Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Koum et op en Neits zu enger Fuite vun "AdBlue" op der Aire de Berchem?

Nodeems am Juni 2016 schonn eng ronn 55.000 Liter "AdBlue" bei der Shell Tankstell op der Aire de Berchem ausgelaf waren, an d'Biedem an d'Waasser an der Ëmgéigend zolidd verknascht haten, schéngt et op en Neits zu sou enger Fuite komm ze sinn. Dowéinst huet den DP-Deputéierte Gusyt Graas bei der Ëmweltministesch nogefrot, fir gewuer ze ginn, ob dës Informatioune stëmmen, an, wa jo, wéi et dozou komme konnt a wéi eng Konsequenzen dat mat sech brénge wäert, souwuel fir d'Ëmwelt wéi och fir déi betraffen Tankstell.

News Frank Colabianchi Lydie Polfer Joëlle Elvinger Guy Arendt André Bauler Gilles Baum Simone Beissel Eugène Berger Max Hahn Carole Hartmann Gusty Graas

Wéi eng DP-Deputéiert sinn a wéi enge Chamberkommissiounen?

De gréissten Deel vun der parlamentarescher Aarbecht geschitt an de Chamberkommissiounen. Hei gesi der elo, wéi eng vun eisen Deputéierten a wéi enge Kommissioune sinn. Da wësst der direkt, mat wéi engen Theme sech d'DP-Deputéiert virop wärend den nächste fënnef Joer befaassen.

News Außenpolitik André Bauler

Erklärungen zum UN-Migratiounspakt

Den UN-Migratiounspakt huet am Virfeld vum Sommet vu Marrakesch fir vill Opreegung gesuergt. Den André Bauler gëtt a sengem Commentaire nach eng Kéier e puer Erklärungen, firwat dee Pakt wichteg ass, a wat alles dra steet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wat bedeit de gratis ëffentlechen Transport fir d'Bus- an Zuchpersonal?

Nodeems d'Regierung ugekënnegt huet, net nëmmen d'Investissementer an den Ausbau vum ëffentlechen Transport, der Pünktlechkeet, der Sécherheet an dem Confort op engem héijen Niveau wëllen ze halen, mee Zuch, Bus an Tram och komplett gratis ze maachen, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat an deem Fall mat de Ticketskontroller geschéie wäert. Doriwwer eraus wollt hie wëssen, wéi eng Mesure geholl wäerte ginn, fir d'Sécherheet an de Respekt virum Material ze garantéieren.

News Carole Hartmann

Eis jéngsten DP-Deputéiert, Carole Hartmann: Bei eis doheem ass ëmmer iwwer Politik geschwat ginn!

4 Froen un d'Carole Hartmann vun Iechternach. Si ass di éischt Deputéiert zanter laangem aus der Abteistad.

News Eugène Berger

Eugène Berger: E Programm fir méi Gerechtegkeet a mat Äntwerten op d’Alldagssuerge vun de Leit

A senger Interventioun iwwer d’Regierungserklärung ass den DP-Fraktiounschef Eugène Berger op d’Gerechtegkeet vun dësem Programm agaangen. „Well Gerechtegkeet ass dat, wat eng Gesellschaft, wat eis alleguerten hei am Land zesummenhält. A Gerechtegkeet heescht och, datt jiddereen hei am Land déi selwecht Chancë muss hunn, fir ze reusséieren“, esou den Eugène Berger. Kee sollt um Rand vun der Gesellschaft stoegelooss ginn, ma jidderee sollt déi bescht Méiglechkeete kréien, fir sech eng Zukunft opzebauen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Froen zum neie Guide fir eng intelligent Beliichtung

Nodeems den neie Guide "Gutes Licht im Außenraum" fir d'Ëffentlechkeet iwwert de Sujet vun der Liichtverschmotzung ze sensibiliséieren viru sechs Méint presentéiert ginn ass, an d'Regierung sech an hirem Koalitiounsaccord op en neits fir d'Bekämpfe vun der Liichtverschmotzung ausgeschwat huet, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi déi éischt Reaktiounen op dëse Guide waren a wéi een Impakt e bis lo um Terrain hat.

News Xavier Bettel

Regierungserklärung vum Xavier Bettel: „E staarkt Stéck Eisen aus engem Goss!“

De Premier Xavier Bettel huet de Mëtteg an der Chamber de Regierungsprogramm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 presentéiert. En Dokument, dat déi richteg Akzenter fir d’Erausfuerderunge vun haut a vu muer setze géing.

News

D'DP-Fraktioun ass komplett!

Haut de Mëtteg goufen um Krautmaart déi lescht vun de 60 Deputéiert vereedegt, esou datt d’Plenière elo komplett ass. Fir d’DP waren dat de Guy Arendt, de Frank Colabianchi, d’Joëlle Elvinger, den Eugène Berger, de Gusty Graas, de Fernand Etgen an d’Carole Hartmann.

News Verfassung, Institutionen und Demokratie

E President an der Mëtt vun der Gesellschaft!

De Fernand Etgen ass haut als éischte liberale Chamberpresident vun der DP nom Zweete Weltkrich gewielt ginn.

News Claude Meisch Corinne Cahen Lex Delles Xavier Bettel Marc Hansen Pierre Gramegna

Comité Directeur: D'DP seet JO zum Koalitiounsaccord!

De Comité Directeur huet eestëmmeg gréng Luucht fir de Koalitiounsaccord vun der DP, Déi Gréng a vun der LSAP ginn.

News Gilles Baum Eugène Berger

Fraktiounschef vun der DP: Den Eugène Berger an duerno de Gilles Baum

Déi nei DP-Fraktioun huet haut hire President gewielt. Et gouf eestëmmeg decidéiert, datt den Eugène Berger wärend den zwee éischte Joer vun der Legislaturperiod Fraktiounschef bleift. Duerno iwwerhëlt de Gilles Baum d'Spëtzt vum Groupe parlementaire vun der DP.

Parlamentarische Fragen Kultur Tourismus André Bauler

Wat geschitt mat den ale Schiferbréch zu Uewermaarteleng a Rombech?

Viru ronn 15 Joer huet de Staat déi al Schiferbréch zu Uewermaarteleng a Rombech kaf, fir se op engem kulturellen an historesche Plang ze revaloriséieren, a fir den Tourismus méi attraktiv ze maachen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Konzept fir d'Revitaliséierung vum Site ausgesäit a wéi eng Aarbechten an deem Kader gemaach musse ginn.

News Corinne Cahen Xavier Bettel

Vill DP am Koalitiounsaccord

Kontinuitéit – Moderniséierung - Zukunftschancen

D’DP begréisst de gudden a konstruktive Geescht, an deem d’DP, Déi Gréng an d’LSAP déi lescht Wochen um Koalitiounsofkommes geschafft hunn.

D’DP ënnersträicht, datt dësen Accord am Aklang mat all den Iddien ass, déi hir besonnesch wichteg sinn an déi an hirem Walprogramm stoungen.

D’DP steet voll a ganz hannert dësem Koalitiounsaccord, deen d’Land a seng Leit an den nächste Jore weider no vir bréngt an hiert Liewe verbessere wäert.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wéi steet et ëm d'Drénkwaasserreserven no der laanger Dréchent dëst Joer?

Vu dass net nëmmen dëse Summer vill méi dréche war ewéi aner Joren, mee et och den Hierscht bis ewell net genuch gereent huet, besteet d'Gefor, dass d'Drénkwaasserreserven sech net genuch iwwert de Wanter kënnen erhuelen, wouduerch et nächste Summer zu Versuergungsschwieregkeete komme kéint. Aus deem Grond huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi d'Reserven an der leschte Méint evoluéiert hunn, a wat d'Ministesch ënnerhuele wëll, wann déi aktuell Dréchent nach weider unhält.