätegen, datt véier Baueren aus dem Comité vun der LAKU demissionéiert hunn, mam Argument, si hätte kee Gehéier bei de jeeweilegen Administratioune fonnt?
  • Wéi vill Sue sinn iwwer de Waasserfong déi lescht Joren an d'Regioun gefloss fir z.B. landwirtschaftlech Déngschtleeschtungen ze ënnerstëtzen?
  • A leschter Zäit goufe massiv Terrainen an der Stauséiregioun vum Staat opkaaft, déi dann elo u Bauere verlount ginn, déi net aus der direkter Regioun sinn, wärend bestoend Betriber net berécksiichtegt goufen, déi hir Exploitatiounen an den Dierfer um Stau hunn. Kann den Här Minister dëst bestätegen? Wa jo, firwat ass dat sou decidéiert ginn?
  • Verschidden Agrar-Ëmwelt-Klimaprogrammer wéi z.B. den M12-Art.30 si speziell fir Waasserschutzzone virgesinn. Vu wéini un kënnen dës speziell Primmen ausbezuelt ginn?
  • Eng Rei Oplagen an Obligatioune sinn am Waasserschutzzonen-Reglement opgelëscht. Z.B. dierf iwwer d’Wanterméint keng Mëscht méi um Feld stockéiert ginn. Wat fir eng Aiden si virgesinn, fir datt d’Baueren z.B. eng « Mistplatte » mat Sickergrouf baue kënnen?
  • Kann e Bauer dobäi och eng Derogatioun kréien, wann hie keng sou eng Investitioune wëll maachen, well hie vläicht an e puer Joer drun denkt fir seng landwirtschaftlech Aktivitéiten anzestellen? »

 

Mat déiwem Respekt,

                      

                André BAULER                        Gusty GRAAS

                   Deputéierten                            Deputéierten

 

Äntwert vun der Ministesch fir Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung an dem Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung op d’parlamentaresch Fro n°2746 vum 1. September 2020 vun den honorabelen Deputéierten Här André Bauler an Här Gusty Graas iwwert “Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer”

1.         Wou ass de Projet vum Règlement Grand-Ducal vum Schutzzonekonzept ëm de Stauséi vun Esch-Sauer de Moment drun?

No der Consultation du public, déi no de Virschrëften vum Artikel 44 vum Waassergesetz stattfonnt huet, gouf de Projet fir ee groussherzoglecht Reglement de 7. Juni 2019 vum Regierungsrot approuvéiert an ass un de Staatsrot geschéckt ginn fir vun der héijer Kierperschaft aviséiert ze ginn.

2.         Kënnen d’Madamm Ministesch an den Här Minister bestätegen, datt véier Baueren aus dem Comité vun der LAKU demissionéiert hunn, mam Argument, si hätte kee Gehéier bei de jeeweilegen Administratioune fonnt?

D‘Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer (LAKU) ass ee Kooperatiounsaccord tëschent dräi Partner: dem Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre (SEBES), dem Naturpark Uewersauer an de landwirtschaftleche Betriber aus der Uewersauer Regioun. De 27/10/2015 ass de Kooperatiounsaccord zu Esch-Sauer ënnerschriwwe ginn an huet als Zil „eng gewässerverträglech, landwirtschaftlech Flächebenotzung ouni wirtschaftlech Nodeeler ze erreechen“. Während de Generalversammlunge vun der LAKU gi 4 Baueren an de LAKU-Comité gewielt a vertrieden déi aner landwirtschaftlech Betriber. De LAKU-Comité schafft de järleche Moossnameprogramm aus a besteet aus 8 Memberen: 2x SEBES, 2x Naturpark Uewersauer a 4x Baueren.

D‘Kooperatioun ass op regional Initiative entstanen. Souwuel de Landwirtschaftministère (LWM) respektiv seng Verwaltungen an de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Nohaltegkeet (MECDD) an d‘Waasserverwaltung (AGE) sinn net Member vun der LAKU. De Roll vum MECDD an LWM ass et ze décidéieren op fräiwëlleg Moossnamen, déi am Kader vun dëser Kooperatioun gemaach ginn, kennen duerch de Waasserfong (Fonds pour la gestion de l’eau, FGE) oder d’Agrargesetz finanziell ënnerstëtzt ginn. D’Konditioun fir eng Ënnerstëtzung ass datt d’Moossnamen zur Verbesserung vun der Waasserqualitéit bäidroen. Duerch de fräiwëllege Moossnameprogramm sollen d’Bauere fir den Opwand am Sënn vum Waasserschutz entschiedegt ginn, deen iwwer déi obligatoresch Verflichtungen vun der Waasserschutzgesetzgebung erausgeet. Dobäi mussen och finanziell Oplagen respektéiert ginn déi am Kader vun der europäescher Agrarpolitik definéiert sinn. Fir de MECDD ass et wichteg datt d’Sue gerecht verdeelt ginn, esou datt och kleng a mëttel-grouss Betriber um Moossnamenprogramm deelhuele kënnen an all Formen vu nohalteger Bewirtschaftung ënnerstëtzt ginn.

Den 18. August 2020 ass de MECDD souwuel vum Naturpark Uewersauer wéi vum SEBES iwwert d’Demissioun vun de 4 Baueren aus dem LAKU-Comité informéiert ginn. Déi 4 Bauere sinn aus perséinleche Grënn, déi an hierem Schreiwes net weider präziséiert goufen, zréckgetrueden an dës Decisioun gëtt selbstverständlech respektéiert.

3.         Wéi vill Sue sinn iwwer de Waasserfong déi lescht Joren an d'Regioun gefloss fir z.B. landwirtschaftlech Déngschtleeschtungen ze ënnerstëtzen?

Insgesamt zielt d‘LAKU 88 Memberen, déi ronn 4.650 Hektar am Anzuchsgebitt vum Uewersauer Stauséi bewirtschaften. Dëst entsprécht ongeféier 68% vun der landwirtschaftlecher Notzfläch am lëtzebuergeschen Deel vum Anzuchsgebitt.

Käschte fir Moossnamen déi zur Verbesserung vun der Waasserqualitéit bäidroen, kënne finanziell bis zu 75% vum FGE ënnerstëtzt ginn. Dobäi mussen och finanziell Oplagen respektéiert ginn déi am Kader vun der europäescher Agrarpolitik definéiert sinn. D‘Eligibilitéit vun deenen Moossname gëtt duerch de Comité de gestion vum FGE decidéiert. Am Virfeld fannen Ofstëmmungen ënner anerem mat de Vertrieder vun der AGE an der Ackerbauverwaltung (ASTA) statt.

Fir d’Joren 2016-2020 huet den FGE eng staatlech Finanzéierung an Héicht vun 2.651.681 € accordéiert.

4.         A leschter Zäit goufe massiv Terrainen an der Stauséiregioun vum Staat opkaaft, déi dann elo u Bauere verlount ginn, déi net aus der direkter Regioun sinn, wärend bestoend Betriber net berécksiichtegt goufen, déi hir Exploitatiounen an den Dierfer um Stau hunn. Kann den Här Minister dëst bestätegen? Wa jo, firwat ass dat sou decidéiert ginn?

Dëst kann net bestätegt ginn. Och wann Terrainen opkaf goufen, sou gouf nach keen neie Kontrakt gemaach. Déi Gesamtfläch ass also nach ëmmer ënnert Bewirtschaftung vun deene Baueren, déi mat de virechte Propriétaire Kontrakter haten.

5.         Verschidden Agrar-Ëmwelt-Klimaprogrammer wéi z.B. den M12-Art.30 si speziell fir Waasserschutzzone virgesinn. Vu wéini un kënnen dës speziell Primmen ausbezuelt ginn?

D‘Waasserschutzentschiedegung M12 Art. 30 kann eréischt ausbezuelt ginn, wann d’Waasserschutzzon definitiv ausgewisen ass an am Journal Officiel publizéiert gouf. An der Reegel muss d’Waasserschutzgebitt virum 1. November definitiv ausgewise sinn, fir dass d’Primme fir dat folgend Kulturjoer kennen ausbezuelt ginn. All Parzell, déi am ausgewisene Gebitt läit, ass eligibel fir des Primm.

6.         Eng Rei Oplagen an Obligatioune sinn am Waasserschutzzonen-Reglement opgelëscht. Z.B. dierf iwwer d’Wanterméint keng Mëscht méi um Feld stockéiert ginn. Wat fir eng Aiden si virgesinn, fir datt d’Baueren z.B. eng « Mistplatte » mat Sickergrouf baue kënnen?

No der allgemenger Reegel ass e Mëschtekoup um Feld op 2 Vegetatiounsperiode begrenzt. Eng temporär Lagerung um Feld op der selwechter Platz däerf all 5 Joer gemaach ginn.

Fir eng befestegt Mëschtplaz gëllt d’Bedéngung vum Uschloss un eng Zetär. Dat ass eng sougenannte „norme minimale“, déi vun all Betrib muss agehale ginn an déi eng Bedéngung ass fir iwwerhaapt eng Aide fir eng Investitioun ze kréien.

Am aktuellen Agrargesetz ginn d‘Mëschtplazen als immobil Infrastruktur subventionéiert. Den Taux vun der Aide ass fir den haaptberuffleche Betrib 40% a fir den nieweberuffleche Betrib 25%.

D’Agrargesetz gëtt geännert fir ab 2021 virun applikabel ze sinn. Et komme verschidden Ännerungen/Verbesserungen, déi dem Waasserschutz déngen. Et ass virgesinn, dass fir d’Investitioun an eng Mëschtplaz, dat selwecht gëllt fir eng Wäschplaz fir d’Sprëtz, den Taux vun der Aide em 20% gehuewe gëtt. Den Taux vun der Aide wier dann ab 2021 fir den haaptberuffleche Betrib bei 60% (40% + 20%) a fir den nieweberuffleche Betrib bei 45% (25% + 20%). Dës Majoratioun hëlleft de Betriber fir sou Investitiounen am Sënn vum Waasserschutz ze realiséieren.

7.         Kann e Bauer dobäi och eng Derogatioun kréien, wann hie keng sou eng Investitioune wëll maachen, well hie vläicht an e puer Joer drun denkt fir seng landwirtschaftlech Aktivitéiten anzestellen?

D‘Zil vun den Drénkwaasserschutzzonen ronderëm de Stauséi ass et fir de Pollutiounsrisiko ronderëm déi gréissten Drénkwaasserressource vu Lëtzebuerg ze minimiséieren an doduerch eng sécher Drénkwaasserproduktioun ze erméiglechen. Aus dësem Grond gesäit de Projet vum groussherzogleche Reglement verschidde Restriktiounen fir déi eenzel Aktivitéiten am Anzuchsgebitt vum Stauséi vir.

De Projet vum groussherzogleche Reglement gëtt bei verschidde Punkten d’Méiglechkeet eng Derogatioun ze kréien, wann duerch alternativ Moossnamen an ënnert speziellen Konditiounen de Schutz vum Stauséi garantéiert ka ginn. Eng Derogatioun kann also nëmmen ausgestallt ginn, wann dës Aktivitéit kee Pollutiounsrisiko generéiert oder d’Drénkwaasseropbereedung net a Gefor bréngt.

Wat d’Lagerung vun der Mëscht ugeet, gesäit de Projet vum groussherzogleche Reglement vir datt keng Mëscht soll iwwert de ganze Wanter um Feld leie bleiwen fir d‘Auswäschung ze verhënneren. De Projet vum groussherzogleche Reglement imposéiert net de Bau vun enger “Mistplatte”, verschidde Betriber schaffen zum Beispill mat engem “Abnahmevertrag”.

Desweideren ass ze bemierken datt dat modifizéiert groussherzoglecht Reglement vum 24 November 2000 iwwert den Ëmgang mat Stéckstoffdünger zanter dem 30. Juni 2015 virschreift datt: “toutes les exploitants agricoles doivent disposer de cuves permettant le stockage des effluents d’élevage pendant 6 mois, soit sur l’exploitation même, soit auprès de tiers”.

 


André Bauler

Gusty Graas