Sie sind hier
#Budget2019lu an der Chamber : Sozial Kohäsioun, Gerechtegkeet, Kompetitivitéit an Nohaltegkeet.
En Dënschdeg huet de Budgets- a Finanzminister Pierre Gramegna de #Budget2019lu presentéiert. Den DP-Deputéierten a President vun der Finanzkommissioun vun der Chamber, André Bauler, ass dëtt Joer Budgetsrapporter.
Hei e puer vun den wichtegsten Aussoen vum Pierre Gramegna :
- Dëse Budget ass d'Visittekaart vu eisem Land an d'Spigelbild vun där Politik, déi d'Regierung déi nächst 5 Joer maache wëll.
- 2018 wäert Lëtzebuerg an der Administration centrale fir d’éischt zanter 10 Joer eng schwaarz Null schreiwen.
- Den AAA gouf an de leschte Méint vun allen Agence confirméiert. Dat ass eng zolidd Basis, fir déi nächst 5 Joer dorobber opzebauen.
- Wéi de Regierungsprogramm, steet och de Budget 2019 ënnert dem Zeeche vun der sozialer Kohäsioun an der Gerechtegkeet, vun der Kompetitivitéit a vun der Nohaltegkeet.
- D'Regierung wäert de super-reduzéierten TVA-Taux vun 3% op all den digitale Publikatiounen aféieren.
- Bei de Staatsdepense ginn 13% an d'Investissementer, déi dëtt Joer fir d'éischte kéier op iwwer 2,5 Milliarden Euro klammen. Dat si 15% méi wéi d'lescht Joer. Bis 2021 wäerten d’Investissementer bei iwwer 3 Milliarde leien.
- Et wier och en equilibréierte Budget méiglech gewiescht. D'Regierung huet awer de Choix gemaach, sech u virsiichteg Projektioune bei de Recetten ze halen, d'Investissementer héich ze halen an och weider Verbesserungen am soziale Beräich ze maachen.
- Dëse Budget stellt d’Weiche richteg fir déi nächst 5 Joer.
„Dëst ass virun allem ee sozial gerechte Budget, mat ville familljepoliteschen Akzenter an der Hausse vum Mindestloun. Ronn 50% ginn a Sozialleeschtungen investéiert. Mat dësem Budget wäert et och den nächste Generatioune gutt goen.“
Eugène Berger, DP-Fraktiounspresident