17/10/2017
Parlamentarische Fragen
Gesundheit und Pflege
Edy Mertens
Alexander Krieps
Gusty Graas
Levothyrox ass ee wichtegt Medikament wat vu Patiente mat enger Schilddrüsenennerfunktioun geholl gëtt. Nodeems d'Formel geännert ginn ass, goufen et a Frankräich extrem vill Fäll, an deene schlëmm Niewewierkungen opgetaucht sinn, déi souguer am schlëmmste Fall, déidlech waren. D'DP Deputéiert Gusty Graas, Edy Mertens an Alexander Krieps froen dofir beim zoustännege Minister no, op dat Medikament mat der neier Formel och zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt, an op et och schon problematesch Fäll gi sinn.