Sie sind hier
Méi Locataire kënne vum Wunngeld profitéieren
![](https://archive.dp.lu/sites/default/files/styles/articlebreakpoints_theme_bootstrap_screen-xs-max_1x/public/field/image/location.jpg?itok=x6f4NWBZ×tamp=1505918520)
Zanter Akraafttriede vum Wunngeld hu bis den 1. Juli ronn 2.000 Leit vun der sougenannter „subvention loyer“ profitéiert andeems si an der Moyenne 126 Euro u staatlecher Bedeelegung fir hire Loyer kruten. De Logementsminister Marc Hansen huet ugekënnegt, datt hien dës Zuel weider no uewe schrauwe wëll, well d’Wunndeierecht och an der Locatioun nach ëmmer e grousse Problem zu Lëtzebuerg ass.
Dofir huet hien e Gesetzesentworf ausgeschafft deen un 4 Stellschrauwen dréine wäert fir datt nach méi Leit vum Wunngeld profitéiere kënnen:
- De Loyer muss just nach minimum 25% (am Plaz 33%) vum verfügbare Revenu ausmaachen
- Sozialtransfere ginn net méi zum Revenu derbäi gerechent
- Et muss ee just nach 3 Méint (am Plaz vu 6 Méint) Revenu noweise kënnen
- De Seuil vum Revenu gëtt eropgesat: en Haushalt vun enger Persoun mat manner ewéi 2.500 € an Haushalt ab 2 Persoune mat 2.500 € multiplizéiert mat dem „nombre d’unités de consommation“ kënnen an Zukunft vum Wunngeld profitéieren
„Dës Mesurë suergen derfir, datt an Zukunft ronn 35.000 Persounen d’Wunngeld ufroe kënnen. Dat mëscht ronn 65% vum private Locatiounsmarché aus“, esou de Max Hahn, President vun der Logementskommissioun.