20/08/2020
Parlamentarische Fragen
Außenpolitik
Gesundheit und Pflege
Tourismus
Gilles Baum
Däitschland huet Lëtzebuerg haut vu senger Lëscht vun de Risikolänner erofgeholl. D’Schwäiz huet seng Lëscht och haut aktualiséiert, mä Lëtzebuerg steet nach ëmmer drop. Dat heescht, datt e Lëtzebuerger, deen an d’Schwäiz wëll, muss an d’Quarantän, esouguer wann en en negativen Test dobäi huet.
Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet dofir eng drénglech Fro un den Ausseminister gestallt fir gewuer ze ginn, ob dee bei de Schwäizer Autoritéiten intervenéiert ass, fir Lëtzebuerg och do vun der Lëscht vun de Risikogebitter erofzehuelen. De Gilles Baum freet weider, ob nach aner europäesch Länner Areesrestriktioune fir Lëtzebuerger bäibehalen, obwuel d’Zuele vun den Neiinfektiounen hei am Land zanter 2 Wochen erofginn?