11/06/2020
Parlamentarische Fragen
Landwirtschaft und Weinbau
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Max Hahn
Gusty Graas
D'Gebuert vun de Réikitz am Fréijoer fält dack mam éischte Méie vun de Felder zesummen. Well awer deene jonken Déieren hire Fluchtreflex nach net entwéckelt ass, lafen se net fort, wann de Mähdrescher kënnt a geroden ëmmer nees ënnert d'Messeren. Dëst féiert zu ganz uerge Blessuren, un deenen d'Déieren an der Reegel net direkt stierwen, mee lues verbludden. Hautdesdaags ass et awer méiglech, mat Drone mat Wärmebildkameraen e Feld séier ofzesichen, quitt dass déi héich Käschten ee verständlecherweis kënnen dovunner ofhalen, dee Service an Usproch ze huelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hunn nogefrot, ob d'Regierung bereet wier, de Bauere finanziell bäizestoen, wann dës op sou e Service zréckgräife géifen.