Sie sind hier

Etat de la Nation: Virreiderroll am Klimaschutz an net op der Brems stoen

News Xavier Bettel

De Premier huet direkt virop bemierkt, datt d’Regierung den Optrag hätt, dofir ze suergen, datt d’Liewen zu Lëtzebuerg och an Zukunft muss liewenswäert sinn. An duerzou géing och den Erhalt vun der Ëmwelt zielen: „De Klimawiessel ass de Sujet, deen d’Mënsche beweegt. E beweegt d’Leit queesch duerch d’Welt“, esou de Regierungschef, „a wa sech näischt ännert, dann huet dat dramatesch Auswierkunge fir eis a fir déi Generatioun, déi no eis kënnt“.

D’Regierung wier decidéiert, fir déi Ziler z’erreechen, déi een sech ginn hätt: – D’Reduktioun vun den Zäregasemissioune vu minus 50-55% bis 2030, am Verglach mat 2005. – Den Undeel un erneierbaren Energie soll déi nächst 10 Joer op 23-25% klammen. – Bis 2050 soll en neutralen Ausstouss u Kuelendioxid erreecht ginn, esou wéi et am Accord vu Paräis steet.

Op dem Wee dohinner géingen d’Solarenergie an d’Fotovoltaik grouss Wuesstemspotentialer bidden, well „déi bescht Energie ass déi, déi mer guer net musse produzéieren“, huet de Xavier Bettel ënnerstrach.

Och den Ausbau vun den Infrastrukture vu Bus, Bunn, Tram an de gratis ëffentlechen Transport wiere weider Elementer am Puzzle, fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren.

Allerdéngs huet de Premier dorobber higewisen, datt net Lëtzebuerg an och net Europa dee Laascht kéinten eleng stäipen: „Et geet net ouni China, et geet net ouni d’USA, net ouni Indien an et geet och net ouni déi Länner, déi am Gaang sinn, hir Wirtschaft z’entwéckelen“.

De Klimawiessel wier och eng sozial Fro, déi iwwert den ekologeschen Aspekt erausgéing. Déi sozial Kohäsioun zu Lëtzebuerg a soss enzwousch géing sech an Zukunft och an zemol an der Fro vum Klima stellen. Net ze vergiessen, den Afloss op d’wirtschaftlech Entwécklung. Ma Wuesstem stéing net am Widdersproch zu ambitiéise Klimaziler. Am Géigendeel: „D’Geschicht léiert eis, dass Verbesserungen ëmmer och duerch Innovatioun, duerch Weiderentwécklung, duerch Technologie an och duerch eng industriell Entwécklung komm sinn“.

D’Regierung an hir Koalitioun géingen op alle Fall un engem exhaustive Klimaschutzgesetz schaffen, esou de Premier Xavier Bettel: „Mir hu bewisen, datt mir zu deene Länner gehéieren, déi Virreider sinn an net op der Brems stinn, wann et dorëms geet all Effort ze maachen, deen néideg ass, fir och deenen, déi no eis kommen, eng liewenswäert Zukunft ze bidden“. 

 


Xavier Bettel