Sie sind hier

Plastik aus eisem Alldag ze verdrängen

News Tribune libre Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Léif Nolauschterer,

Iwwerall déi nämmlecht Biller: Egal ob op der Télé/um Fernseh, an den Zeitungen, um Internet oder an de Soziale Medien.

Biller vun Déieren, déi um Dreck vun eiser Gesellschaft futti gaange sinn.

Dir wësst vu wat ech schwätzen.

Vu risege Walen, déi op d’Plage geschwemmt ginn. De Mo voll mat Plastik, deen se am Mier gefriess hunn. Ma och vu Fësch oder Vullen, déi erdrénken, well se sech a groussen Netzer verstréckt hunn, déi an den Ozeaner dreiwen.

Biller, déi jiddereen traureg maachen.

Sollen se och! Well a leschter Instanz si mir schold dorunner. Déi 7,7 Milliarde Mënschen op dëser Welt. Mat hire Fligerreesen, mat hiren Autoen, mat hirer Wegwerf-Gesellschaft. Mir vergewaltegen d’Äerd all Dag mat eisem Liewensstyl, fir deen och eis Kanner a Kandskanner eemol musse riicht stoen. Analysen hunn antëscht erginn, dass Mikroplastik net nëmmen am Waasser an an eise Liewensmëttel ass, ma Spueren dovunner och an eisem Blutt.

Et gëtt wuel vill Beräicher, an deene Konscht-Stoffer nach net kënnen ersat ginn. Z.B. an der Industrie oder an der Medezin. Ma mir kéinten haut schonn e groussen Deel vun deem Plastik, dee fir esou vill Misär suergt, evitéieren. Ouni grouss Ustrengen.

Zanter Ufank dës Joer dierf e groussen Deel vun de Plastikstuten zu Lëtzebuerg neméi fir näischt verdeelt ginn. De Präis vun deenen anere Tuten ass an d’Luucht gaangen. A Frankräich ass dat scho méi laang de Fall. Lëtzebuerg wëll mat der Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv no an no op dee nämmlechte Wee goen. Bis 2024 soll de Verbrauch vun elo 140 Tuten op de Kapp an d’Joer bei eis em 100 Tuten reduzéiert ginn.

Fir responsabel Politiker gëtt et keng Alternativ um Wee, fir de Plastik no an no aus eisem Alldag ze verdrängen. Dofir steet am Regierungsprogramm, dass Offäll sollen als Ressource betruecht ginn a gréisstendeels recycléiert ginn. Dee gläichen Accord gesäit och vir, dass Wegwerf-Artikele mëttelfristeg ersat oder verbuede ginn.

Dat betrëfft an enger éischter Phase déi Millioune Stréihällem, Geschir-Setten oder Plastiksbecheren, déi all Joer – meeschtens ongetrennt – an d’Dreckskëschte fléien. Muss dat wierklech sinn? Ech mengen Neen.

D’DP wäert sech op alle Fall fir d’Ëmsetzung vun esou Moossnamen, déi relativ liicht ëmzesetze sinn, staark maachen. Dat si mer eiser Natur an eis selwer schëlleg!

 


Max Hahn

AnhangGröße
Audio Icon 20190114_tl_mhahn.mp33.77 MB