06/02/2020
Parlamentarische Fragen
Mobilität und Verkehr
Max Hahn
Op ville Plazen am Land, z.B. zu Dippech, ass d'Barriär zimmlech laang zou, wann en Zuch kënnt. Sou entsti grouss Stauen, am schlëmmste Fall verléiere souguer Rettungsdéngschter wäertvoll Zäit, fir op hiren Asaz ze kommen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob et keng technesch Méiglechkeete gëtt, fir d'Barriäre méi präzis ze schalten an d'Zäit, wärend där d'Barriäre rof sinn, ze reduzéieren.