29/09/2016
Parlamentarische Fragen
Klimaschutz und Energie
André Bauler
Wandmille bidden eng konkret Méiglechkeet manner ofhängeg vum Atomstroum ze ginn, wichteg ass awer och hiren Emplacement. Den DP-Deputéierten André Bauler freet dowéinst bei den zoustännege Ministeren no wéi vill där gigantescher Wandmillen nach am Norde vum Land installéiert gi wäerten an no wéi enge Kritären dës Plaze festgehale gi si respektiv gi wäerten. E freet och d’Ëmweltministesch wéi d’Notioun vun der « Beauté du paysage », déi gesetzlech verankert ass, an dësem Kontext gehandhaabt gëtt.