Sie sind hier
De Gusty Graas an der Chamber: D’DP steet zu engem staarken a gëeenten Europa
![](https://archive.dp.lu/sites/default/files/styles/articlebreakpoints_theme_bootstrap_screen-xs-max_1x/public/field/image/20190314_ggraas_aussepolitik.jpg?itok=lGEsePzJ×tamp=1552578091)
De Gusty Graas an der Chamber: D’DP steet zu engem staarken a gëeenten Europa.
An der Chamber huet den Deputéierte Gusty Graas am Numm vun der DP zur aussepolitescher Deklaratioun vum Ausseminister geschwat.
- D’DP steet op der Säit vun de Progressisten, also vun deene Leit, déi weiderhin op e staarkt a gëeenten Europa setzen.
- Et gëllt grad elo fir Courage ze weisen a sech fir Europa anzesetzen.
- D’EU steet den Ament op engem wackelege Fundament. Dofir mussen all Hiewel a Beweegung gesat ginn, fir datt dat Haus net an de Koup fält.
- D’Politik muss kloer Äntwerte ginn, wat d’Zukunft vun Europa ugeet, fir datt d’Vertrauen an d’EU net ofhëlt.
- D’Zesummenaarbecht tëscht de BENELUX-Länner ass intensiv. Lëtzebuerg presentéiert sech weider als verlässleche Partner vum BENELUX.
- Wann et beim Brexit zu engem NO DEAL kënnt, da wier dat méi wéi schued, ma da musse béid Parteien domadder liewen.
- D’DP ass der Meenung, datt et den Ament net zu enger EU-Erweiderung soll kommen.