26/01/2018
Parlamentarische Fragen
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
André Bauler
Nodeems et an de leschte Méint ganz vill gereent huet an de Stauséi am Summer 2017 enorm Waasser verluer hat, freet den Deputéierten André Bauler am Wirtschaftsministère no, wéi héich de Peegel vum Séi zurzäit ass.
Zanter 1961 ass de Stau de gréisste Waasserspäicher vum Land an eng beléifte Fräizäit- an Touristendestinatioun.
Eisen Norddeputéierten huet och am Wirtschaftsministère nogefrot, wéi et ëm d'Sécherheet an d'Stabilitéit vun der Staumauer steet, an ob déi nächst Joren Aarbechten an deem Kontext geplangt sinn.
Da wëll den André Bauler och nach wëssen, ob een den Accès zum Séi fir Daucher, Fëscher a soss Visiteure verbessere kéint an ob den Accès zum Solarboot net kéint méi sécher a méi kamoud gemaach ginn?