Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Gilles Baum

Wéi eng Alterskontrolle bei Open-Air Concerten a Festivaler ?

Am Summer ass elo och d'Saison vun de Concert'en am Fräien, Evenementer, déi besonnesch bei de Jugendlechen ugesot sinn. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet de Justizminister wéi et mat den Alterskontrollen an der Entrée vun esou Manifestatiounen ass. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Neien Typ vu Radaren tëscht Koplescht a Schëndels an an den Tunnellen ?

Schonn 2014 hat den Transportminister ugekënnegt, sougenannten "radars tronçon" opzestellen. Dës Abschnittsradare kontrolléieren d'Vitesse net op engem Punkt, mä iwwert eng bestëmmte Streck, esou zum Beispill an engem Tunnel. Haut schreift d'Press esou e Radar wier op der Streck Koplescht-Schëndels an der Preparatioun. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet no.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Gusty Graas

Eng speziell Markéierung a Lénkskéiere fir d'Motosfuerer ?

An Éisträich ginn am Moment speziell Markéierungen a Lénkskéiere getest, dat fir dass d'Motosfuerer an der Mëtt vun hirer Säit fueren amplaz vill méi no un der Mëttellinn. Well heimatter d'Zuel u Motorradsaccidenter däitlech zeréck gaangen ass, froen d'DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas beim Transportminister no, ob een dës Markéierungen net och hei am Land aféiere kéint.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Sinn d'Infrastrukturen prett fir déi nei IRM z'installéieren?

Den DP Deputéierten Alexander Krieps an Edy Mertens ass zu Ouere komm, datt déi 4 nei versprachen IRM nach net kéinten installéiert ginn, well d'Infrastrukturen an de Spideeler nach net prett wieren. D'Aarbechte wiere méi komplizéiert an och méi deier ewéi ugangs geduecht. An hirer parlamentarescher Ufro ginn si der Saach op de Fong.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Manner Wëldaccidenter duerch Liichtbarrièren laanscht d'Stroossen?

Wëldaccidenter sinn eng Gefor fir Mënsch an Déier. Zu Lëtzebuerg goufen virun Joren sougenannt Liichtbarrièren getest, déi d'Wëld sollen virum Autosverkéier warnen. Den DP Deputéierten Gusty Graas freet no, wat d'Konklusioune vun där Etüd sinn an ob de Minister gewëllt ass dës Liichtbarrièren laanscht Landstroossen z'installéieren.

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

En Aussiichtstuerm fir d'Éislek ?

Zënter e puer Jore gëtt et bei der "Saarschleife" den "Baumwipfelpfad" mat engem 42 Meter héijen Aussiichtstuerm, dee besonnesch bei jonke Famillje gutt ukënnt. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Tourismus-Minister no, ob een esou een Tuerm net och am Éislek opriichte kéint.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Claude Lamberty Max Hahn

Subventioune bei Photovoltaik-Anlage fir Kooperativen

Zënter Abrëll gi kooperativ Photovoltaik-Anlage méi staark ënnerstëtzt. Dofir froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty bei den zoustännege Ministeren no, wéi vill Subventiounen ausbezuelt goufen a firwat d'Gemengen net ënnert dëst neit Reglement falen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Sensibiliséierungskompagne «Petits déchets - grande pollution»

Zënter kuerzem leeft d'Sensibiliséierungskompagne « Petits déchets - grande pollution », daat fir d'Leit drop opmierksam ze maachen, dass se hieren Dreck net an d'Natur geheien sollen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas freet bei den zoustännegen Minister en no, wéivill "avertissements taxés" an deenen lëschten Joeren fir dëst sougenennten "Littering" ausgestallt goufen, an wéi d'Bridagen vun der Douane hei agebonnen ginn.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Gusty Graas

Zweespureg Strooss hannert dem Centre douanier?

Op de Pläng zu den Aarbechten um "Ban de Gasperich" gesäit et esou aus, wéi wann eng zweespureg Strooss hannert de Centre douanier komme sollt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet dofir beim Transportminister no op de Parking fir d'Déngschtautoen och no dësen Aarbechte weiderhin accessibel bleift.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

LED als Beliichtung op eise Stroossen?

D’LED Technologie ass a verschiddene Beräicher net mei ewech ze denken, sief dëst am privaten oder ëffentleche Gebrauch. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet dofir beim Infrastrukturminister no, ob dës Technologie och iwwerall kéint als Stroossebeliichtung agesaat ginn a wéi vill Energie een kéint dobäi spueren.

Parlamentarische Fragen Arbeit Bildung André Bauler

Wéi eng berufflech Profiller ginn an deene nächste Joren an der Education nationale gebraucht?

A senger parlamentarescher Ufro un de Bildungsminister wëll den DP Deputéierten André Bauler wëssen, wéi eng ënnerschiddlech Profiller an noer Zukunft an der Education nationale gebraucht ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Trottinetten op der Gare ?

A Frankräich testen se am Moment Trottinetten op de grousse Garen, esou dass d'Leit vun do aus einfach a séier op d'Aarbecht kommen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Transportminister no, op een dëst Konzept och op der Stater Gare aféiere kéint.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

"Fuel dumping"- och iwwer Lëtzebuerg?

Et kënnt heiansdo vir, datt ee Fliger an Noutsituatioune muss Kerosin ausschëdde fir kënne sécher ze landen. Den DP Deputéierten André Bauler freet bei den zoustännege Ministeren no, ob dat och schonn am Lëtzebuerger Loftraum virkomm ass a wéineg Repercussiounen dat op d'Natur huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Solar-Vëlospisten och hei am Land ?

Zu Amsterdam lafe Pilot-Projete mat Vëlosweeër an deene Solarzellen agebaut sinn, esou dass hei och Energie produzéiert gëtt. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen dofir beim Transportminister no op een net och hei am Land esou Solar-Vëlospisten ausprobéiere kéint.

Parlamentarische Fragen Bildung Gilles Baum

Europaschoul op Jonglënster ?

Gëschter hat de Claude Meisch kuerz an der Chamber ugeschwat, dass méiglecherweis eng Annexe vun der Europaschoul op Jonglënster komme sollt. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet dofir no wéi wäit dëse Projet schonn ass a wéi dës international Offer ausgesi kéint.