Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Joëlle Elvinger André Bauler

Mesure géint Automobilisten ouni Assurance

An der Belsch gëtt geschat, datt 1% vun de Gefierer op de Stroosse soll ouni Versécherung ënnerwee sinn. A Frankräich wieren et 2% vum nationale Fuerpark. D’DP-Deputéiert André Bauler a Joëlle Elvinger ginn dofir an enger parlamentarescher Fro un den Nohaltegkeetsministère dovunner aus, datt hei am Land tëscht 5 000 an 10 000 Autoen ouni Assurance rullen, a froen no, wat dogéint ënnerholl gëtt.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Lex Delles

De Lex Delles zu Äscheverstreeungen an der Musel an iwwer Urnen doheem

Am Artikel 3 vum entspriechende Gesetz iwwer d’Anäscherung steet, datt de Buergermeeschter kann eng Autorisatioun ginn, fir Äschen op engem Privatterrain oder à tout autre endroit ze verstreeën.

Den DP-Deputéierte Lex Delles wëll dofir vum Gesondheets- a vum Inneministère wëssen, firwat d’Leit net kënnen eng Urn bei sech doheem versuergen.

Doriwwer eraus freet de Munnerefer Député-maire, ob de Buergermeeschter dierf d’Verstreeën an enger Baach oder an engem Floss (z.B. an der Musel) erlaben an ob dat Gewässer dofir muss duerch déi concernéiert Gemeng lafen?

Konsequenterweis freet de Lex Delles dann, ob den Ausdrock à tout autre endroit net misst am Artikel 3 vum Gesetz präziséiert ginn.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Claude Lamberty Max Hahn

Energetesch Sanéierung vun den ëffentleche Gebaier

Eng vun den effikassten Approchen am Kampf géint de Klimawandel ass den Energieverbrauch vun de Gebaier ze reduzéieren. Aus deem Grond hat den Nohaltegskeetsministère 2014 eng Strategie lancéiert, fir déi ëffentlech Gebaier ze sanéieren an sou méi ëmweltfrëndlech ze maachen. D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty wëllen an hirer parlamentarescher Fro wëssen, wéi wäit dëse Plang bis ewell ëmgesat ginn ass.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Parlamentaresch Fro vum Gusty Graas iwwer Nuisancë vu Loftwärmepompelen

Onse Süddeputéierte wëll ë.a. vum Ëmweltministère wëssen, ob et stëmmt, datt de Kaméidi vun de Motore vu „pompes àchaleur aérothermiques“der Gesondheet vun de Leit schuede kann.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Moderniséierung vun der Zuchstréck Dikrech-Ettelbréck

Dem André Bauler ass zu Ouere komm, dass dëtt Joer Aarbechten op der Zuchstréck Dikrech-Ettelbréck geplangt wieren. A senger parlamentarescher Fro wëll den DP-Deputéierten dofir wëssen, wéi de Projet genee ausgesäit a wat e soll kaschten.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

E Contournement fir Ettelbréck?

Well et zu Ettelbréck zënter laangem zu de Spëtzestonne vill Stau gëtt an dagsiwwer generell och vill Camionen duerchfueren, freet den DP-Deputéierten André Bauler, ob e Contournement geplangt ass.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wéi steet et ëm d’Waasserreserve vum Stauséi?

Nodeems et an de leschte Méint ganz vill gereent huet an de Stauséi am Summer 2017 enorm Waasser verluer hat, freet den Deputéierten André Bauler am Wirtschaftsministère no, wéi héich de Peegel vum Séi zurzäit ass.

Zanter 1961 ass de Stau de gréisste Waasserspäicher vum Land an eng beléifte Fräizäit- an Touristendestinatioun.

Eisen Norddeputéierten huet och am Wirtschaftsministère nogefrot, wéi et ëm d'Sécherheet an d'Stabilitéit vun der Staumauer steet, an ob déi nächst Joren Aarbechten an deem Kontext geplangt sinn.

Da wëll den André Bauler och nach wëssen, ob een den Accès zum Séi fir Daucher, Fëscher a soss Visiteure verbessere kéint an ob den Accès zum Solarboot net kéint méi sécher a méi kamoud gemaach ginn?

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty Max Hahn

Sport: Wéi vill Federatiounen ginn administrativ vum Ministère ënnerstëtzt?

D'Ufuerderungen un d'Sportfederatioune si mat de Joren ëmmer méi villfälteg ginn. Oft bléift déi administrativ Aarbecht un wéinege Fräiwëllegen hänken, déi vill Stonnen vun hirer Fräizäit opferen. Den DP-Deputéierte Claude Lamberty freet beim Sportsministère no, wéi vill Sportfederatioune momentan eng Tâche vum Ministère subsidéiert kréien an ob d'Demande fir esou Subsiden an de leschte Joren zougeholl huet.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

Kritt Lëtzebuerg e Problem wéinst dem Offall-Stopp vu China?

China importéiert vun dësem Joer uns keen Offall méi oder wëll deen Trafic op d’mannst staark reduzéieren. Dat war bis elo eng praktesch Léisung fir vill westlech Länner, fir hiren Dreck op déi Manéier lass ze ginn. D’Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty wëllen elo vum Ëmweltministère wëssen, a wéiwäit Lëtzebuerg heivunner betraff ass.

Dofir ass et fir d’éischt d’Fro, ob onst Land iwwerhaapt Offall exportéiert an em wéi eng Zort (evtl esouguer geféierlechen an toxeschen Dreck?) et sech dobäi handelt? A wéi wéilt Lëtzebuerg reagéieren, wann dat de Fall wier?

Déi zwee DP-Deputéiert froen och nach, ob Lëtzebuerg esouguer Offall importéiert a wéi mir iwwerhaapt net-recycléierte Plastik eliminéieren.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum

Besser Ënnerstëtzung fir d’Jongwënzer?

Zanter dem neien Agrargesetz kréien d’Jongwënzer kee Supplement méi op hir Investissementer. Den Ost-Deputéierte Gilles Baum freet dofir beim Wäibauminister Fernand Etgen no, firwat dat esou ass an ob hien dësen „Topup“ fir d'Jongwënzer net erëm aféiere wéilt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Gusty Graas Alexander Krieps

Ginn et Enkpäss bei der Zouliwwerung vu Medikamenter?

D'DP-Deputéiert Gusty Graas, Alexander Krieps an Edy Mertens ass zu Ouere komm, datt et zu Enkpäss bei der Zouliwwerung vu Medikamenter géing kommen. Esou hätten d'Apdikten zum Beispill Problemer fir un verschidde Medikamenter fir Kriibspatienten ze kommen. An hirer Fro un d'Gesondheetsministesch froen d'Deputéiert no wat et domadder op sech huet. 

Parlamentarische Fragen Medien und ICT Claude Lamberty Max Hahn

Wéi steet et zu Lëtzebuerg mam séieren Internet?

Connectioune mat enger héijer Vitesse a mat grousse Capacitéite ginn ëmmer méi wichteg, egal op bei fixen oder mobillen Internetverbindungen.

Dofir froen d’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim Wirtschaftsminister no, wou d’Land an deem Beräich drun ass a wéi et soll viru goen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tourismus Lex Delles

Wéi geet et viru mat zwee eidele Gebaier am Park zu Munneref ?

Am Januar haten de Wirtschafts- an den Nohaltegkeetsministère dem Munnerefer Député-maire Lex Delles gesot, datt d’“Villa Guersing“ an de Restaurant „La Roseraie“ géingen ëmgebaut ginn, an och datt e gréisseren Ausbau virgesi wier. Zwee Gebaier, déi an engem delabréierten Zoustand sinn an eng Gefor duerstellen. Elo freet den DP-Deputéierten nach eemol no, wéi et da mat deenen Aarbechte géing ausgesinn.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Muss déi nei CFL-Multimodal-Plattform esou hell beliicht ginn?

Den DP-Deputéierte Gusty Graas ass net begeeschtert iwwert d’Beliichtung vum Cargo-Hub um Terrain vun de Gemenge Beetebuerg an Diddeleng.

An enger parlamentarescher Fro schreift de Schäffe vu Beetebuerg esouguer vun engem „éclairage visible depuis des kilomètres et dont la densité et intensité lumineuse semblent excessives“. De Süd-Deputéierte freet d’Ëmweltministesch dofir ë.a., ob sech bei der Beliichtung un d’Norme gehale gëtt, ob esou eng Beliichtung wéinst der Sécherheet néideg wier oder ob et sech hei em Liichtverschmotzung handele géing.

Schliisslech wëll de Gusty Graas nach wëssen, ob d’Ministesch wëlles huet an dësem Fall bei de Responsabele vum Terminal z’intervenéieren.

Parlamentarische Fragen Bildung Medien und ICT Lex Delles Eugène Berger

GraphoLearn: eng App fir spilleresch Sproochen ze leieren

A Frankräich gëtt de Moment eng Applikatioun fir Tablets getest mat där jonk Schüler op eng spilleresch Aart a Weis franséisch liesen a schreiwe léieren. D'Deputéierten Eugène Berger a Lex Delles hu beim Educatiounsminister nogefrot, op GraphoLearn och a Lëtzebuerger Schoule kéint zum Asaz kommen a wat fir eng aner informatesch Léierhëllefen de Lëtzebuerger Schüler de Moment zur Verfügung stinn.