29/04/2020
Parlamentarische Fragen
Gemeinden
Kultur
André Bauler
Gusty Graas
Exit-Strategië fir Weeër aus dem Confinement héiert een am Ablack vun alle Säiten. Ma och d'Gemenge maachen sech Gedanke wéi en Déconfinement fir déi ëffentlech Bibliothéike kéint ausgesinn. D'Kultur a besonnesch d'Liesen ass de Bierger an dësen Zäiten immens wichteg, ma leider hunn d'Bibliothéiken hier Diere mussen zoumaachen.
Wéi eng Méiglechkeeten et fir déi ëffentlech Bibliothéike ginn, hunn eis Deputéiert Gusty Graas an André Bauler bei den zoustännege Ministeschen nogefrot.