19/11/2019
News
Mittelstand
Tiere
Lex Delles
Gusty Graas
An der Chamber ass haut eng Motioun virgestallt a gestëmmt ginn, déi d’Regierung opfuerdert sech op europäeschen Niveau fir en europawäit Pelzverbuet anzesetzen. Domadder gi mir méi wäit wéi d’Piratepartei, déi just e Pelzverbuet zu Lëtzebuerg gefuerdert huet. D’DP wëll och dorobber hiweisen, datt e nationaalt Pelzverbuet géint d’Reegele vum europäesche Bannemaart verstéisst, also net realisabel ass. Wéinst dësen EU-Reglementatioune sinn och schonn änlech Initiativen an England an an der Slowakei gescheitert. Déi eenzeg méiglech Léisung ass also en EU-wäit Verbuet vum Pelzverkaf. An dofir setzt d’DP sech an.