15/01/2020
Parlamentarische Fragen
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Gusty Graas
Nieft enger grousser illegaler Deponie zu Déifferdeng, an där ë.a. och gëftege Knascht entsuergt soll ginn, géif et net wäit dovunner ewech eng aner Deponie ginn, déi allerdéngs net méi benotzt gëtt. Dat geet aus engem Artikel op Reporter.lu ervir. Aus dëser "Phantom"-Deponie géif awer eng mat Schwéiermetaller belaascht Flëssegkeet an d'Kuer sickeren, wéi Analyse beweise géifen. Aus deem Grond hätten och scho Gemengeresponsabel gefuerdert, dass déi Deponie prioritär misst sanéiert ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob déi Behaaptunge stëmmen, a wa jo, wat si gedenkt z'ënnerhuelen.