Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Méi "mBoxen" oder iwwerdaachte Vëlosstännere op de Garen?

Am Moment ginn et eng Dose sougenannten "mBoxen" op verschiddene Garen uechtert d'Land. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty froe beim Transportminister no, ob weider esou geséchert Plaze fir Vëloe geplangt sinn, an op een net wéinstens iwwerdaachte Vëlosstänneren op d'Garë setze kéint.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Vill Trafic duerch Saeul

Well souwuel d'N8 vun Arel op Miersch wéi och d'N12 vu Räichel an d'Stad duerch Saeul lafen, ass den Trafic an dësem Duerf natierlech besonnesch intensiv. An deem Sënn freet den DP-Deputéierten André Bauler beim Transportminister no méi genauen Zuelen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Vill Camionen um CR360 tëscht Mäerzeg a Méchelbuch

Um CR360 tëscht Mäerzeg a Méchelbuch fueren nawell vill gutt geluede Camionen de Bierg erop an erof, wat net grad ongeféierlech ass fir d'Awunner a fir d'Foussgänger déi um schmuelen Trottoir dernieft ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler freet dofir beim Transportminister no ob een den Trafic op dëser Strooss net ab engem bestëmmten Tonnage limitéiere kéint. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Batteriëproduktioun fir Elektro-Autoe méi schiedlech wéi ugeholl?

Enger schwedescher Studië no hätt d'Produktioun vu Batterië fir an Elektro-Autoe vill méi e groussen Impakt op d'Ëmwelt wéi bis elo ugeholl. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet dofir bei den zoustännege Ministeren no Explikatiounen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Mam Vëlo an den Zuch oder Bus

Och wann all d'Zich esou equipéiert sinn, dass een säi Vëlo mathuele kann, esou ginn et awer nach eng ganz Reih Situatiounen, déi de Vëlosfuerer d'Liewen net einfach maachen. Dofir mécht den DP-Deputéierte Max Hahn den Transportminister op eng Rëtsch Ëmstänn opmierksam.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Waggone vum Accident nach ëmmer net geraumt

Wéi d'Press gemellt hat, stinn d'Waggon'en, déi am Accident vum 14. Februar tëscht Beetebuerg an Zoufftgen verwéckelt waren, nach ëmmer no bei der Onglécksplaz. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Transportminister no, wat mat dëse Waggon'en geschéie soll.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Rollsplitt tëscht Garnech an Héiweng

D'Strooss tëscht Garnech an Héiweng gëtt am Moment mat Rollsplitt a Goudron iwwerzunn. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet beim Infrastrukturminister no, wat et mat dëser Mesure op sech huet.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Sport und Freizeit Claude Lamberty Gilles Baum

Spezifesch Formatioune vum ENEPS fir d'Sportler mat kierperlecher oder geeschteger Beanträchtegung?

D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Gilles Baum froen beim Sportsministère no, wéi et momentan mat spezifesche Formatiounen ausgesäit fir Sportler mat enger kierperlecher oder geeschteger Beanträchtegung besser an hirem Sport ze betreien.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Wéi eng Mesurë géint de Kaméidi vun Zich?

Et ass gewosst, dass Kaméidi zu Stresssituatiounen a Krankheete féiere kann, dëst besonnesch fir Leit déi no bei de Schinne wunnen. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet bei der Ëmweltministesch no, wéi eng Mesuren an dësem Zesummenhang hëllefe kënnen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Revendikatiounen zur direkter Zuchverbindung vu Wollmeréng an d'Stad

An de lëschten Deeg war zimlech vill Opreegung op d'Ewechfalen ab dem 10. Dezember vun der direkter Zuchverbindung vu Wollmeréng an d'Stad. Och verschidde Gemengen hunn sech elo zu Wuert gemellt. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Gusty Graas froe beim Minister no wéi hien op des Revendicatioune reagéiere gedenkt

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Chantier laanscht d'Escher Autobunn: eng nei Tankstell?

Zënter längerem gëtt  laanscht d'Escher Autobunn um Terrain vun der Gemeng Monnerech geschafft. Hei soll anscheinend eng nei Tankstell hikommen. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn froe beim Minister no wat et genau mat dësem Chantier op sech huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Busser aus dem Weste fir op de Belval

Nodeems d'Buslinn 332 am August 2016 zougemaach gouf, ass de Westen net méi esou gutt un d'Uni um Belval ugeschloss. Den D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen dofir beim Transportminister no, wéi dës Situatioun verbesser ka ginn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Max Hahn Gusty Graas

De neie Code de procédure pénale an der Praxis

De neie Code de procédure pénale ass mëttlerweil a Kraaft getruede mee d’Poliziste schéngen nach net forméiert ze sinn. Wat et domadder op sech huet, hunn d’Deputéierte Max Hahn a Gusty Graas beim Policeminister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Manner Retarden op der Buslinn 215 fir an d'Stad?

Fir Verspéidungen ze verhënnere fiert d'Buslinn 215 vu Käerjeng an Stad ab dem Februar net méi bis op de Kierchbierg, mä huet säi leschte Stopp op der Charlys Gare. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet dofir beim Transportminister no op d'Retarden elo zréckgaange sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Contournement vun Dippech-Gare

Geschwënn misst dat definitiivt Uerteel vun der Cour d'appel zum Contournement vun Dippech-Gare gesprach ginn. Da sollt och gewosst ginn, och d'Aarbechten ulafe kënnen oder net. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet dofir beim Infrastrukturminister no, wéi et an dësem Dossier weidergoe kéint.