Sie sind hier
Neie Konzessiounsvertrag mat RTL

D’Regierung huet wëlles e neie Konzessiounsvertrag iwwert 3 Joer mat CLT-UFA an dem RTL Groupe ze ënnerschreiwen, dee garantéiert, datt bis 2023 RTL Telé Lëtzebuerg an hirem Programm en ëffentlech-rechtlechen Optrag berécksiichtegt. Als Géigeleeschtung iwwerhëlt de Staat en Deel vum Defizit, deen duerch dësen Optrag ufält, dëst bis zu engem Plafong vun 10 Milliounen Euro.
„Et war der Regierung ganz wichteg, dass eng Tëleeschaîne, déi en ëffentlech-rechtlechen Optrag kritt, den héchste Standarde vu Qualitéitsjournalismus gerecht gëtt“, esou de Medieminister Xavier Bettel an der Chamber, deen drop hiweist, datt de Gebrauch vun ëffentleche Gelder am Kader vun deem neie Vertrag genau ënnert d’Lupp geholl gëtt mat Hëllef vun engem externen Audit.
Den André Bauler, Spriecher fir d’DP an der Chamber zu dësem Sujet huet eng Motioun eragereecht, déi der Regierung d’Ënnerstëtzung vun der Chamber zougeséchert. Dës Motioun ass dann och vun enger breeder Majoritéit an der Chamber gestëmmt ginn.
Deklaratioun vum Premier Xavier Bettel
Ried vum André Bauler