05/07/2019
Parlamentarische Fragen
Gesundheit und Pflege
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Gusty Graas
Eechepressessiounsraupe schéngen all Joer méi dacks zu Lëtzebuerg opzedauchen. Si sinn eng Gefor, well d’Sekreter vun hiren Hoer d‘Haut vun de Mënsche staark verbrennen. Dofir ginn elo Géigemesure geholl, an zwar prinzipiell op deene Plazen, wou de Raup riskéiert, fir de Leit geféierlech ze ginn. Zu Guénange an der Lorraine huet d’Gemeng den „Institut de Recherche Agronomique“ (INRA) em Hëllef gefrot. Deem seng Experten hu mat enger Drone déi riskant Plaze mat engem Biocide gesprayt, ouni dass d’Ëmwelt dobäi zu Schued koum ass. An deem Kontext huet eisen Deputéierte Gusty Graas der Ëmweltministesch an dem Gesondheetsminister e puer Froe gestallt.