14/09/2017
Parlamentarische Fragen
Mobilität und Verkehr
André Bauler
D´ Streck CR 350 tëscht Welschent an Nidderfeelen ass wéinst engem Chantier säit dem Februar 2017 fir de Verkéier gespaart. Lo hun Awunner vu Welschent den DP-Deputéierten André Bauler drop opmierksam gemaach, datt schon zënter Mai 2017 net mei um Chantier geschafft gëtt, obwuel deen nach net fäerdeg ass. Dowéinst freet den André Bauler den zoustännege Minister nom Grond vun deem Stop a wéini et rem weider geet.