Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens André Bauler

Wéini kréien d'Dokteren eng zäitgeméiss Legitimatiounskaart?

Déi zwee DP Deputéierten André Bauler an Edy Mertens stëllen allerdéngs mat Bedauere fest, dass d'Lëtzebuerger Doktere bis haut nach keng nei Kaart zur Verfügung gestallt kruten. Déi zwee Parlamentarier froen dofir nach eng Kéier am Gesondheetsministère no.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wat geschitt um N7-Tronçon tëschent Ettelbréck an Dikrech?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt deemnächst den Tronçon tëschent Ettelbréck an Dikrech op der N7 soll reamenagéiert ginn. An deem Kontext huet den Här Bauler eng parlamentaresch Fro un den Nohaltegkeetsministère gestallt fir weider Informatiounen iwwert den Oflaf vun dem Chantier ze kréien.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Lex Delles Gusty Graas

Sinn déi wëll Villercher zu Lëtzebuerg a Gefor?

D’Zuel vu Vigel an Europa hëlt dramatesch of. Dat gëllt besonnesch fir d’Vullen, déi um oppene Feld respektiv am ländleche Raum liewen. De Réckgang do ass net nëmme kritesch fir d’Déiere selwer, ma och fir déi ganz Biodiversitéit.

D’DP-Deputéiert Lex Delles a Gusty Graas froen d’Ëmweltministesch dofir, wéi eng Resultater fir Lëtzebuerg existéieren, a wa jo, wéi eng Conclusiounen aus deene Chiffere gezu gi sinn. Déi zwee Parlamentarier wëllen och wëssen, ob national Etüden iwwer d’Populatioun vun de Vulle geplangt sinn. An och wéi sech d’Situatioun an de leschten 10 Joer entwéckelt huet.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Claude Lamberty Max Hahn

Gemengen sollen och Kreditkaarten benotzen däerfen

Wéinst der aktueller Gemengegesetzgebung ass et de Gemengen net erlaabt hirem Personal Kreditkaarten zur Verfügung ze stellen. Verschidde Servicer a Gidder kënnen awer just iwwert dëse Wee bezuelt ginn, zum Beispill mobil Applikatiounen déi an der Grondschoul gebraucht ginn. D'Deputéierte Claude Lamberty a Max Hahn hunn den Inneminister gefrot d'Gemengegesetz op deem Punkt ze änneren.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Edy Mertens Gusty Graas

Beschneidung wéinst net-medizineschen Ursaachen

An Island debattéiert Parlament grad eng Gesetzespropositioun, déi d'Beschneiden aus net-medezineschen Ursaache bei Mineure wëll verbidden a criminaliséieren. D'DP Deputéiert Gusty Grass an Edy Mertens wëllen an hirer Question parlementaire wëssen,wéi déi zoustänneg Ministeren dat hei am Land gesinn an ob Handlungsbedarf besteet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Reamenagement vun der N10

Nodeems den DP-Deputéierten André Bauler op seng parlamentaresch Fro vum 21. Februar 2017 iwwert den Zoustand vun der N10 vum Minister Bausch geäntwert krut, eng Etüd wier am Gaange realiséiert ze ginn, fir déi Streck ze reamenagéieren an eventuell och déi geféierlech Plazen ze entschäerfen, huet hien elo an enger weider Question parlementaire nogefrot, wéi wäit dës Etüd da mëttlerweil ass a wéi déi entschäerft Streck ausgesi soll?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler

Wéi vill Aides-soignants ginn an de nächste Jore gebraucht?

Doduerch datt d'Populatioun an Zukunft ëmmer méi al gëtt, wäert d'Nofro un qualifizéierte Fleegepersonal an deenen nächste Jore klammen. Den DP-Deputéierten André Bauler freet dofir bei deenen zoustännege Ministèren ënner anerem no, wéi vill Schüler deemnächst mat hirer Formatioun an deem Beräich fäerdeg ginn an ob och nach an Zukunft genuch Enseignanten d'Schüler kënne forméieren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Mécht de Kaméidi vu Wandrieder krank?

Am Süde vum Land si 5 nei Projete mat Wandrieder geplangt. An dem Kontext wollt de Süd-Deputéierte Max Hahn vun den zoustännege Ministere wësse wat d’Distanze vun dëse Wandrieder zu de Wunngebidder wäerte sinn a wéi d’Distanze vun den aktuelle Wandrieder zu Lëtzebuerg sinn. De Max Hahn huet och nogefrot, ob d’Ministeren d’Conclusioune vun enger Etüd deelen, déi seet, datt de Kaméidi vu Wandrieder net ka krank maachen.

Parlamentarische Fragen Staat und Öffentlicher Dienst Max Hahn

Wat fir eng Zukunft fir d’Benevole bei de Rettungsdéngschter?

En Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt déi Zäit wou e Pompjee doheem Permanence huet, dës Zäit als Aarbechtszäit an net als Fräizäit muss ugesi ginn?

Wat fir Repercussiounen huet dëst Uerteel op d’Benevole vum Lëtzebuerger Rettungswiesen? Dat huet den DP-Deputéierte Max Hahn de zoustännege Minister gefrot!

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens André Bauler

Geplangte Fusioun vum CHdN a CHNP: Wat sinn d'Beweeggrënn?

Ufanks Abrëll 2014 hunn de Centre Hospitalier du Nord (CHdN) an de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) vun Ettelbréck d’Intentioun geäussert fir mateneen ze fusionéieren.

D’DP-Deputéiert André Bauler an Edy Mertens wëllen an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch wëssen, wat déi eigentlech Beweeggrënn fir dës Fusioun sinn.

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

Eng nei Jugendherberg zu Veianen?

Dem André Bauler ass zu Ouere komm, dass aus dem fréiere Veiner Altersheim soll eng Jugendherberg ginn. Dowéinst huet den DP-Deputéierte beim Nohaltegkeetsminister nogefrot, wéi eng Renovatiouns- a Restauratiounsaarbechten an dësem historesche Gebai geplangt sinn a wéi vill se kaschte wäerten.

Den André Bauler freet och wéi grouss d’Capacitéit vun der spéiderer Jugendherberg soll ginn a wéini se soll opgoen.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Mobilität und Verkehr Lex Delles Gusty Graas

D’Deputéiert Lex Delles a Gusty Graas iwwer falsch parken op Behënnerteplazen.

An de leschte Joren huet sech d’Situatioun vu Leit mat enger reduzéierter Mobilitéit zu Lëtzebuerg däitlech verbessert. Ë.a. well den Accès vun ëffentleche Plaze besser amenagéiert ginn ass.

D’DP-Deputéiert Lex Delles a Gusty Graas wëllen dofir vum Nohaltegkeetsministère a vum zoustännege Ministère vun der Police wëssen, wéi vill Parkplazen hei am Land iwwerhaapt fir Leit mat enger Behënnerung reservéiert sinn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

E Verbuet vu Mikroplastik zu Lëtzebuerg?

Eng Rei Länner hunn de Mikroplastik scho verbueden, well d’Kläranlagen en net erausgefiltert kréien. An enger parlamentarescher Fro wëllen de Max Hahn an de Lamberty Claude dofir vum Ëmweltministère wëssen, ob sou e Verbuet net och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Stauen no Accidenter op der Autobunn besser opléisen

D’Stauen op de Lëtzebuerger Stroossen hunn d’Lëtzebuerger Wirtschaft am Joer 2015 eng 390 Milliounen Euro kascht. D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty stellen an deem Kontext fest, datt vill där Staue wéinst Accidenter a wéinst de laangen Opraumaarbechten no esou Accidenter entstinn. Dofir wëllen déi zwee Parlamentarier elo wëssen, wéi eng Prozedur no engem Knuppert ouni Verwonnter ausgeléist gëtt? An ob d’Vitesse an d’Effikassitéit vun deenen Asätz réckwierkend evaluéiert gëtt?
Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Méi Kapazitéit néideg fir Bauschutt ze deponéieren

Et feelt am Ament un Deponië fir Bauschutt hei am Land. Dat bréngt mat sech, datt d'Camione mam Bauschutt oft laang an onnëtz Weeër queesch duerch d'Land musse fuere, bis si bei enger Deponie ukommen. Dowéinst huet den Emweltministère eng Etude an Optrag ginn, fir nei Site fir Bauschuttdeponien ze detektéieren. Den Deputéierte Max Hahn freet hei no, wat d'Resultater vun dëser Etude sinn a wéi een ka sécher stellen, datt laang Transportweeër an Zukunft verhënnert ginn.