03/09/2019
Parlamentarische Fragen
Mobilität und Verkehr
Max Hahn
Gusty Graas
Well d'Vëlosfuerer zu de schwächste Glidder am Stroosseverkéier gehéieren, huet déi Europäesch Kommissioun decidéiert, dass ab 2024 all neie Camion a Bus mat engem sougenannten "Abbiegeassistent" muss equipéiert sinn, fir d'Verkéierssécherheet z'erhéijen. Eisen däitschen Noperen dauert dat ze laang, dowéinst hu si elo scho Mesure geholl, fir Gefierer mat dësen Assistenten z'equipéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister nogefrot, wéi seng Positioun zu där Thematik ass, an ob hien och wëlls huet, méi séier wéi den europäesche Legislateur ze handelen.