Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty Max Hahn

Iddi vun Olympesche Spiller 2032 am Benelux- Ambitiéis oder utopesch ?

Tokio, Paräis a Los Angeles, esou heeschen déi nächst Statioune vum olympesche Féier. Elo kierzlech huet de President vum belsche Comité olympique allerdéngs ëffentlech d'Fro opgeworf, ob net d'Benelux-Länner kéinten eng Kandidatur fir d'Olympiad 2032 stellen. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn froe beim Sportminister ënner anerem no, ob hien déi Iddi fir besonnesch ambitiéis oder fir utopesch hält.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wéi ass et mat der Promotioun vum Äerdgas?

Den Diesel - a Bensinsmotor geréit an der läscht ëmmer mei an d´Kritik. Eng mei gesond an ekologesch Alternativ zu de klassesche Verbrennungsmotore si Motoren déi mat Äerdgas lafen. Allerdéngs ass d'Netz vun den Tankstellen, déi Äerdgas ubidde, am Land staark limitéiert. D'DP Deputéiert André Bauler a Max Hahn froen dofir bei den zoustännege Ministeren no, ob d'Regierung wëlles huet eng nei Initiativ ze starten, déi de Gebrauch vum Äerdgas promouvéiert an op weienge Plazen nei Verkaafsstelle kéinte geschaafe ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Chantierstop um CR 350

D´ Streck CR 350 tëscht Welschent an Nidderfeelen ass wéinst engem Chantier säit dem Februar 2017 fir de Verkéier gespaart. Lo hun Awunner vu Welschent den DP-Deputéierten André Bauler drop opmierksam gemaach, datt schon zënter Mai 2017 net mei um Chantier geschafft gëtt, obwuel deen nach net fäerdeg ass. Dowéinst freet den André Bauler den zoustännege Minister nom Grond vun deem Stop a wéini et rem weider geet.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr André Bauler

Ze vill Camionsverkéier duerch Klierf?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt am Moment relativ vill Camionsverkéier duerch Klierf fiert. Meeschtens wieren dëst Camionen, déi wéilten an d'Aktivitéitszone op Lenzweiler fueren. Well se an der Regioun awer net kënneg sinn, géifen se oft duerch Klierf amplaz iwwer d'Wämperhaart oder iwwer d'Rossmillen dohinner fueren. An deem Kontext freet den Deputéierten no genauen Zuelen an ob ee kéint d'Signalisatioun verbesseren.

Parlamentarische Fragen Finanzen Steuern Joëlle Elvinger Eugène Berger

Steierreform: Stëmmen d'Estimatiounen vum Ministère bis elo?

D'Steierreform ass den 1. Januar a Kraaft getrueden a stäerkt zënterhier däitlech d'Kafkraaft vun de Stied. D'DP Deputéiert a Rapportrice vun der Steierreform Joëlle Elvinger, esou wéi den Fraktiounspresident Eugène Berger, froen beim Finanzministère no, ob dem Minstère seng Estimatioune bis elo stëmmen.

Parlamentarische Fragen Tiere Claude Lamberty Max Hahn

Mësshandelt Déieren !

Kierzlech gouf et e Fall vu mësshandelten Hënn um Rand vun enger Hondsausstellung. D’Deputéierte Claude Lamberty a Max Hahn froen de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen wat hie maache wëll fir datt esou eppes net méi vir kënnt a wat allgemeng géint Déieremësshandlungen hei zu Lëtzebuerg ënnerholl gëtt !

Parlamentarische Fragen Finanzen Eugène Berger

Zéien sech d’Katari aus dem Kapital vun der BIL zeréck?

RTL-Informatiounen no, géifen déi 90%, déi de katareschen Investmentfong am Kapital vun der BIL stiechen huet, un déi chinesesch Holding "Legend Holdings Corporation" goen. Den DP Fraktiounspresident Eugène Berger freet an enger urgenter parlamentarescher Fro de Finanzminister Pierre Gramegna, ob dës Rumeure stëmmen a wéini d'Operatioun kéint iwwer d'Bühn goen.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Eugène Berger

Illegal Offalltransporter op Lëtzebuerg

Interpol hat während 30 Deeg eng Operatioun lafe fir illegalen Offalltransporter op d’Schléch ze kommen? Huet Lëtzebuerg bei dëser Operatioun matgemaach? Wéi vill illegal Transporter goufen opgedeckt? Wou sollt den Offall zu Lëtzebuerg higefouert ginn? Den DP-Deputéierten Eugène Berger huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Hunn al Konzessioune vun Apdikte misse verlängert ginn?

Den DP Deputéierten Edy Mertens, Alexander Krieps a Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt al Konzessioune vun Apdikten hunn misse verlängert ginn. Si froen dofir no, ob dat un der schwéierfälleger Prozedur kéint léie fir Apdikten z'iwwerhuelen a wéi een dat kéint an Zukunft besser reegelen.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Ginn d'Fäll vu Riedelen och zu Lëtzebuerg an d'Luucht?

Scho laang net méi goufen et sou vill Fäll vu Riedelen an Europa. A verschiddene Länner sinn esouguer Kanner dorunner gestuerwen. Wéi gesäit mat den Infektiounen zu Lëtzebuerg aus ? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Blo-Algen och am Stau ?

Dës Woch gouf e Schwammverbuet fir d’Musel ausgesprach well sech op ville Plaze Blo-Algen ausgebreet hunn! Wéi ass d’Qualitéit vum Waasser am Stau momentan? Riskéieren sech do och dëst Joer erëm Blo-Algen ze bilden? Däerf een nach Fësch aus der Musel iessen? Dës an anere Froen huet den Deputéierte Gusty Graas un déi zoustänneg Ministere gestallt.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler Max Hahn

Reorganisatioun vum Gefaangenentransport?

De Gefaangenentransport gëtt zu Lëtzebuerg vun der Police assuréiert. Well dëst vill Zäit an Usproch hëlt, déi op Käschte vun Asazstonnen um Terrain geet, hunn d'Deputéierten AndréBauler a Max Hahn beim Minister nogefrot, ob et net sënnvoll wier de Gefaangenentransport, ähnlech wéi an Däitschland vu "Justizvollzugsbeamten" organiséieren ze loossen.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Kreativwirtschaft hei am Land

Déi sougenannte Kreativwirtschaft ëmfaasst déi Beruffer, bei deenen et drëms geet duerch kreatiivt Denken nei Objeten a Servicer ze produzéieren. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Minister no wéi dës Aktivitéiten hei am Land ënnerstëtzt ginn.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Eng Europaschoul fir Klierf?

Den zukünftege Klierfer Lycée wäert a senge Wänn ab 2018 och eng eegen, staatlech Europaschoul organiséieren. Déi sou gen. "Ecole européenne agréée" ass gratis an och fir all Lëtzebuerger Schüler zougänglech.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Beleidegungen a Gewalt an de Spideeler

Beleidegungen a Gewalt géigeniwwer Fleegepersonal an Doktere ginn am Ausland ëmmer méi zu eng traureger Realitéit. Och zu Lëtzebuerg héiert een, datt esou Aggressiounen zouhuelen. D'DP Deputéiert Edy Mertens, Alexander Krieps a Gusty Graas froen dofir no, wéi genau d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob et eng Ulaafstell gëtt fir dem Personal ze hëllefen dat Erliefte besser ze veraarbechten, a wat ugeduecht ass fir déi souwisou schonn usprochsvoll Aarbecht duerch esou Virfäll nach méi schwiereg ze maachen.