26/09/2019
Parlamentarische Fragen
Klimaschutz und Energie
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Max Hahn
Well d'Uschafe vun engem Elektroauto zum Deel mat Niewekäschte verbonnen ass, wéi z.B. d'Installéiere vun enger Borne doheem fir den Auto opzelueden, huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot, ob et net geplangt wier, fir de Leit an där Hisiicht ënnert d'Äerm ze gräifen an op déi Manéier d'Elektromobilitéit nach méi attraktiv ze maachen. Dat selwecht gëllt och fir Solarzellen: Hei wollt de Max Hahn wëssen, ob an Zukunft Installatioune fir déi produzéiert Energie ze stockéieren, eventuell vum Ministère subventionéiert ginn.