Sie sind hier

Leeft knaschtegt Waasser iwwer d'Reewaasserkanalisatioun an d'Natur?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

D'Reewaasserkanalisatioun an de Stroosse gëtt net méi un d'Kläranlag ugeschloss, mee d'Waasser gëtt direkt an d'Natur lafe gelooss. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob si kee Risiko gesäit, dass op deem Wee knaschtegt Waasser, wéi Seefewaasser oder Faarfreschter, an der Ëmwelt lande kéinten.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden:

„Déi aktuell Reglementatioun gesäit vir, dass bei neie PAPen d’Kanalisatioun, déi de Reen vun der Strooss evakuéiert, net un eng Kläranlag ugeschloss dierf sinn, mee direkt an d’Natur, z.B. an e Waasserlaf, goe muss.

Och wann et grondsätzlech verbueden ass, knaschtegt Waasser an déi ëffentlech Reewaasserkanalisatioun ze schëdden, kann net ausgeschloss ginn, dass ënnert anerem Seefewaasser fir den Auto ze wäschen oder Faarfreschter op deem Wee an d’Ëmwelt kënnt. Donieft stellen och nach d‘Salz vum Streedéngscht am Wanter oder d’Ofnotzunge vun Autospneuen (Reifenabrieb) eng däitlech Verknaschtungsgefor duer, déi ongefiltert an d’Natur lafen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi gesäit d’Madamm Ministesch d’Gefor, dass trotz dem uewegenannte Verbuet awer knaschtegt Waasser op dësem Wee an d’Ëmwelt kënnt?
  • Ginn et Kontrolle vun der Waasserqualitéit vun Uewerflächewaasser wat iwwer eng Kanalisatioun oder direkt an d'Natur leeft? Wa jo, wéi dack ginn déi am Duerchschnëtt duerchgefouert? Wéi gesäit déi duerchschnëttlech Waasserbelaaschtung aus? Wéi eng Mesure gi geholl am Fall, wou d’Waasserbelaaschtung ze héich ass?
  • Wëssend, dass d‘Ofnotzunge vun Autospneuen (Reifenabrieb) eng ganz grouss Quell vu Mikroplastik an der Natur ass, wéi eng Mesurë gedenkt d’Madamm Ministesch ze huelen, fir dëse Problem an Zukunft besser an de Grëff ze kréien?“

 

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN an Gusty GRAAS
Deputéiert

Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung op d’parlamentaresch Fro n°1519 vum 22. November 2019 vun den honorabelen Deputéierten Här Max Hahn an Här Gusty Graas

Wéi gesait d’Madamm Ministesch d'Gefor, dass trotz dem uewegenannte Verbuet awer knaschtegt Waasser op dësem Wee an d’Ëmwelt kënnt?

Fir d’Gefor vu enger Verschmotzung ze reduzéieren ass et an éischter Linn wichteg d’Léit ze sensibiliséieren fir op verschidde geféierlech Substanzen ze verzichten. Am ernimmte Fall ass et ganz wichteg dass Gemengen hier Awunner informéieren wann si an engem Baugebitt wunnen wou en Trennsystem besteet. Ouni des Informatioun kënnen Bierger hier Gewunnechten der Situatioun net upassen fir eben di Verschmotzungen ze vermeiden.

Ginn et Kontrolle vun der Waasserqualitéit vun Uewerflächewaasser wat iwwer eng Kanalisatioun oder direkt an d‘Natur leeft? Wa jo, wéi dack ginn déi am Duerchschnëtt duerchgefouert? Wéi gesäit déi duerchschnëttlech Waasserbelaaschtung aus? Wéi eng Mesure gi geholl am Fall, wou d‘Waasserbelaaschtung ze héich ass?

Et gi keng reegelméisseg Kontrolle gemaach iwwert d’Qualitéit vun Uewerflächewaasser wat iwwer eng Reenwaasserkanalisatioun an d‘Natur leeft. Kontrolle fanne statt wann Pollutioune festgestallt oder gemellt goufen. Et wier dowéinst wëssenschaftlech net korrekt aus dëse Fäll Duerchschnëttskonzentratiounen fir de Normalfall ze berechnen. Étuden aus dem Ausland beweisen awer dass Stroossenofwaasser net onbedenklech ka sinn an op verschidde Plazen Mesure musse geholl ginn. Di effektiivst Mesure ass natierlech d’Verhënneren vum Antrag vu Verschmotzungen an d’Waasser (Salz, Seef a.s.w.). Eng weider effikass Moossnam ass d’Ofleede vum Reewaasser duerch bewuesse Grief an oppe Reewaasserrétentiounsbecken (am beschten mat Dauerastau an Tauchwänn) oder iwwer Retentiounsfilterbecken. Duerch dës Mesuren ginn Pneuenofriff, Bremsstepps, Uelegspueren a.s.w. zum groussen Deel zréck gehalen.

Des Mesuren ginn deelweis an der Planung vu PAP an Stroosseprojeten am Kader vun der Waasserrechtlecher Autorisatioun gefuerdert. Et muss een awer bedenken dass fir Pneuenofriff a.s.w. de Geforepotential bei Autobunnen an Landstroossen méi héich ass wei an engem Wunngebitt an dofir Mesuren och anescht ëmgesat ginn.  An Zukunft mussen des Mesuren och méi effektiv, zilféierend an flächendeckend ëmgesat ginn.
Ausser der Vermeidung oder Alternativen, kritt een d’Problematik vum Stréisalz am Wanter duerch keng baulech Mesuren ënner Kontroll.

Wëssend, dass d'Ofnotzunge vun Autospneuen (Reifenabrieb) eng ganz grouss Quell vu Mikroplastik an der Natur ass, wéi eng Mesurë gedenkt d'Madamm Ministesch ze huelen, fir dëse Problem an Zukunft besser an de Grëff ze kréien?

Wei uewendriwwer beschriwwen sinn de Bau vu Rétentiounsbecken mat Dauerastau, d’Ofleeden vum Reenwaasser iwwer bewuesse Grief oder Retentiounsfilterbecken, Mesuren déi bei all grousse Stroosseprojekter elo schonn ageplangt ginn. Duerch dei Budemretentiounsfilter, an deenen mikrobiologesch Prozesser stattfannen gëtt schonns en Deel vun den Schuedstoffer oofgebaut an deen aaneren Deel gëtt dann zeréck gehalen an duerno mam Schlamm speziell entsuergt. Des Mesuren kennen sech och positiv op Mikroplastik auswierken och wann se net direkt dofir konzipéiert goufen.

 

 


Max Hahn

Gusty Graas