Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere Gusty Graas

Sichhënn fir dout Wëllschwäin och zu Lëtzebuerg?

D’Saarland ass genau wéi Lëtzebuerg nach net vun der afrikanescher Schwéngspescht betraff. Trotzdeem bereeden si sech op de Fall fir falls dëse Viraus an hire Bëscher ausbrécht. Dofir hu si speziell Sichhënn ausgebilt déi doudeg Wëllschwäi séier kënne fannen. Falls de Virus nämlech ausbrécht, ass et enorm wichteg, déi krank Wëllschwäi séier ze fannen an ewechzebrénge fir datt se keen anere kënnen ustiechen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei de zoustännege Ministeren nogefrot, ob Lëtzebuerg och plangt esou Hënn auszebilden oder ob d’Hënn aus dem Saarland och zu Lëtzebuerg kéinten an den Asaz kommen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Carole Hartmann

Wéi gesäit et mat der Cybersécherheet an de Spideeler aus?

Am Hibléck op eng gréisser Bedeitung vu perséinlechen Donnéeën an enger progressiver Digitalisatioun, gëtt et och fir Spideeler a fir privat Praxen ëmmer méi wichteg d'Daten vun hire Patienten ze schützen.

An dësem Kontext, haten d'DP-Deputéiert Carole Hartmann an de Gilles Baum ë puer Froen un déi zoustänneg Ministeren.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum

Wat huet den AOP - Qualitéitslabel de lëtzebuerger Wäiner bruecht?

2014 gouf den AOP - Qualitéitslabel fir d'lëtzebuerger Wäiner agefouert. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet beim Wäibauminister no wat dës Ëmstellung fir d'Produktioun, de Verkaf zu Lëtzebuerg an den Export vun eise Wäiner bedeit.

News Landesplanung und Wohnen Loris Meyer André Bauler

Dezentral planen und handeln

Die personelle Verstärkung der öffentlichen Verwaltung im Nordbezirk ist unabdinglich und würde der ganzen Region nutzen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Firwat ass de Nationale Kriibsplang 2019-2023 nach net implementéiert ginn?

De Nationale Kriibsplang fir den Zäitraum 2019-2023 ass ausgeschafft, mee bis haut ass en nach net implementéiert ginn. Den DP-Deputéiert Gusty Graas huet beim Gesondheetsminister eng Erklärung gefrot.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Waasserschutzzonen um Stauséi: Feeler an der Methodologie?

D'Landwirtschaftskummer huet sech an engem rezenten Avis zu de Waasserschutzzonen ëm de Stauséi d'Fro gestallt, ob de Projet de Règlement Grand-Ducal op verlässlechen Donnéeë baséiert. Effektiv hätt si eng Rei Inkoherenze festgestallt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas wëll dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, wat hir Reaktioun op dësen Avis ass, an ob si eventuell gedenkt, den RGD unzepassen?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Wou ass de Remboursement vum NIFTY-Test drun?

De NIFTY-Test erlaabt et wärend der Schwangerschaft de Risiko vun enger Trisomie anzeschätzen. 2016 gouf een Aarbeschtsgrupp domadder beoptragt Critèren fir ee Remboursement festzeleeën. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas haten an dësem Kontext e puer Froen un déi zoustänneg Ministeren.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Leeft knaschtegt Waasser iwwer d'Reewaasserkanalisatioun an d'Natur?

D'Reewaasserkanalisatioun an de Stroosse gëtt net méi un d'Kläranlag ugeschloss, mee d'Waasser gëtt direkt an d'Natur lafe gelooss. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob si kee Risiko gesäit, dass op deem Wee knaschtegt Waasser, wéi Seefewaasser oder Faarfreschter, an der Ëmwelt lande kéinten.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

UV-Luucht amplaz Chemikalien bei der Waasserbehandlung?

Am Ausland ginn et scho Projete bei deenen ultraviolett Luucht geholl gëtt, fir d'Waasser a Kläranlagen oder an Anlage fir Drénkwaasser propper ze maachen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dës Technologie och zu Lëtzebuerg benotzt gëtt, a wann net, ob et virgesi wier, se als nohalteg Alternativ zu Chemikalien ze fërderen.

News Justiz und Sicherheit Max Hahn

Sécherheet doheem!

Eisen Deputéierte Max Hahn huet en Dënschdeg an der Chamber den Accord vun der DP fir dat neit Gesetz iwwert d’Feiermelder ginn – e Gesetz, dat Liewe rette kann!

News Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Für gut ausgebildete und motivierte Staatsbeamte

Die DP hat in ihrem Wahlprogramm 2018 festgehalten, dass die Praktikumszeit für angehende Beamte von drei auf zwei Jahre reduziert werden sollte und das verkürzte Praktikum in Zukunft für eine persönliche, auf den Kandidaten abgestimmte, Ausbildung genutzt werden soll. Dabei sollen die in der Grundausbildung bereits erworbenen Kompetenzen stärker berücksichtigt werden.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Kann de Streedéngscht am Norden garantéiert ginn?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass Ponts et Chaussées am Clierfer Kanton aktuell ënnert akutem Personal- a Materialmangel leiden, soudass et net méiglech wier, de Streedéngscht op alle Plaze kënnen ze garantéieren. An enger drénglecher parlamentarescher Fro huet sech den André Bauler un den zoustännege Minister adresséiert, fir gewuer ze ginn, ob dat sou ass a wa jo, wat den Här Minister gedenkt z'ënnerhuelen.

News Mittelstand Tiere Lex Delles Gusty Graas

D’DP ass fir en europawäit Pelzverbuet

An der Chamber ass haut eng Motioun virgestallt a gestëmmt ginn, déi d’Regierung opfuerdert sech op europäeschen Niveau fir en europawäit Pelzverbuet anzesetzen. Domadder gi mir méi wäit wéi d’Piratepartei, déi just e Pelzverbuet zu Lëtzebuerg gefuerdert huet. D’DP wëll och dorobber hiweisen, datt e nationaalt Pelzverbuet géint d’Reegele vum europäesche Bannemaart verstéisst, also net realisabel ass. Wéinst dësen EU-Reglementatioune sinn och schonn änlech Initiativen an England an an der Slowakei gescheitert. Déi eenzeg méiglech Léisung ass also en EU-wäit Verbuet vum Pelzverkaf. An dofir setzt d’DP sech an.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Nei Kontrollstatiounen am Norde vum Land?

Viru bësse méi wéi engem Joer war bekannt ginn, dass d'SNCT hir Kontrollstatioun vu Wëlwerwolz fir Enn 2019 op Maarnech verleeë géif. Gläichzäiteg hat den zoustännege Minister ugekënnegt, dass méiglecherweis nei Kontrollstatiounen um Fridhaff an zu Jonglënster géifen entstoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wou dës jeeweileg Projeten dru sinn. Donieft wollt hien och wëssen, ob keng Kontrollstatioun am Réidener Kanton geplangt wier.

News Tribune libre Mobilität und Verkehr Patrick Goldschmidt

De Kader vun der Stad un hir dynamesch Entwécklung upassen

A senger Tribune Libre um Radio ass de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt dës Woch op déi ablécklech Infrastruktur- a Moderniséierungsaarbechten agaangen, déi dofir suerge wäerten, datt d'Bild vun der Stad geschwë wäert e ganz anert sinn.