01/06/2017
News
Verfassung, Institutionen und Demokratie
Simone Beissel
An der Chamber gouf dës Woch eng éischte Kéier iwwert eng Verfassungsännerung ofgestëmmt, déi den Ausnamezoustand och während enger nationaler Kris erméiglecht. D’Ausruffe vum Ausnamezoustand war bis elo just während internationale Krise méiglech. Dës Ännerung ass noutwenneg, fir datt d’Regierung séier kann Mesuren huelen, fir d’Bierger zu Lëtzebuerg ze schützen, zum Beispill no engem Terrorattentat, erkläert d’Simone Beissel, Spriecherin zu Verfassungsfroen.